Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Dizzy - Open Up Wide

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Reform vum Congé parental: Eng Fro vun Zäit a Geld

Familljepolitik

Reform vum Congé parental: Eng Fro vun Zäit a Geld

D'nächst Woch gëtt an der Chamber d'Reform vum Congé parental gestëmmt, déi den 1. Dezember dëst Joer a Kraaft trëtt. Méi Flexibilitéit, méi Suen: D'Regierung versprécht vill Verbesserunge fir Elteren a Kanner. Kritiker stellen dat allerdéngs a Fro.

auto_stories

7 min

Eltere solle motivéiert ginn, méi bei de Kanner ze sinn. Foto: Bigstock

De Patrick Thommes ass zanter dem 1. Januar dëst Joer am Congé parental: Hallefzäit, nom ale System. Säi Jong, de Leo, ass elo gutt annerhalleft Joer al. De jonke Papp erzielt, him wier et dorëm gaangen, fir och kënnen Zäit mat sengem Klenge kënnen ze verbréngen. No der Gebuert wier et an éischter Linn d'Mamm, déi beim Kand wier. "Meng Fra huet och de Congé parental geholl. Du war ech frou fir dat selwecht kënnen ze maachen", esou de Patrick Thommes. Duerch de Congé kéint hien Zäit mat sengem Bouf verbréngen an eng Bezéiung mat him opbauen.

Den Ament kritt de Patrick Thommes eng Indemnitéit vu gutt 880 Euro de Mount. Hie seet, d'Sue wieren an der Koppel en Thema gewiescht, ier hien de Congé parental agereecht hätt. "Mir hunn am Virfeld gerechent, ob mir eis de Congé leeschte kënnen."

Ännerungen a punkto Indemnitéit a Flexibilitéit

An engem Sondage, deen TNS-Ilres virun der Reform fir de Familljeministère gemaach huet, hu bal d'Hallschent vun de Befroten uginn, si hätten de Congé parental net geholl, well si sech et net hätte leeschte kënnen. Déi maximal Indemnitéit vun 1778 Euro de Mount géif net duergoen. 33 Prozent hu sech eng méi flexibel Elterenzäit gewënscht

Béid Punkte solle mat der Reform verbessert ginn, ugefaange mat der finanzieller Entlaaschtung. Op mannst 1900 a maximal 3200 Euro Brutto Ersatz-Revenu pro Mount stinn engem Elterendeel zou, dee Vollzäit schafft a Vollzäit Congé parental hëlt. Leit déi ënner 3200 Euro verdéngen, kréien hire gewinnter Salaire weider. Déi, déi driwwer leien, kréie maximal 3200 Euro. Allerdéngs ginn dovun nach Steieren, a sozial Kotisatiounen of.

Wat déi nei Zäiten ubelaangt, esou kéint ee véier oder sechs Méint laang de ganze Congé huelen, erkläert de Rapporter vum Projet, de Gilles Baum. Donieft wier et méiglech, aacht- oder zwielef Méint laang hallwe Congé ze huelen, esou den DP-Deputéierten. "An da gëtt et de fractionéierte Congé, deen et erlaabt, während 20 Méint, véier Méint au Choix eraus ze huelen." Dofir bräicht een den Accord vum Patron. Et géif awer och nach d'Méiglechkeet ginn, 20 Prozent Congé ze huelen: Während 20 Méint kéint een een dann een Dag an der Woch doheem bleiwen.

Problemer bei der Ëmsetzung?

De Patrick Thommes, deen de Moment am Congé parental nom ale System ass, gesäit am Projet Verbesserungen, virun allem am Beräich vun der Indemnitéit. "Wann ee méi Sue kritt, mécht dat d'Entscheedung ee Stéck méi einfach." Och d'Flexibilitéit wier am Prinzip eng gutt Saach. De Jonke Papp gëtt awer ze bedenken, datt - wann d'Eltere méi Flexibel géife ginn - och zum Beispill d'Crèchen et misste ginn.

Déi méi grouss Flexibilitéit a virun allem dee fractionéierte Congé parental wiere fir d'Employeuren eng Erausfuerderung, seet d'Bénédicte Schmeer. Der Juristin bei der Chambre de commerce no wieren eng Partie Employéen net esou einfach z'ersetzen, virun allem wa si nëmmen een Dag d'Woch géife feelen. "Do muss ee sech iwwerleeën, wéi d'Aarbecht ëmverdeelt gëtt." Et wier net am Sënn vun der Saach, datt déi aner Employéen da méi Aarbecht hätten.Eng Persoun déi sechs Méint oder véier Méint fort wier, kéint duerch ee CDD oder Interimskontrakt ersat ginn, mengt d'Benedicte Schmeer. Dat géif och am ale System esou goen. Bei engem, deen de Congé méi fractionéiert géif huelen, géif dat méi schwiereg ginn.

Kritesch Stëmmen

D'CSV-Deputéiert Françoise Hetto mengt dogéint, datt d'Employeuren déi nei Méiglechkeet vu véier Méint Congé dierfte gutt oder ze vill gutt fannen. Och well si all eenzel Formule fir d'éischt missten accordéieren. Et misst een oppassen, datt déi véier Méint net géife geholl ginn, fir Drock op den Employé ze maachen.

D'CSV ass souwuel beim Facteur Zäit wéi beim Facteur Geld kritesch. D'Fraktioun hat fënnef Amendementer ausgeschafft. Ënnert anerem hat d'Oppositiounspartei nach méi Flexibilitéit proposéiert. Si hätten der Françoise Hetto no virgeschloen, datt d'Leit hire Congé esou kéinten huelen, wéi si wéilten. "Ënnert der Konditioun, datt hinnen déi ganz Zäit zousteet." Mam neie Gesetz wier et nämlech esou, datt, wann ee sech géif fir de flexibiliséierte Congé vun 80 Prozent géif entscheeden, "da gëtt een ëm zéng Méint bestrëppt", esou déi Deputéiert.

Effektiv kënnt een Employé beim fractonnéierte Congé net op am Ganze sechs Méint, mee just op Véier. Dat kritiséiert zum Beispill och d'Initiativ Liewensufank. D'Regierung argumentéiert, dat wier esou mat de Sozialpartner ausgehandelt.

"Zwou Zorten Elteren"

Méi Sue fir d'Zäit am Congé parental géif et och net fir jidderee ginn, huet d'Salariatskummer an hirem Avis ausgerechent. D'Juristin Martine Mirkes betount, d'Elteren, déi de Mindestloun géife verdéngen an déi, déi Hallefdaags géife schaffen, géifen am neie System manner Sue kréien. Awer net nëmme si. "Et wäert all déi Leit concernéieren, déi bis zu Maximum 21 Euro pro Stonn verdéngen." Datt si am Congé parental manner géife kréien, géif doru leien, datt si eng Continuatioun vun hirem Salaire kréichen.

Um Site zukunftskeess.lu ass iwwregens een Outil ze fannen, dee berechent wien wéi vill am Congé parental verdéngt. Ouni allerdéngs den Impakt vun de Steiere mat anzebezéien, deen och an der Fiche financière vum Gesetz net zur Sprooch kënnt. De Rapporter vum Gesetz, Gilles Baum, seet dozou just, datt de Montant och da géif iwwer deem leien, wat aktuell bezuelt géif ginn, wann ee Krankekeess a Steiere géif ofzéien.

D'CSV kritiséiert, datt den Ersatzrevenu d'Eltere manner gläich géif behandelen, wéi déi aktuell Indeminitéit, déi fir jiddereen déi selwecht wier. Hei géifen zwou Zorten Eltere geschaaft ginn: Déi mat klenge Paien an déi mat grousse Paien.

Dofir hat d'CSV och weider eng Indemnitéit an der Héicht vum onqualifizéierte Mindestloun - also ronn 1.900 Euro - virgeschloen. D'CSV-Deputéiert François Hetto gëtt awer zou, datt déi Propose net iwwerall gutt ukomm wier. Si wier geschockt gewiescht, datt verschidde Leit argumentéiert hätten, si géifen mam neie System zum Beispill 3.200 Euro géifen eraus kréien a misste schliisslech hire Prêt ofbezuelen. Déi 3.200 Euro wieren der Françoise Hetto no falsch calculéiert: Vun deene Sue géif jo nach een Deel ofgoen. "A wéi mengen déi Leit mat den décke Paien, wéi déi Leit, déi ëmmer nëmmen de Salaire social minimum kréien, iwwer d'Ronne kommen?"

Käschten net kloer

D'Ministesch Corinne Cahen huet Mëtt September virun der Press gesot, si wier op dee Wee gaangen, fir datt och déi Leit, déi méi géife verdéngen, kéinte méi Zäit mat hire Kanner verbréngen. Virun allem d'Pappe sollen iwwer dee Wee motivéiert ginn, méi bei hire Kanner ze sinn.

Wat d'Reform vum Congé parental kascht ass iwwerdeems nach schwéier ze soen. D'Regierung gesäit an hire Previsioune Méikäschte vu ronn 17 Milliounen Euro fir 2017 vir. Dat eleng duerch deen neien Ersatzrevenu - a virausgesat d'Hallschent vun den Elteren huele véier Méint Vollzäit respektiv aacht Méint Hallefzäit Congé parental. D'CSV an och d'Chambre de commerce kritiséieren dës Zeenarioen als ze vill onkloer.