Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng nei Ära vun der Transparenz?

Steier- a Finanzpolitik

Eng nei Ära vun der Transparenz?

No Luxleaks a Panama Papers soll ee Wuert ganz grouss geschriwwe ginn: Transparenz. Lëtzebuerg wëll méi propper do stoen. E Réckbléck op dat, wat dëst Joer gemaach ginn ass, fir dat Zil z'erreechen.

auto_stories

6 min

Lëtzebuerg well an der Steierpolitik méi propper do stoen (Foto: Kurhan / Bigstock)

Direkt am Ufank vum Joer, den 13. Januar, huet de Kollektiv Tax Justice Lëtzebuerg sech eng éischte Kéier an der Ëffentlechkeet virgestallt. Déi éischt Lëtzebuerger Biergerbewegung, déi sech kritesch mat der Finanzplaz ausernanee setzt, gouf an der Suite vun de Luxleaks-Revelatioune gegrënnt.

D'Steiergerechtegkeet géif an Europa an der Welt ëmmer méi een Thema ginn, huet ee vun de Spriecher vum Kollektiv, de Mike Mathias, deemools festgestallt. "A mir hunn och d'Impressioun, datt am Secteur selwer sech ëmmer méi Leit deontologesch Froe stellen. Vläicht iwwert hir Aarbecht oder dat, wat am Secteur leeft". Och de Schutz vu Whistleblowere läit dem Kollektiv um Häerz. "Et mécht eis Suergen, datt Leit, déi hirem Gewëssen no gehandelt hunn, kënne virun ee Geriicht gestallt ginn", sot de Luc Dockendorf deemools virun der Press.

Rulingen um Fliissband

De 26. Abrëll ass et dann esou wäit: Déi zwee fréier PWC Mataarbechter Antoine Deltour a Raphaël Halet, grad wéi de franséische Journalist Edouard Perrin, sti viru Geriicht. De LuxLeaks-Prozess fänkt un, a weist, wéi Steierrulingen zu Lëtzebuerg quasi um Fliissband an an enker Kollaboratioun tëscht der Steierverwaltung a PWC produzéiert goufen.

Déi als Konsequenz vun der Luxleaks Affär decidéiert europäesch Direktive fir den automateschen Austausch vu Steierrulinge setzt Lëtzebuerg als éischt EU-Land ëm. De 14. Juli gëtt d'Gesetz eestëmmeg an der Chamber ugeholl.

"An der Transparenz ukomm"

De Pierre Gramegna huet am Kader vun der Chamberdebatt drun erënnert, wéi hien 2014 Finanzminister gouf, a wou Lëtzebuerg nach op der schwaarzer Lëscht stoung: "Ech krut deemools gesot, datt déi international multilateral Banken eis vläicht ee Joer Moratoire géife ginn. Wa mer dann net vun där Lëscht géife erofkommen, da géifen dës Banken net méi mat Lëtzebuerg schaffen", sou de Pierre Gramegna. Mam Vote vun dësem Text géif gewise ginn, datt Lëtzebuerg am Beräich vun der "Transparenz a fiskalesche Saachen ukomm ass".

Vum 1. Januar 2017 un, muss Lëtzebuerg elo d'Informatiounen iwwer Steierrulingen un eng zentral Datebank bei der EU Kommissioun weiderleeden, déi vun aneren EU-Staate consultéiert ka ginn. Dat gëllt retroaktiv fir all d’Rulingen, déi fënnef Joer al sinn, a fir Gesellschafte mat op d'mannst 40 Millioune chiffre d’affaires. Mat dësem Gesetz, sot den LSAP Deputéierte Franz Fayot, wier Lëtzebuerg um gudde Wee: "Mir kommen ewech vu Produiten, déi riskant sinn, a mat deene mir eisem Ruff schueden".

"Steieroptimiséierung, ee Pilier"

D'Diskussiounen iwwert d’Transparenz, respektiv d'Intransparenz vun de Finanzmäert a Finanzplaze sinn am Abrëll nees mat de Panama Papers relancéiert ginn: 11,5 Milliounen Dokumenter vum panamaeschen Affekote-Cabinet Mossack Fonseca, mat Nimm vun iwwer 200.000 Bréif-Boîte Firmen, goufe genannt. Lëtzebuerg - a virop d'BIL - waren do ënnert den aktiivsten Intermediairen, déi mat Mossak Fonseca geschafft hunn. Illegal waren déi Aktivitéiten net.

"Et muss een awer wëssen, datt d'Steieroptimiséierung ganz dacks ee Pilier vun eisem System war. Dat brauch een net ze verstoppen. Et muss een awer och soen, datt dës an déi viregt Regierung ëmmer gesot hunn, datt mer missten an der Transparenz schaffen", sot de Premier Xavier Bettel den 28. Abrëll dozou an der Chamber.

SOPARFI: "Keng Substanz"

Duerch d'Panama Papers gouf d’Aktivitéit an d'Existenz vu Bréifkëschtefirmaen op en Neits hannerfrot. Fir Lëtzebuerg ass de Sujet méi wéi relevant - wéinst de Finanz-Participatiounsgesellschaften. Déi sougenannte SOPARFIe sinn eng kruzial Aktivitéit vun der Lëtzebuerger Finanzplaz. Bei der Kollektivitéitssteier bréngen si méi Recetten era wéi d'Banken.

Am Mäerz hat den CSV Deputéierten an Affekot Laurent Mosar an engem Reportage um radio 100,7 gesot, ee groussen Deel vun de 40.000 bis 50.000 SOPARFIen hei am Land hätte "guer keng Aktivitéit". "Dat eenzegt wat se maachen, ass eng Hand voll Participatiounen ze halen. Déi hunn also manifestement keng Substanz, well dat ganz dacks Bréifkëschtefirmae sinn", sou de Laurent Mosar, deen och Geschäftsaffekot ass. Senger Meenung no géif sech d'Fro stellen, "ob et iwwerhaapt mëttel- a laangfristeg iwwerhaapt nach méiglech ass, esou Firme weider zu Lëtzebuerg lafen ze loossen".

"Net wëllkomm zu Lëtzebuerg"

Mat der Steierreform gëtt déi minimal Verméigen-Besteierung fir d’SPOARFIen ëm 50 Prozent, op 4.815 Euro gehéicht. Fir de Jean-Jacques Rommes, Generaldirekter vun der UEL, ass dat ee Signal, woumat dës Firme missten zur Konklusioun kommen, "datt se net ganz wëllkomm sinn hei zu Lëtzebuerg".

Och d'Lutte géint de Blanchiment zu Lëtzebuerg gëtt mat der Steierreform nei geregelt a verstäerkt. Déi normal Steierfraude gëtt aus dem Code pénal erausgeholl, d'Steierverwaltung selwer kann iwwer administrativ Strofe géint Fraudeure virgoen. Vum 1. Januar 2017 un steet d'Fraude fiscale aggravée als nei Strof am Code pénal.

Wie méi wéi ee Véierels vu senge Steieren hannerzitt - a wann dee Montant iwwer 10.000 Euro läit - riskéiert dann eng Geldstrof vu bis zu sechs Mol déi fraudéiert Zomm, a bis zu dräi Joer Prisong. De Steierexpert Alain Steichen seet, hie kéint "kengem recommandéieren nach eng Steierfraude ze maachen". D'Sanktiounen, déi zu Lëtzebuerg kënnen ufalen, grad wéi de Risiko erwëscht ze ginn, wiere vill ze héich.

D'Transparenz ass net komplett

An den Efforten, fir den Aktiounsplang vun der OECD géint aggressiv Steieroptimiséierung ëmzesetzen, huet Lëtzebuerg um Enn vum Joer e weidere Schrëtt gemaach: Den 13. Dezember gouf an der Chamber d'Gesetz fir de sougenannte "Country by Country Reporting" gestëmmt. Dës Prozedur ass ee vun de Piliere vun der OECD hirer Initiative BEPS - géint "Base Erosion" a "Profit Shifting". Viséiert sinn d'Praktike vu multinationale Konzerner, déi vu Steiersystemer profitéieren, fir hir Benefisser a Länner ze transferéieren, wou se manner, oder guer net besteiert ginn.

Déi nei Regele vum "Country by Country Reporting" gëlle fir Konzerner mat engem Ëmsaz vun iwwer 750 Milliounen Euro d'Joer - et soll méi Transparenz iwwert hir Aktivitéiten entstoen. Si mussen hire Benefisser an aner Donnéeën am Detail de Länner no oplëschten, wou si aktiv sinn, an un d'Steierverwaltung weider ginn. Déi Informatioune kënnen dann tëscht de Steierverwaltunge vu veschiddene Länner ausgetosch ginn. Eng komplett Transparenz gëtt et dobäi awer nach net: D'Informatiounen iwwert d'Aktivitéite vun deene betraffenen Entreprise sinn nëmme fir d'Steierverwaltungen accessibel an net fir d'Ëffentlechkeet.

Och Lëtzebuerg wiert sech weider

D'EU-Kommissioun wëll méi wäit goen an d'Konzerner derzou zwéngen, hir international Steierdaten an Informatiounen iwwer Ëmsaz a wirtschaftlech Aktivitéit och um Internet - also ëffentlech - ze publizéieren. Mä géint esou eng komplett Transparenz wiere sech den Ament nach eng Dosen EU Länner vehement - dorënner, Lëtzebuerg.

D'Lëtzebuerger Wirtschaft an d'Recette vu Staat bleiwe staark ofhängeg vun der Finanzplaz. Wéi den CSV-Deputéierten Laurent Mosar um radio 100,7 sot, bleift de Spillraum vun der Politik an deem Kontext limitéiert: "Zu dësem Moment ka keng Regierung acceptéieren, datt op der Finanzplaz een ze vill grousst Stéck vum Kuch verluer geet. Dat géif ee reelle Problem fir d'Staatsfinanze mat sech bréngen. Ech ginn och am Moment keen aneren Aktivitéitsberäich, deen dat kéint kompenséieren", sou de Laurent Mosar.