Radioen

On air

Notturno  |  Khruangbin - May Ninth

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Patrick Heck: “Keng Energie méi”

Geheimdéngscht

Patrick Heck: “Keng Energie méi”

D’Doris Woltz ersetzt vum éischte Januar un den aktuellen Direkter vum Geheimdéngscht Patrick Heck. Deen bleift beim Staat an ass frou, datt hien vun enger Magistratin ersat gëtt.

auto_stories

2 min

D’Ukënnegung koum um Regierungsbriefing: de Patrick Heck hält no fënnef Joer op un der Spëtzt vum SREL. Et ware beweegte Joeren, an d’Evenementer aus der Zäit spillen och mat eng Roll dobäi firwat de geléierte Jurist decidéiert huet, opzehalen. “Ech muss éierlech soen, datt ech keng Energie méi hunn. Et ware fënnef laang, a keng einfach Joeren, an ech hat net méi d’Energie fir nach hei ze bleiwen. Ech hunn och fonnt, datt dat neit Gesetz, wat mer jo selwer gefrot haten, e gudde Moment ass, fir engem aner d’Ruder ze iwwerloossen”, sou de Patrick Heck am 100,7-Interview.

“Eng remarquabel Persoun”

Mam Contenu vun deem Gesetz, wat jo nach muss vun der Chamber votéiert ginn, hätt säin Depart awer näischt ze dinn. “Do stécht vill Aarbecht dran, a wann d’Gesetz herno sou duerchgeet wéi et lo ass, da hu mer e Gesetz wat op déi Lëtzebuerger Situatioun passt”, seet de nach aktuellen SREL-Direkter.

Datt mat der Doris Woltz elo eng Magistratin un d’Spëtzt vum Geheimdéngscht kënnt, gesäit de Patrick Heck net als problematesch un. Et wier souguer vu Virdeel, datt si e gewësst Wëssen aus dem Justizberäich matbréngt. Sou kéint déi “essentiel” Zesummenaarbecht tëscht SREL a Parquet verbessert ginn.

Zréck an den Ausseministère

“Ech sinn immens frou, datt et net nëmmen e Magistrat ass, wat wichteg fir e Geheimdéngscht ass, mee datt et d’Madame Woltz ass, fannen ech eng super Saach. Si ass eng remarquabel Magistratin an eng remarquabel Persoun”, sou de Patrick Heck weider.

A wéi gesäit déi berufflech Zukunft vum Patrick Heck aus? Hien geet zréck an den Ausseministère. A wéineger Funktioun ass awer nach net kloer. “Dat wäert nach kommunizéiert ginn en temps utile“.

Den Interview vum Gil Goebbels mam Patrick Heck: