D‘Enquêteuren däerfen Trojaner aschleise fir u wichteg Informatiounen am Computer ze kommen. De Sven Clement gesäit kee plausibele Grond, firwat eng liberal Partei wéi d’DP oder progressiv Parteie wéi déi Gréng an d’LSAP fir méi Iwwerwaachungsmesurë sinn. Et géif hei em Moossname goen, déi am Ausland scho laang kritiséiert géife ginn an hir Efficacitéit net bewisen hätten.
Fir de President vun der Piratepartei mécht d’Ophiewe vun der Privatsphär dowéinst kee Sënnt. Trotz der Vorratsdatespäicherung an den Hiwaiser vun auslännesche Geheimdéngschter wieren d’Uschléi vu Paräis net verhënnert ginn. De Sven Clement ass och net averstan mat der Fuerderung vum EU-Kommissär Öttinger, dee méi Mëttele fir d’Geheimdéngschter fuerdert. “Si brauchen net méi Moyenen, mee méi Fokus. Amplaz nach méi Donnéeën ze sammelen, hätte si besser, si géifen d’Zeitunge vun den Terroriste léisen, wou Attentater ugekënnegt ginn."
Anonym Prepaid-Kaarten ofschafe keng gutt Iddi
An Zukunft ginn och anonym Prepaid-Kaarte fir ze telefonéiere verbueden. “Déi Mesure mécht vläit un der Uewerfläch Sënn, mee wann een am Detail driwwer nodenkt, mierkt ee séier, datt se net efficace ass." De Problem mat esou Kaarte wier ni gewiescht datt een net wousst wien et wär. Wann ee seng Recherche propper géif maachen, géif een erausfanne wien de Proprietaire vu der Nummer wär. "De Problem war éischtewr, datt ee méi Aarbecht hätt missen investéiere fir den Eegentümer eraus ze fannen.”
De Sven Clement bedauert donieft dat deene Jonken en Outil méi schwéier zougänglech géif gemaach ginn, dee fir si dacks den éischten Zougang zur Kommunikatioun wier.
De Sven Clement am Gespréich mam Christian Welter (29. Oktober 2015):