Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Zeeche stinn op Konfrontatioun

Weltklimasommet

D'Zeeche stinn op Konfrontatioun

Déi éischt Verhandlungswoch vum Weltklimasommet geet op en Enn. D'100,7-Journalistin Pia Oppel erkläert am Gespréich, wat bis ewell zu Paräis geschitt ass. Den Zwëschebilan ass manner positiv wéi erhofft.

auto_stories

7 min

Zum Historique vun de Verhandlungen: D’Kader-Konventioun vun de Vereenten Natiounen iwwer de Klima ass vun 1992. Do steet schonn dran, datt d’Weltgemeinschaft eppes wëll géint d’Äerderwäermung maachen. D’Fro ass, wéi dat genau soll goen. Wie wéi een Effort muss maachen. An déi Fro konnt bis haut net zefriddestellend beäntwert ginn.

Elo sinn d’Hoffnunge grouss, dass Paräis d’Léisung bréngt. Dat hunn och d’Staats- a Regierungs-Cheffen e Méindeg op d’mannst emol an hire Rieden esou geäussert. No hirem Depart hunn dann déi héich Beamten d’Negociatiounen iwwerholl.

Wéi sinn d'Verhandlungen si bis ewell viru komm?

Net sou gutt, wéi een sech dat erhofft hat. D’Zeeche stinn den Ament éischter op Konfrontatioun. Wéi nach ëmmer an de Klimaverhandlungen, verleeft eng zentral Konfliktlinn tëscht dem Grupp vun den Entwécklungslänner zesumme mat Länner wéi Indien a China engersäits an op der anerer Säit den Industriestaten, dorënner d’EU-Memberstaten.

Den Dietmar Mirkes vun der ASTM war dës Woch als Observateur op der COP21. Hie seet, hie kéint de Frust vun den Entwécklungs- a Schwellelänner verstoen:

Wann d'Europäer an d'EU net unerkennen, datt si noleeë mussen, datt si liwwere musse bezüglech hirer historescher Verantwortung, dann ass et ganz schwéier, Verständnis vun den Inder oder Chineesen z'erwaarden. Et kann een net zu den Inder soe 'dir däerft keng Kuele méi förderen', wann een dat selwer viru mécht, a wann een dat schonn 150 Joer laang gemaach huet. Do laachen déi driwwer a soen 'dat ass net serieux'. D'Verständnis vu géigesäitege Positioune muss och an der EU virun entwéckelt ginn. Mat op d'mannst 40 Prozent manner Emissioune geet dat net duer.

Zum Hannergrond: Anescht wéi nach am Kyoto-Protokoll, sollen an deem neien Accord net méi just d’Industriestate verflicht ginn, Klimaziler ze respektéieren. Am Prinzip soll jidderee sech een Zil ginn, dat soll sech awer un der economescher Kapazitéit orientéieren an un der historescher Responsabilitéit fir de Klimawandel. Grad dowéinst sollen dann och Sue vum Norden an de Süde fléissen: Rieds geet vun 100 Milliarden Dollar d'Joer. Wéi dëse Finanzement assuréiert gëtt, bleift bis elo onkloer.

D'Pia Oppel ass fir de radio 100,7 bei der COP21

Ass et richteg, dass d'Europäesch Unioun selwer net genuch Efforten am Klimaschutz mécht?

D’Zil vu minus 40 Prozent CO2 bis 2030, dat d’EU sech ginn huet, gehéiert zu deenen ambitiéisten, déi hei um Dësch leien. Op där anerer Säit hu scho vill Länner, déi wirtschaftlech manner gutt do stinn, annoncéiert, datt si bis 2050 wëllen op 100 Prozent erneierbar Energien ëmklammen. D’EU ass do manner ambitiéis – notamment Polen betount ëmmer nees, datt een nëmmen ongär op Kuel als Energiequell wëll verzichten. Dat sinn also éischter zweedeiteg Signaler.

D’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg, déi wéinst der Lëtzebuerger EU-Semesterpresidence, hei d’Positioun vun der EU vertrëtt, gesäit dat natierlech anescht:

Et ass de But vu verschiddene Länner, dëse Prozess opzehalen. An dofir och de But fir industrialiséiert Länner wéi d'EU oder d'USA hir historesch Schold opzeweisen, a soumat ze verhënneren, datt mir zum Beispill iwwert eis Ambitioune schwätzen. Et ass och schued, datt dat heiansdo sou opgegraff gëtt no baussen, well dann erreechen si genau hiert Zil, wat si hunn. Ech mengen, datt mir weisen, datt mir eis Ambitioune wëllen eropsetzen an datt mir och credibel sinn, well mir sinn elo scho bei 23 Prozent EU-wäit. A mir sollte bis 2020 20 Prozent Reduktiounen hunn. Et ass och net esou, datt d'EU net gëeent géing stoen. D'Polen hunn eis zougeséchert, datt si och Interessi hunn un engem global Accord an un engem Level playing field. Dofir sti mir credibel do, a mir stinn och gëeent do fir an déi zweet Woch eranzegoen.

Xavier Bettel a Carole Dieschbourg bei der Ouverture vun der COP21 (© Staatsministère)

Wéi geet et dann elo weider?

Bis e Samsdeg de Mëtteg soll eng konsolidéiert Versioun vum Ofkommes virleien. Mee dass déi zentral Sträitpunken gerkläert ginn, ass éischter onwahrscheinlech. Et muss och gekläert ginn, wat dat laangfristegt Zil ass, dat ee sech gemeinsam setzt: wéivill Grad dierf d’Ärderwäermung maximal erreechen? Wéini sollen d’Economieën quasi ouni klimaschiedlech Emissiounen funktionéieren?

An eng aner wichteg Fro ass: wéi verbindlech gëtt den Accord iwwerhaapt? Do bremse ganz besonnesch d’USA.

D'nächst Woch si bei de Verhandlungen och d’Ëmweltministeren dobäi, wat vläicht d'Fanne vu Kompromisser erliichtert. Op der anerer Säit besteet de Risiko, datt den Accord einfach just verwässert gëtt, fir herno net mat eidelen Hänn do ze stoen.

Du waars 2009 beim Klimasommet zu Kopenhagen - deen als groussen Echec gëlt. Virwat sollt et dës Kéier anescht goen?

Engersäits, well d’Bewosstsinn gewuess ass, datt net vill Zäit bleift, fir eng geféierlech Ärderwärmung ze verhënneren.

Bal alleguer d’Staaten hunn eege Propose fir national Klimaziler agereecht. Dat kann een als Akzeptanz dofir deiten, datt all Land – sou aarm wéi et och ass – fort muss kommen vun de fossilen Energien. Zu deene proposéierten Ziler muss een zwar soen, dass déi zesumme geholl wäit hannert deem zréck bleiwen, wat aus wësseschaftlecher Perspektiv néideg ass.

Nach een Ënnerscheed zu 2009 ass, datt vill Wirtschaftsacteuren de Klimaschutz mëttlerweil als Opportunitéit gesinn. Den Interêt vun der Wirtschaft un engem international verbindlechen Accord huet natierlech och eppes dermat ze dinn, dass dat och eng méi fair Wettberwerbs-Situatioun kéint mat sech bréngen.

Zum Beispill schwätze vill Entrepreneuren hei dovunner, datt ee weltwäite Präiss fir CO2-Emissiounen de richtege Wee wier, fir vun der fossiler Energie fort ze kommen. Dozou de Gérard Moutet vum Energie-Konzern Total:

Mir sinn dovun iwwerzeegt, datt d'CO2-Emissiounen ee Präis wäerten hunn. A si mussen ee Präis hunn. Dat ass och een Deel vun der Zukunft. Mir gesi bei eisen Investissementer an d'Zukunft d'Käschte vun den Emissioune vir. Wa mir ee Projet evaluéieren, setze mir de Präis vun den Emissiounen an d'Rechnung. Well mir wëlle sécher sinn, datt eis Investissementer an deem Ëmfeld kënnen existéieren.

Wann et zu engem Accord kéim, wéini kann een dann an dengen Aen vun engem Succès schwätzen?

Ee gudden Accord erkennt een ënner den aktuelle Konditiounen net dorunner, datt Maximalfuerderungen ëmgesat ginn. Mee dorunner, wat déi grouss Länner, USA, China, Indien an d’EU dono ufänken doraus ze maachen. Wann ee Regierungswiessel an den USA duergeet, fir déi international Klimapolitik a Fro ze stellen, ass et kee gudden Accord. D'Ofkommes muss also zolitt genuch sinn, fir datt déi grouss Länner genuch Vertrauen hunn, datt si näischt ze verléieren hunn, wa se op den Austrëtt aus der fossiler Energie setzen.

Am Projet vum Ofkommes ass virgesinn, d'Engagementer all puer Joer ze evaluéieren an ropzeschrauwen. Am wichtegsten wier et elo also, déi richteg Dynamik lass ze trëppelen.