Radioen

On air

Tockcity  |  Lisa - New Woman Feat. ROSALÍA

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ni vun duebeler Positioun abuséiert

Kino

Ni vun duebeler Positioun abuséiert

De Joy Hoffmann, Utopia-Actionnaire a pensionéierte Beamten, wiert sech géint Virwërf vum Raymond Massard, Chef vum Kinosbedreiwer Caramaba. E potentiellen Interessikonflikt hätt et wuel ginn, mee dat wier ganz kloer offiziell gereegelt ginn, esou de Joy Hoffmann.

auto_stories

3 min

De Joy Hoffmann war Responsabel am staatleche CNA fir de Beräich Film an zäitgläich zweetgréissten Actionnaire vum Kinosbedreiwer Utopia. De Joy Hoffman gesäit an, datt hien als Fonctionnaire an als Actionnaire zwou verschidde Kapen un hat, mee wéi Utopia bis zu enger grousser Firma gewuess war, hätt hien dat - "a voller Transparenz" - dem Ministerrot signaliséiert. "An deen huet dat och zur Kenntnis geholl a mir am Fong do, wann ee sou wëll, eng Decharge ginn."

Net benodeelegt

Viru véier Méint hat de Chef vum Kinosbedreiwer Caramaba, de Raymond Massard, dem Joy Hoffmann en Interessekonflikt virgeworf, ronderëm déi staatlech Konventioune fir d’Lëtzebuerger Regional Kinoen. De Joy Hoffmann betount, hien hätt an deem Dossier keen Decisiouns-Pouvoir gehat: "Deen Dossier ass traitéiert ginn vu mengem Chef, de Jean Back. En ass traitéiert ginn vum Bob Krieps am Ministère!" Donieft seet de Joy Hoffmann, wier et d'Politik vum Ministère gewiescht fir kommerziell Kinoen net z'ënnerstëtzen. "An dorënner sinn all dem Här Massard seng Säll gefall, ausser een, (...) de Kino Beetebuerg. Dat hunn ech klipp a kloer gesot: 'deen huet Recht op Subside.'"

De radio 100,7 hat och aus engem Tëscherapport vum Konkurrenzrot zitéiert, deemno de Joy Hoffmann als Member vum CNA e Maximum u staatlecher finanzieller Hëllef an den CDAC gesteiert hätt, also "in fine" fir Utopia. De Joy Hoffmann dementéiert dat. Hie geheit dem Konkurrenzrot schlecht Aarbecht vir, ënnert anerem well hien ni vum zoustännege Beamte kontaktéiert gi wier. "Dee Beamte behaapt do eppes, wat en a sengem eegenen Dossier net mat iergendeppes beleet."

Dem Raymond Massard gehait de Joy Hoffmann vir, ëmmer een anere fir seng Echecë verantwortlech ze maachen.