Radioen

On air

Notturno  |  Sparklehorse - Gold Day

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nach eng Rei Joren Drock an Urgencen

Prisong

Nach eng Rei Joren Drock an Urgencen

Bis de Prisong fir Untersuchungshäftlingen 2022 opgeet, bleift Schraasseg iwwerbeluecht, seet de Félix Braz. A soulaang géif d'Plaz feelen, fir Tensiounen besser an de Grëff ze kréien. Datt Mannerjäreger net méi op Schraasseg kommen, hält de grénge Justizminister eréischt fir méiglech, wann nieft der Sécherheetsunitéit zu Dräibuer eng weider Struktur fir Jonker geschafe gëtt.

auto_stories

4 min

An de leschte Méint goufen et am Prisong zwee Incidenten, wou Prisonéier rebelléiert hunn a wou d'Police huet missen intervenéieren. D'Situatioun am Prisong zu Schraasseg wier net sou dramatesch, datt ee vun engem stännege Risiko vun Emeutë kéint schwätzen, seet de Justizminister.

Datt déi intern Moyene vum Prisong net duer gaange sinn, fir d'Situatioun an de Grëff ze kréien, wier den Normalfall. "Dat ass d'Konzept. Et ass keen Héichsécherheets-Prisong."

Keng Alternativ bis 2022

Trotzdem streit de Félix Braz net of, datt de Prisong scho laang iwwerfëllt ass. "Déi richteg ideal Situatioun kréie mer eréischt, wann den Uerschterhaff a Betrib geholl gëtt." De Prisong zu Schraasseg ass gebaut fir 600 Leit an déi Capacitéit géif voll ausgenotzt ginn. Woubäi een awer mat 520 Prisonéier am Fong schonn iwwerbeluecht wier, well dann eng ganz Rei Saachen net méi méiglech sinn. Zum Beispill fir verschidde Prisonéier vunenaner ze trennen a jidderee richteg z'encadréieren.

Bis déi ronn 300 Untersuchungshäftlingen, déi am Schnëtt zu Schraasseg sinn, 2022 am neie Prisong um Uerschterhaff kënnen ënnerbruecht ginn, wier een deemno an enger "permanenter Gestioun vun héijem Drock a mat Momenter vun enger Urgence".

Fir d'Tensiounen am Prisong besser ze geréieren, bräicht ee Raimlechkeeten, "déi mer net hunn." An dorunner scheitert zënter Jore ganz Villes. Et wier bedauerlech, datt et sou laang gedauert huet, bis d'Decisioun fir en zweet Gebai konnt geholl ginn.

Plang fir nei Rekrutementer

"Ech si ganz mam Här Koepp d'accord", äntwert de Félix Braz op rezent Fuerderunge vun der Associatioun vun de Gardienen am Schraasseger Prisong. Effektiv misst ee scho fréi ufänke mam Rekrutement a mat der Formatioun vun den neie Gardiene fir de Prisong zu Suessem.

De Justizministère schafft un engem pluriannuelle Plang fir de Rekrutement vun de ronn 300 zousätzleche Leit. Detailer konnt de Félix Braz dozou awer nach net nennen. Et géif een och préiwen, ob déi praktesch Formatioun zu engem Deel och a Prisongen an der Groussregioun kéint organiséiert ginn.

Audit beim SCAS

De Minister huet een Audit beim Service central d’assistance sociale (SCAS) an Optrag ginn. Et soll gekläert ginn, ob de Service seng aktuell an zoukënfteg Aufgabe kann erfëllen. Am Kader vun der Reform vun der Strof-Exekutioun kéint et sinn, datt de SCAS misst nei opgestallt ginn a méi Moyene misst kréien. Wéi vill méi Personal néideg ass, konnt de Félix Braz elo nach net soen.

De Prisongsdirekter Michel Lucius hat am 100,7-Interview gesot, et géif grav Problemer bei den Effektiver vum SCAS ginn.

Mannerjäreger nach ëmmer zu Schraasseg

Och wann d'Sécherheetsunitéit fir Jonker zu Dräibuer opgeet, kann et nach ëmmer sinn, datt Mannerjäreger an de Prisong op Schraasseg kommen, esou de Félix Braz. Hie proposéiert eng zousätzlech Struktur fir Jonker tëscht 16 an 21 Joer: Dat heescht, engersäits fir Mannerjäreger, déi zu Dräibuer eng Gefor fir déi aner kéinte sinn. An anerersäits fir jonk Erwuessener, déi een nach net op Schraasseg wéilt schécken.

Wann een esou eng nei Struktur géif opmaachen, ass de Minister averstanen, datt Schraasseg fir Mineuren Tabu ass. Bis dës Struktur Realitéit kéint ginn, géif et awer nach eng Rei Joren daueren. Och, well et an der Regierung dozou nach kee politesche Beschloss géif ginn.

Aktuell si véier Mannerjäreger zu Schraasseg. Déi consultativ Mënscherechtskommissioun grad wéi den Direkter vum Prisong zu Schraasseg kritiséieren dat.

Staatsrot: Genuch Transparenz?

Zur Polemik ëm ee méiglechen Interessekonflikt beim Avis vum Staatsrot zur Steierreform wollt de Félix Braz sech op Nofro hin net äusseren. "An deem heite präzise Fall ass et och net un der Regierung, fir sech anzemëschen an d'Interna vum Staatsrot."

An hirem Wahlprogramm hunn déi gréng gefuerdert, datt d'Aarbecht vum Staatsrot méi transparent gëtt. Zum Beispill, datt d'Berodungen an der Plenière sollten ëffentlech sinn. An der geplangter Reform vum Staatsrot ass dat net virgesinn. Och d'Nimm vun de Rapportere solle geheim bleiwen. Et géif een elo dat ëmsetzen, wat am Koalitiounsaccord steet, seet dozou de Félix Braz. "Ech mengen, datt de Gesetzprojet ee gudden Text ass, deen och ee Fortschrëtt par rapport zu haut duerstellt."

Burka-Debatt an der Koalitioun: Dementi

Zejoert huet déi blo-rout-gréng Koalitioun iwwert ee Gesetz fir de Verbuet vun der Ganzkierper-Vermummung, a méi konkret vun der Burka, diskutéiert. D'LSAP hat ee Virstouss annoncéiert. Dozou ass et net komm. Eisen Informatiounen no huet de Félix Braz an enger Reunioun gedreet, d'Koalitioun op ze kënnegen, wann d'Iddi vun esou engem Gesetz net fale gelooss gëtt. Dat stëmmt net, seet de Justizminister.

Dës Regierung wier, grad wéi d'CSV-LSAP-Koalitioun virdrun, der Meenung, datt d'Reglementer op kommunalem Niveau "d'Situatioun ofdecken". Et géif awer gepréift ginn, ob déi legal Basis vun de kommunale Reglementer zolidd genuch ass. Dorunner géifen et nämlech berechtegt Zweiwel ginn.