Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Eng normal Transitioun"

Nicolas Schmit

"Eng normal Transitioun"

Mat sengem Réckzuch aus der Regierung géif hie keen "Äerdbiewen" ausléisen, seet den Nach-Aarbechtsminister Nicolas Schmit. Deels houfreg, deels awer och staark enttäuscht, kuckt hien op déi lescht 12 Joer zréck. Besonnesch déi sougenannte Police-Affär beschreift hie als eng aschneidend Episod. Hie schwätzt vun enger "Mise à mort".

auto_stories

7 min

Den Nicolas Schmit ass op villes houfreg, mee gëtt sech och enttäuscht, zum Beispill wéinst der Police-Affaire

"Et ass eng Wonn, et ass eng grouss Enttäuschung doriwwer, wéi d'Lëtzebuerger Politik an d'Medie fonctionnéieren, et war eng 'Mise à mort'", sou kommentéiert den Nicolas Schmit haut déi sougenannte Police-Affär, déi Enn 2010 hiren Ufank geholl huet. Den Nicolas Schmit mécht ee Lien tëscht där Affär a senger Kritik - am Joer 2010 - um Spuerpak vum deemolege Finanzminister Luc Frieden.

"Ech war e Papp, dee just mat sengem Fils op e Policebureau gaang ass", verdeedegt den Nicolas Schmit sech. "Doraus ass politescht Kapital geschloe ginn, fir mir eng op de Kapp ze ginn". Wien hien konkret accuséiert, wollt hien awer net soen. Déi Affär hätt awer mat sech bruecht, datt hie "mat Momenter" dru geduecht hätt "opzehalen". Och seng Famill hätt dorënner gelidden.

"Mise à mort? Geet et?"

D'Affär geet zréck op den Dezember 2010. No Diskussioune mat Poliziste bei enger Routinekontroll, ass de Fils vum Nicolas Schmit vu sengem Papp op de Policebureau begleet ginn. Wéi et an engem Policerapport geheescht huet, hätt den Nicolas Schmit do d'Beamten ënner Drock gesat, an ënner anerem op d'Moyene vun der Police ugespillt. D'Affaire gouf och an der Chamber thematiséiert, am Januar 2011: Den deemolege Premier Jean-Claude Juncker huet den Nicolas Schmit a Schutz geholl, awer och gesot, datt hien sech géif entschëllegen a géif unerkennen, datt hien hätt misse vu Remarquen iwwer d'Moyene vun der Police ofgesinn.

Den CSV-Generalsekretär Laurent Zeimet huet d'Aussoe vum Nicolas Schmit a "Riicht eraus" op Twitter kommentéiert:

Den heitege Premier Xavier Bettel hat deemools eng parlamentaresch Fro zum Thema gestallt.

Burton: Juncker hat och wéineg Erfahrung

No 12 Joer wier et "vläicht un der Zäit e Bilan ze zéien, an ze kucken, ob net nach aner Defie méiglech sinn", sou erkläert den Nicolas Schmit säi Plang, mat der Regierungsaarbecht opzehalen. Ausserdeem géif de Poste vum Lëtzebuerger Vertrieder um Europäesche Rechnungshaff sengem Engagement fir Europa entspriechen.

Et géif awer kee virgefäerdegte Plang ginn doriwwer, wéi säin Depart auszegesinn hätt. "Ech kann och domat liewen, wann et net sou sollt goen", sou den Nicolas Schmit. Falls zum Beispill dem Henri Grethen seng Kandidatur fir President vum Verwaltungsrot vun der Spuerkeess ze ginn, keng gréng Luucht vun der EZB géif kréien, da géif hien awer trotzdem 2018 net méi mat an d'Wahle goen. Eng Entscheedung gëtt fir fréistens September erwaart.

Hie wéilt och "Plaz fir déi Jonk maachen", sou nach den Nicolas Schmit. Ob seng jonk Partei- a Bezierkskollegin Tess Burton an d'Regierung noréckelt, wollt hien net kommentéieren. Dat wier eng Decisioun vun den LSAP-Gremien. Datt d'Deputéiert Tess Burton wéineg Erfahrung an der Politik huet, gesäit den Nicolas Schmit net als "Handicap". Als Uspillung op dem EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker sot hien: "Ech kenne Leit, déi méi jonk wéi d'Madame Burton an d'Regierung komm sinn, net an der Chamber waren, a wou dat haut als groussen Erfolleg duergestallt gëtt. Bei anere gëtt dat als Handicap gesinn, ech gesinn dat net esou". D'Tess Burton wier "absolut kapabel an d'Waasser ze sprangen an ze schwammen".

Keen "Äerdbiewen" an der LSAP

De Sozialminister Romain Schneider, dee jo am Gespréich, an och selwer intresséiert ass, fir den Aarbechtsministère z'iwwerhuelen, wier, ënnert anerem duerch seng berufflech Erfahrung bei der ADEM "absolut outilléiert", fir dat ze maachen.

En Äerdbiewen hätt hien op allefall an der LSAP net ausgeléist, sou den Nicolas Schmit op Nofro hin. "Et ass scho paradox: engersäits kréien d'Politiker virgeworf, op hire Still ze pechen a wa si wëllen een neien Defi unhuelen, da gëtt gesot, si géifen een Äerdbiewen ausléisen. An der Politik ass eng Transitioun eng normal Saach". Ugeschwat op déi éischter schlecht Sondagen an der Lescht (an der leschter Tageblatt-Sonndesfro ass d'LSAP am Osten ënner 10 Prozent gefall), seet den Nicolas Schmit, et misst effektiv am Oste geschafft ginn. Hie géif och do gäer nach Rotschléi ginn, wa se gebraucht géife ginn.

ProActif huet nach ëmmer Schold beim Staat

Houfreg ass den Nicolas Schmit op eng ganz Rei Dossieren aus de leschten 12 Joer, dorënner d'Reform vun der ADEM, "déi an engem katastrophalen Zoustand war", mee och, méi rezent, d'PAN-Gesetz iwwer d'Aarbechtszäit. Iwwer d'PAN-Gesetz, wat elo um Instanzewee ass, géifen et elo vill manner Kritike vu Patronatssäit ginn, dat wier gutt esou. Engem Sondage no wëllen 11 Prozent vun den Entreprisen dat Gesetz ëmsetzen. Dat wieren der relativ vill: Eng Rei Entreprisë géifen d'Gesetz net brauchen oder wieren iwwert e Kollektivvertrag couvréiert. Wat den Aarbechtsmaart ugeet, sou gesäit den Nicolas Schmit et als eng Leeschtung un, während der Kris no 2008 och nach d'ADEM reforméiert ze hunn.

Och d'Beschäftegungsinitiative géifen elo - wéi geplangt - op méi zolitte Bee stoe wéi virun 2009. "Mir hu se budgetär ënner Kontroll, mir hunn Uerdnung an dee Secteur bruecht", sou den Nicolas Schmit. Allerdéngs hätt d'Initiativ ProActif - och no den Dysfonctionnementer vun 2011 - nach ëmmer Scholden an Héicht vun 2,4 Milliounen Euro beim Staat, trotz engem an der Tëschenzäit positive Bilan. Elo soll analyséiert ginn, wéi déi Schold kéint ofgebaut ginn. "Et ass net sou, datt déi Schold lo einfach esou ausgewëscht gëtt".

Robert Weber "soll roueg Plainte maachen"

Datt de fréiere ProActif- an LCGB-President Robert Weber eng Plainte wéinst Diffamatioun kéint deposéieren, schockéiert den Nach-Aarbechtsminister net. "Den Här Weber seet all zwee Joer, hie wéilt mech wéinst Diffamatioun ukloen, soll hien et roueg maachen! Hien huet just vergiess, datt dat elo souwäit zréckläit, datt vläicht elo souguer eng Verjärung géif ustoen".

De Robert Weber wier deemools fir ProActif responsabel gewiescht. Datt den Dossier op d'Geriicht gaang ass, wier nëmmen normal: do wiere Steiergelder net richteg agesat ginn, sou den Nicolas Schmit. Hie wier awer "souguer" frou, datt d'Chambre du Conseil der Saach keng Suite ginn hätt.

Europa: "Vill Discoursen, wéineg Konkretes"

Wat déi europäesch Aktualitéit ugeet, sou ass mam Nicolas Schmit och iwwer de Brexit Rieds gaang. Hie bleift, eegenen Aussoen no "e bësse skeptesch", ob et wierklech zu engem Austrëtt vu Groussbritannien aus der Europäescher Unioun kënnt. Et géifen nach vill Inconnuë ginn. Kloer wier awer, datt misste Konklusiounen aus dem Referendum gezu ginn, an dobäi missten och Proposë fir Reforme gemaach ginn, net nëmme Kritike geäussert ginn. "Mir hu vill Discoursen, mee wéineg Konkretes", sou den Nicolas Schmit.

Senger Meenung no, wier "d'Europa vun de Regelen", déi viru Joerzéngte festgeluecht goufen, net méi zäitgeméiss. Zu deene Regelen zielt hien och déi vum vum Budgetsequiliber. "Mir mussen iwwerleeën, wéi mer Europa méi demokratesch maachen a wéi mer Regelen applizéieren, déi an d'Zäit passen. Wéi mer Maastricht verhandelt hunn, huet keen un eng Kris geduecht, wéi déi, déi mer kritt hunn". No der Finanzkris wier zum Beispill gewosst, datt "d'Mäert net alles regelen". Et géif ee Changement vun de Politike gebraucht ginn, mee do géifen et a verschidde Länner grouss Resistenze ginn.