Konsumenteschutz Problemer an der Vakanz? – "Ëmmer reklaméieren"

D’Vakanzenzäit soll am Prinzip eng vun dee schéinsten Zäiten am Joer sinn. Mee wat ass, wann eppes net klappt an den Hotel net esou gutt ass wéi et am Katalog stoung? Da ka beim Konsumenteschutz d’CLLV hëllefen, déi Lëtzebuerger Kommissioun fir Sträitfall an der Vakanz. 

Christian Welter / ckl

Casually dressed young stylish female traveller checking a departures board at the airport terminal hall in front of check in couters. Flight schedule display blured in the background. Focus on woman.
Pauschalreesen: “Et ass wichteg, datt een de Kontrakt gutt liest, deen een ënnerschreift"

D’CLLV ass e Mediateur vum Konsumenteschutz, dee versicht e Sträit tëscht engem Voyageur an enger Reesagence am Gudden ze léisen. Pro Joer ginn tëscht 20 an 30 Dossieren traitéiert. Bei deene meeschte Litigë geet et em d’Prestatioun vum Hotel.

“Jidderee ka vun deem Service profitéieren, och déi Leit déi net Member vum Konsumenteschutz sinn. Dëse Mediateur ass awer just fir déi Litigen zoustänneg déi ënner de Code de la consommatioun falen. Pauschalreese falen do drënner, dat heescht am Prinzip ass dat de Fluch an den Hotel. Online e Vol buchen, fält awer net méi an d’Kompetenze vun der CLLV”, erkläert den CLLV-Sekretär Giovanni D'Aria.

Den Giovanni D’Aria gëtt zou, datt munnechmol d’Voyageuren iwwerdreiwen an ze vill froen. Do wier et d’Roll vun der CLLV fir als neutralen Acteur de Leit ze erklären wat de richtegen Dédommagement ass.

Preventioun ass wichteg

Iert een an d’Vakanz geet, kann ee scho verschidde Problemer verhënneren. “Et ass wichteg, datt een de Kontrakt gutt liest, deen een ënnerschreift. Dernieft soll een och eng assurance-annulation maachen, well een ni wéisst wat geschitt. Hei misst een awer oppassen: déi spillt just wann ee wierklech krank gëtt. D’Assurance spréngt awer net an, wann een ouni Grond seng Rees annuléiert", seet den Giovanni D'Aria.

Deemno wou ee flitt, wier et och wichteg virdru bei den Dokter ze goe fir déi richteg Medikamenter matzehuelen. Wat d’Volen ugeet, applizéiert sech dat europäescht Recht fir d’Fluchpassagéier.

Reklaméiere wann Hotel knaschteg ass

Bei Problemer an engem Hotel gëtt et ëmmer all Fall eenzel gekuckt. D’CLLV kuckt wat zum Beispill déi siwen Nuechte kascht hunn a wat de Problem war. A Funktioun dovun gëtt dat gekuckt wat d‘Entschiedegung kéint sinn, déi gefrot gëtt.

Wann elo den Hotel knaschteg an d‘Personal onfrëndlech ass, kann de Client verschidde Saache maachen. “Et soll een direkt beim Hotelier reklaméieren an och beim Vertrieder vum Tour-Operateur am Hotel" sou den CLLV-Sekretär. Wichteg wiere Bewäiser. Dowéinst soll een direkt e "rapport d’irrégularités" ënnerschreiwen. Et soll een och onbedéngt Fotoen oder Videoen maache wann d‘Buedzëmmer oder d’Schlofkummer knaschteg sinn. An anere Wieder: et soll een esou vill Bewäiser wéi nëmme méiglech sammelen.

De Giovanni D’Aria vum Konsumenteschutz seet generell, datt et een "ëmmer" soll reklaméiere wann an der Vakanz Problemer opdauchen. Virun allem wann et em d’Hygiène am Hotel geet.

AUDIO: De ganzen Interview vum Christian Welter

 

Programm

Net verpassen

  • Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?

    Riicht eraus

    Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen