De Passage iwwer d'Steier-Rulinge krute just e puer Leit ze liesen, dorënner de Jean-Claude Juncker, well de Jeannot Krecké dësen op eegen Initiative aus der publizéierter Versioun erausgeholl huet. Dat fir international Kritik ze verhënneren. Allgemeng misst ee bei Steierreforme kucken ob een dat erreecht huet wat ee wollt. Wann een de viregte Regierungen ee Virworf kéint maachen, dann deen dass se net genuch gekuckt hunn, wat bei hieren Steierreformen eraus koum, esou de Jeannot Krecké.
De Reportage vum Gil Goebbels: