No den Attentater Schoulen zu Bréissel sinn op
Anescht wéi Enn November waren d'Schoulen zu Bréissel trotz maximalem Terror-Alarm um Mëttwoch op. Eng Decisioun, déi de Kanner zegutt kënnt, fënnt den Direkter vun enger Schoul am Zentrum vu Bréissel.
Ee méiglechst normale Schoulalldag deet de Kanner gutt. Trotz, oder ebe grad wéinst där ugespaanter Situatioun zu Bréissel. Dovun ass de Philippe Hector iwwerzeegt. Hien ass Direkter vun der Ecole Emile André am Bréisseler Quartier Marolles.
Sengen Enseignanten huet hien net vill Instruktioune misse mat op de Wee ginn, wéi se mat de Schüler iwwer d'Attentater sollte schwätzen. "Den 13. November koume mir mat enger Equipe vun Enseignante vu Paräis zréck. Dat hat eis deemools schonn op der Plaz beréiert." Et hätt een och am November scho mat de Kanner iwwer de Sujet geschwat. An all d'Enseignante wäre prett gewiescht, fir ze diskutéieren. Um Mëttwoch wären awer just knapps iwwer d'Halschent vun de Schüler an d'Schoul komm.
Zoue Schoule generéieren Angscht
Op der Säit vun den Elteren, eng ähnlech Aschätzung. Dem Judith seng Kanner si 5 a 7 Joer al. Grad wéi en Dënschdeg ware si e Mëttwoch an der Schoul. Si wieren onbesuergt, mee virwëtzeg.
Wéi d'Schoulen Enn November wéinst Terror-Alarm zou waren, hätt dat d'Kanner méi markéiert, seet d'Judith. Obwuel d'Famille sech zesumme gedoen haten, fir zesummen ze kachen an d'Kanner ze versuergen. "Mir konnten näischt maachen, et war alles zou. Mir souzen doheem an hunn d'Noriichte gelauschtert. Ech hu mech gefillt, wéi wann ee mir meng Fräiheet ewechgeholl hätt." Den Effekt wär genee de Géigendeel gewiescht: Et hätt Angscht generéiert.
"All Mënsch ass entsat"
Am Philippe Hector senger klenger Grondschoul si vill Kanner aus muslimesche Famillen. Datt d'Attentäter hir Aktioune mam Islam rechtfäerdegen, hätt just punktuell fir Tensioune gesuergt. No den Attentater bei Charlie Hebdo wärenwuel aner Argumenter opkomm. Zum Beispill, datt déi Zeechner sech et siche gaang wären. No den Attentater am November zu Paräis an deene rezenten zu Bréissel, wär all Mënsch, onofhängeg vu sengem Glawen, entsat.
Audio: Reportage vum Pia Oppel vum 22. Mäerz 2016