Politesch Bildung Politesch bilden, Demokratie stäerken?

Ass politesch Bildung hautdesdaags néideg? Dat war d’Fro viru Kuerzem op enger Table Ronde op Invitatioun vun der Initiativ Freed um Liesen. Mat der Konklusioun, datt déi Fro an Zäite vu méi grousse populisteschen an nationalisteschen Tendenze méi wichteg gëtt.

Pit Walté / po

Jugendparlament an der Chamber
Initiativen, wéi d'Jugendparlament wieren ideal fir de Jonken de Funktionnement vun enger Demokratie méi no ze bréngen (© Jugendparlament)

Grad no de Presidentschaftswahlen an den USA, wou et méi ëm Skandaler wéi ëm Inhalter goung, ass d’Fro vun der politescher Bildung aktuell. Jugendlecher kéinten eng falsch Léier doraus zeien. Nämlech, datt een och ouni Récksiicht a Respekt zu sengem politeschen Zil komme kéint.

Dat wier awer de falsche Wee, an dat mussen déi Jonk, och duerch perséinlech Erfahrungen, léieren, mengt den Nico Meisch, President vun der Fondatioun Zentrum fir politesch Bildung. Dobäi wier et och wichteg de Jonken bäi ze bréngen, wat zu enger Sträitkultur gehéiert. A wéi eng Forme vun der Ausenanersetzung eben net méi akzeptabel wieren.

Zentrum fir politesch Bildung: Keng Noutfallzentral

Den Zentrum fir politesch Bildung huet viru Kuerzem ugefaange mat schaffen: D’Institutioun soll Formatiounen organiséieren, Material fir Enseignante liwweren oder och Offeren, déi et scho gëtt, koordinéieren. Wéi genau, ass awer nach net ganz kloer. D’Fro déi dem Helmut Willems vun der Uni Lëtzebuerg no muss gekläert ginn, ass wat genau an dësem Zentrum soll vermëttelt ginn. Politesch Bildung wier éischter eppes, wou ee sech mat normative Virgaben zréck hält. Dat géif dann effektiv heeschen, datt ee just Informatiounen zur Verfügung stellt. Alles anescht wier Demokratiepädagogik.

Den Zentrum misst sech eng Richtung ginn fir seng eegen Identitéit ze fannen.. Fir d’Michèle Schilt, Mataarbechterin am Zentrum fir politesch Bildung, ass dat awer net de wichtegste Punkt. Natierlech missten d'Begrëffer kloer sinn, wann d'Konzept vum Zentrum bis steet. Demokratiepädagogik a politesch Bildung wieren allebéid néideg.

Eng Noutfallzentral fir géint Populismus an Nationalismus virzegoen, soll den Zentrum awer net sinn. Éischter misst een et als Netzwierk verstoen, dat déi bestoend Institutiounen a Leit verbënnt, déi schonn an deem Beräich schaffen.

Dofir soll de Zentrum den Enseignanten och Material zur Verfügung stellen, mat dem se an de Schoule schaffe kennen. Allerdéngs wär den Zentrum dobäi op Mataarbecht ugewisen, seet de Marc Bodson, Primärschoul-Inspekter. Éier een iwwer differenzéiert Material schwätzt, sollt een net aus den Ae verléieren, datt d'Enseignantë selwer eng wichteg Roll spillen. "Et kann net sinn, datt ech während enger ganzer Woch ee Regime féieren, dee schwéier z'erdroen ass als Schüler. An da maache mer freides mëttes vun hallwer véier bis véier e Klasseparlament." Nëmme wann och vun der Säit Ënnerstëtzung kennt, an d’Enseignantë matzéien, kéint och wierklech eng gutt Aarbecht geleescht ginn.

Foto (v.l.n.r.): Marc Schoentgen, Pia Oppel, Marc Bodson, Helmut Willems, Michèle Schilt, Nico Meisch, Robert Garcia. (© Freed um Liesen)

Onpolitesch Jugendlecher?

Mee wëllen d’Jugendlecher iwwerhaapt mat politescher Bildung konfrontéiert ginn, gëtt hinnen dach haut oft reprochéiert, datt se onpolitesch sinn? En Viruerteel, dat net stemmt, seet d’Michèle Schilt. Wann ee gären hätt, datt Jonker sech bewegen, da misst ee se och ëm hir Meenung froen an hinnen d'Geleeënheet ginn, sech z'engagéieren. "Firwat brenns Du, wourop bass Du houfreg? Ech mengen, dat sinn d'Saachen déi net dacks genuch gefrot ginn. An da gëtt einfach gesot. Oh, d'Jugend."

Politesch Bildung kann awer nëmmen da funktionéieren, wann een et packt, souwuel Praxis, wéi och Theorie mateneen ze verbannen, mengt den Helmut Willems. Natierlech géif politesch Bildung net funktionéieren, "ouni Theorie, ouni Kenntnisser vun Zesummenhäng, ouni Informatioun, ouni Analys vu gesellschaftlechen a politeschen Zesummenhäng". Mee Praxis a Partcipatioun vun der Zivilgesellschaft wier grad sou wichteg.

Egal wéi muss déi politesch Bildung ëmmer op déi perséinlech Situatioun vun de Jonken agoen. Doriwwer war ee sech op der Konferenz am Cercle Cité eens. Well déi perséinlech Situatioun an Erfahrungen an dem Punkt e groussen Afloss hätten.


An der Mediathéik:

Dossier vum Dag / / Pit Walté
Lauschteren

Méi zum Thema

Zentrum fir politesch Bildung
Formatioun

D’Demokratie stäerken an dem Populismus entgéint wierken. Dat sinn der Regierung no d’Aufgaben vun deem neien Zentrum fir politesch Bildung. Dee soll ënnert anerem Enseignante sensibiliséieren.

politik.jpg
Politesch Bildung

Enn 2016 Joer gëtt den Zentrum fir politesch Bildung operationell. Hei solle virun allem Jonker dat néidegt Handwierksgeschir kréien, fir hinnen ee globalen Iwwerbléck iwwert hir Rechter z'erméiglechen.

Programm

  • The Benny Brown Show

  • On air

    Notturno

  • Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

Net verpassen

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen