Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Prinzipiellen Accord

Verfassungsreform

Prinzipiellen Accord

D'CSV ass bereet, enger Ännerung vum Artikel 32 zouzestëmmen. Dat fir e Blockage beim Legiferéieren ze verhënneren. Et géing een awer fir d’éischt déi genee d’Propose vun der Regierung ofwaarden.

auto_stories

1 min

Bannent engem Joer – nach virum Referendum iwwert d’Verfassungsreform - kéint den Artikel 32 vun der Verfassung geännert ginn. Deen Artikel leet fest, wéi wäit d’Pouvoire vun der Regierung reeche, wat d’Ausféierungsbestëmmunge vu Gesetzer betrëfft. Der aktueller Interpretatioun no féiert dat dozou, datt grouss Gesetzprojete – besonnesch an der Educatioun - net kënnen ëmgesat ginn.

Op Nofro hi sot eis de CSV-Fraktiounschef Claude Wiseler, seng Partei wär prinzipiell disposéiert fir de betreffenden Artikel ze änneren, fir e Blockage beim Legiferéieren ze verhënneren. Et géing een awer d’éischt déi genee d’Propose vun der Regierung ofwaarden. Dem LSAP-Fraktiounschef a President vun der Chamberkommissioun Institutiounen a Verfassungsrevisioun Alex Bodry no, kéint den Artikel 32 scho bannent engem Joer geännert sinn.

De Bäitrag vum Mick Entringer: