Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Carrièren an der Arméi

Fonction Publique

Nei Carrièren an der Arméi

D'Lëtzebuerger Arméi huet gréisser Problemer fir Leit ze rekrutéieren. Dofir plangt de Minister fir bannescht Sécherheet, Etienne Schneider, nei Carrièren. Eischt Gespréicher mat der Arméis-Gewerkschaft gouf et schonn.

auto_stories

2 min

D'Arméi huet Problemer Leit ze rekrutéieren

Eigentlech hat de SPAL, de Syndicat Professionnel de l'Armée Luxembourgeoise, sech eng Opwäertung vun der Carrière vum Ënneroffizéier gewënscht. Elo proposéiert de Minister fir bannescht Sécherheet déi selwecht Léisung ewéi bei der Police: D'Aféiere vun de Carrièrë B an A2. D’Zil ass et fir méi Leit ze rekrutéieren.

Dat wier och d'Zil vun der SPAL, esou de President Christian Schleck. Elo misst gekuckt ginn, wéi d'Leit, déi iwwer dëse Wee rekrutéiert ginn, agesat kéinte ginn. "Do muss ee mat der Verwaltung kucke wéi d'Besoine sinn an d'Detailer ausschaffen." Eréischt duerno kéint ee Positioun bezéien, esou de Christian Schleck. "De Minister gëtt eis kuerzfristeg Delaien", seet de President vun der SPAL. Éischt Gespréicher hätt et scho ginn, "bis Enn des Jores wëll de Minister eppes um Pabeier hunn."

Wéinst der initialer Formatioun an der Arméi géing et awer eng Zäit daueren, bis déi nei Poste kéinte besat ginn, seet de Christian Schleck."Bis 2020 brauch een net domat ze rechnen, datt mir méi leit an de Carrière wäerten hunn." Beim Rekrutéiere vun Zaldote géif et awer net sou laang daueren. Do wieren och zousätzlech Efforte gemaach gi fir d’Leit op d’Tester um Härebierg virzebereeden. Donieft wier een Informatiounsbüro geschaaft ginn.


Nei Carrièren an der Arméiplay_arrow