Partizipatiivt Wunnen Eng Alternativ fir präiswäerte Logement?

D’Wunnengsbaugenossenschaft "Ad-Hoc" huet elo e Businessplang stoe fir e Wunnprojet op d’Been ze stellen. En Terrain ass um Kierchbierg lokaliséiert. Bis zur Ëmsetzung kann et awer nach daueren.

Mick Entringer / po

ad hoc.jpg
(@Bigstock)

“De Quadratmeterpräiss zu Lëtzebuerg ass esou deier, datt just cooperativt Wunne fir mech eng Méiglechkeet ass”, seet de Victor Kraus vun Ad-Hoc am 100,7-Interview. De Museker wëll net wäit ewech plënnere vu senger Aarbecht. “Ech striewe mech dogéint, well ech net agesi firwat ech esou vill doudeg Zäit mat Pendlerei soll verbréngen. An aus dem Land wëll ech mech och net geheie loossen”.

Zwee Joer huet et gedauert, bis d’Wunnengsbaugenossenschaft de Businessplang stoen hat, fir hiren accessibelen a partizipative Wunnprojet. Ad-Hoc huet och en Terrain fonnt, deen dem Urbanisatiouns-Fong fir de Kierchbierg gehéiert an deen d'Genosseschaft laangfristeg ka lounen, dat iwwer ee "Bail amphythéotique". Wunnenge fir 50 Persoune si geplangt. Gebraucht ginn nach 7,5 Milliounen Euro.

Kee "Clé en main"

De Projet um Kierchbierg ass nach net prett fir ëmgesat ze ginn. D’Halschent vun den Interesséierte vum Ufank wär ofgesprongen an duerch nei Leit ersat ginn. Dat wär normal bei esou Projeten, seet de Victor Kraus. De Problem wier, datt vill Leit als éischt net verstinn, datt ee kee fäerdegt Produkt geliwwert kritt. Et misst ee beim Prozess mat maachen. A réischt wann ee relativ stabile Grupp vu Leit sech fonnt huet, kann de Projet ëmgesat ginn.

Aus der Erfahrung mat ähnleche Projeten am Ausland weess een, datt et bis zu siwe Joer dauert, vum Plange bis zum Aplënneren. D’Wunnengsbaugenossenschaft huet e gemëschte Finanzéierungplang iwwert Eegenparticipatioun duerch Parten, Kredit, sozial engagéiert Fongen a privat Investisseuren.

D'Mick Entringer am Gespréich mam Victor Kraus:

Méi zum Thema

Yves Piron-3.JPG
Flüchtlingen

Vun de ronn 3.200 Mënschen, déi zënter dem leschte Summer am Land ënnerbruecht gi sinn, huet an Tëschenzäit bal all Drëtten den Asyl-Statut unerkannt kritt, sou den OLAI-Direkter Yves Piron.

x-bettel-g-arend.jpg
Regierungsëmbildung no Récktrëtt Maggy Nagel

Déi ëmstridde Ministerin Maggy Nagel ass zeréckgetrueden. De Walfer Député-Maire Guy Arendt (DP) gëtt als Staatssekretär neie Regierungsmember fir de Xavier Bëttel am Kulturministère z'ënnerstëtzen.

Programm

  • The Benny Brown Show

  • On air

    Notturno

  • Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

Net verpassen

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen