D’Strategie vu geziilten Attacken duerch terroristesch Kommandoen huet d’Organisatioun “Islamesche Staat” bäibehalen. Mee dëst Joer waren et virun allem Eenzeltäter, déi sech hiert eegent liewen an nach villen aneren hiert geholl hunn. Knapp ee Joer no den Attentater op Charlie Hebdo an engem jüddesche Supermarché, a kuerz nom Massaker am Bataclan an anere Plazen zu Paräis huet sech am Januar 2016 ee Kamikaze-Attentäter am historeschen Zentrum vun Istanbul an d’Luucht gesprengt. Zwielef Leit si gestuerwen.
Den 22. Mäerz hunn islamistesch Terroristen zwou Bommen um Bréisseler Fluchhafen an nach eng am Metro explodéiere gelooss. 31 Mënsche koumen ëm d’Liewen, 260 goufen der blesséiert. Déi terroristesch Attacken zu Bréissel wiere feig, sot de Belsche Kinnek Philippe an enger kuerzer Usproch. Hien huet d’Natioun dozou opgeruff, op d’Bedreeung mat Determinatioun, Rou an Dignitéit z'äntweren.
Istanbul, Nice, Däitschland
Mëtt des Joers si 44 Leit bei enger Attack um Fluchhafe vun Istanbul gestuerwen, méi wei 230 sinn der hei blesséiert ginn. De 14. Juli um franséischen Nationalfeierdag war Europa openeits am Viséier vun Terroristen. Zu Nice zitt en islamisteschen Attentäter mat engem Camion eng Bluttspur op der Promenade des anglais. 86 Mënsche stierwen, 200 ginn der blesséiert. “Et ass schwéier fir Wierder ze fannen”, sou eng éischt Reaktioun vum Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel.
Eng Woch drop steet Däitschland am Mëttelpunkt. Dat direkt op verschiddene Plazen. Am Juli sprengt sech e Syrer an der Entrée vun engem Museksfestival an d’Luucht. Zu Würzburg geet en Afghan mat Aaxt a Messer an engem Regionalzuch op d’Passagéier lass. A kuerz viru Chrëschtdag rennt zu Berlin e Camion an e Chrëschtmaart. Déi däitsch Kanzlerin Angela Merkel sot deemools: “Ech weess, datt et besonnesch schwéier z’erdroe wier, wann se géif confirméieren, datt e Mënsch déi Dot begaangen hätt, deen an Däitschland ëm Schutz an Asyl gefrot huet.”
Rietsnationaliste gestäerkt
Duerch déi terroristesch Attacken ännert dat politesch Klima an Europa. Angscht a Frustratioun loosse rietsnational Parteien opbléien. An Däitschland feiert d’AFD elektoral Succèsen, a Frankräich de Front national, an an Éisträich huet de Kandidat vun der FPÖ, Norbert Hofer, d’Presidentewahlen nëmme knapp verluer. Am Dezember warnt de Jean Asselborn virun der Gefor vum Populismus. “Et muss een Europa-kritesch sinn, selbstverständlech. Mee awer wat d’Wäerter ugeet, däerf een net sou Leit, déi riets-extrem, um populistesche Bord sinn, d’Feld iwwerloossen.”
Och d’Populatioun mécht sech Gedanken. Schonn am Ufank vum Joer waren d’Attentater en Thema op der Vakanze-Foire an der Luxexpo. De Choix vun de Destinatiounen huet sech fir verschidde Leit geännert. Tierkei, Egypten, Tunesien… géifen se bis op Weideres vermeiden, sote verschidde Visiteuren.
Definitioun vum Ausnamezoustand zu Lëtzebuerg erweidert
D’Sécherheetsmesurë waren 2016 dann och en Thema an der Lëtzebuerger Politik. An der Suite vun den Attentater a Frankräich hat déi blo-rout-gréng Koalitioun am Januar proposéiert, fir den Ausnamezoustand an der Verfassung op national Krisen z’erweideren. Bis dohi konnt den “état d’urgence” nëmmen am Fall vun internationale Krisen ausgeruff ginn. Trotz der Skepsis, dorënner vum Staatsrot, ass d’Regierung och am September nach vun der Iddi iwwerzeegt. De LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry, Rapporter vun dëser Verfassungsännerung sot: “Bis elo hu mer vum ‘ordre public’ geschwat, ass awer méi e vaste Begrëff ewéi ‘sécurité publique’”. Deen zweete Begrëff wier méi restriktiv. Déi terroristesch Menace kéint hei als ‘atteinte grave à la sécurité publique’ spillen, mee et misst schonn eppes geschitt sinn. “Wann dann nach e weidere ‘péril’ besteet, da kann een op deen Artikel zeréckgräifen”, sou den Alex Bodry.
No den Attacken zu Berlin dëse Mount hunn déi Lëtzebuerger Autoritéiten decidéiert, den Niveau d'alerte 2 am nationale Sécherheetsplang "Vigilnat" bäizebehalen. Wéi bis dohin soll den Asaz vun der Police kënne punktuell verstäerkt ginn, op sensibele Plazen, wou sech vill Leit ophalen. Virun der Press huet déi Stater Buergermeeschterin erkläert, datt Betonsbléck géifen opgestallt ginn fir eventuell Gefierer ze stoppen, déi mat Vitesse kéinte Leit um Chrëschtmaart iwwerrennen. “Eng doutsécher Garantie, déi gëtt et néierens”, sot déi Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer.