Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Cassandra Jenkins - Only One

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Populismus am Dialog bekämpfen

Colette Flesch

Populismus am Dialog bekämpfen

D'Zouhuele vu Populismus an de läschte Joeren mécht der liberaler Politikerin Colette Flesch grouss Suergen. Fir de Phänomen ze bekämpfen, dierf een awer net "mond-dout" maachen. Déi féier Ministesch mengt, den Deal tëscht der EU an der Tierkei géing d'Flüchtlingskris net léisen. Am Kampf géint den Terrorismus misst et en Equiliber ginn tëscht Fräiheet a Sécherheet.

auto_stories

7 min

"Iwwerall wou mer hikucken, ginn et just Kricher, Revolutiounen, Massakeren, Ënnerdréckung an terroristesch Akten", sot d'Colette Flesch 1982 als deemoleg Ausseministesch. Der liberaler Politikerin no, wier d'Situatioun haut leider nach méi schlëmm wéi deemools.

Populismus

De Succès vu riets-populistesche Parteien, wéi de Front National a Frankräich oder d'AfD an Däitschland, maachen der liberaler Politikerin grouss Suergen. Grad ewéi d'Entwécklungen an ëstlechen EU-Memberstaten. Deenen Tendenzen dierft een net noginn, sou d'Colette Flesch: "Den zweete Weltkrich ass och komm, well een net fréi genuch gesot huet 'lo muss een eppes ënnerhuelen.'"

D'Colette Flesch erënnert un d'Zäit an de 60er Joeren, wéi et eng rietsradikal Partei zu Lëtzebuerg gouf. Deemools wieren déi traditionell Parteie sech Eens gewiescht, datt de Versuch der Partei de Krich ze maachen oder se "mond-dout" ze maachen, géing schif goen. Amplaz wier een den Dialog siche gaang, "deen heiansdo ganz schwiereg ze féiere war". Mee dat hätt zum Erfolleg gefouert. D'Colette Flesch huet awer agesinn, datt et an engem méi klenge Land méiglecherweis méi einfach wier dat z'erreechen.

Migratioun: EU-Tierkei Deal net d'Léisung

D'Colette Flesch freet sech, ob den Accord mat der Tierkei an Aklang ass mat den Obligatiounen aus verschiddene Mënscherechtskonventiounen. Déi fréier Ministesch mengt net, datt ee mat deem Accord d'Flüchtlingskris géing léisen.

Den Accord géing och "sécher net" d'politesch Landschaft an der EU representéieren. Eng Kapitulatioun wier den Accord awer net, well een an der Europäescher Unioun ebe mat Kompromësser misst schaffen. "Ech hunn ëmmer un Europa gegleeft an ech gleewe weider un Europa", sou d'Colette Flesch. Si géing hoffen, datt d'Memberstaten, déi hir Grenzen zougemaach hunn, zur Besënnung kommen a mat drun deelhuelen fir Léisungen ze fannen, déi wierklech eppes bréngen.

Bis den 31. Mäerz war d'Colette Flesch iwwregens Presidentin vum Office Social vun der Stad Lëtzebuerg. Bis elo géingen d'staatlech Servicer wéi den OLAI (Office luxembourgeois de l'accueil et de l'intégration) sech ëm d'Flüchtlingen zu Lëtzebuerg këmmeren, mee d'Office Sociauxen wiere sech alleguer bewosst, datt elo och eppes op se duer kéim. D'Colette Flesch rechent och mat Problemer, well et manner Gemeinsamkeete mat de Flüchtlingen géinge ginn, déi elo hei an d'Land kommen, wéi dat mat Flüchtlingen an der Vergaangenheet de Fall war. "Dat geet un mam Sprooche-Problem. Et geet un mat der Astellung zum Liewen."

Terrorismus: Fräiheete garantéieren

Am Zesummenhang mat der terroristescher Gefor ginn et schonn vill Mesuren. D'Colette Flesch ass averstan, datt iert nei Mesuren decidéiert ginn, déi di existéieren besser sollen applizéiert ginn. Trotzdem ass déi fréier Justizministerin och averstan, mam Aschreiwe vum Ausnamezoustand an d'Verfassung, sou wéi d'Chamber dat Wëlles huet. D'Konditioun misst awer sinn, datt déi richteg Garantien "abetonéiert" sinn, sou datt ee net kéint iwwert dee Wee d'individuell Fräiheete vum Eenzelnen a Fro stellen.

"Et kann een awer net soen, mir verschléissen eis total där Diskussioun, mir wëlle guer näischt domadder ze dinn hunn, et geet eis hei nach gutt, mir brauchen eis net ze këmmeren. Sou einfach ass dat net", esou d'Konklusioun vum Colette Flesch.​

Regierunge rappen an der zweeter Hallschent un

Kritik un der aktueller Regierung gouf et vu Säite vun der fréierer DP-Ministesch keng. D'Colette Flesch huet d'Aarbecht vun der blo-rout-grénger Koalitioun gelueft an als Beispiller déi nei Conventioune mat de Glawensgemeinschaften, eng "gerecht Steierreform" an den neie Gesetzprojet iwwert d'Nationalitéit genannt. D'Colette Flesch huet un déi blo-rout Regierung (Thorn-Vouel-Berg) vu 1974-79 erënnert a geméngt, dës Regierung misst elo och an der zweeter Hallschent, no engem "examen de conscience" en neien Elan huelen fir un nei Problemer erunzegoen.

Op Nofro hinn huet d'Colette Flesch gemengt, si géing et gär gesinn, datt de Xavier Bettel 2018 nach emol Premier gëtt. Zur Diskussioun iwwer den nächste Spëtzekandidat vun der CSV huet d'Colette Flesch, déi zu Zäite vu Werner, Santer a Juncker an der Politik aktiv war, geäntwert: "Ech ka mer virstellen, datt den Här Wiseler, deen elo Fraktiounschef ass, deen dofir gesuergt huet, datt d'CSV déi Politik gemaach huet..., dass deen zu Recht ka soen: 'Ech hunn d'Aarbecht gemaach. Et ass elo u mir!'"