Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Blue Hawaii - L.O.V.E.

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Froe goufen hannert zouenen Dieren zesummegebastelt..."

Referendum

"D'Froe goufen hannert zouenen Dieren zesummegebastelt..."

De Lars Schmitz an de Luca Andreolli vum Kënschtlerkollektiv Richtung22 weise sech enttäuscht vum Verlaf vun der Referendumscampagne. Richtung22 huet d’Debatt mat engem Film a mat der Facebook-Säit “Villverspriechend Volléksvirbereedung” satiresch begleed.

auto_stories

1 min

De Lars Schmitz huet d’Approche vun der blo-rout-grénger Koalitioun als eng Provokatioun bezeechent. D’Regierung hätt eleng décidéiert, wéi eng Froen am Referendum gestallt ginn, a sech dann erwaart, datt d’Zivilgesellschaft d’Campagne iwwerhëlt. Déi dräi Froe wieren hannert zouenen Dieren "zesummegebastelt ginn", sou de Luca Andreolli. Schonn eleng d’Formulatioun vun de Froen, hätt derzou gefouert, dass d’Land extrem gespléckt war. Amplaz vum Choix tëscht "Jo" a "Neen" hätt ee verschidde Virschléi kënnen zur Wahl stellen, fir d’Problemer wéi zum Beispill den Demokratiedefizit ze léisen.