Zu Stengefort si 600 Containeren vu je 15 Quadratmeter geplangt, fir 300 Flüchtlinge kënnen opzehuelen. Dat huet de Buergermeeschter Jean-Marie Wirth confirméiert. D'Biergerinitiativ fäert, datt 2.000 Persoune kéinten ënnerbruecht ginn. Den CSV-Buergermeeschter bezeechent d'Angscht vun der asbl. "Kee Containerduerf am Duerf" als onbegrënnt.
Angscht virum Ghetto
D’Biegerinitiative fuerdert, datt kee Containerduerf zu Stengefort entsteet. Anerefalls wiere juristesch Prozeduren net ausgeschloss.
De Site zu Stengefort, op deem d'Containerduerf geplangt ass, wär net fir sou Zwecker geduecht, esou de Joé Lemmer, President vun der ASBL "Kee Containerduerf am Duerf". D'Biergerinitiativ geheit der Politik vir, ee Ghetto wëllen ze schafen. Dat wär diskriminéierent fir déi Leit, déi ukommen, a géif d'Integratioun net ënnerstëtzen.
D'Initiativ proposéiert, datt Infrastrukturen, déi et scho ginn, sollen amenagéiert ginn. D'Flüchtlinge sollen och am ganze Land verdeelt ginn.
Transparenz an Dialog
Kritik gëtt virun allem un der Art a Weis, wéi d'Containerstrukture geplangt goufen. Vun der Regierung gi méi Transparenz a méi Dialog gefuerdert. "Mat enger Opklärungspolitik, wou d'Leit Bescheed wëssen, wat kënnt. Wou d'Leit net vun engem Dag op deen aneren an der Press liesen 'dir kritt ee rise Containerduerf dohinner'", seet d'Nelly Meyers, Vizepresidentin vun der Biergerinitiativ.
Datt misst gehollef ginn, stéing net am Raum. Awer dat géif och mat de Bierger vu Lëtzebuerg am Dialog goen.
D'Gemeng gouf iwwerrascht
Och fir d'Gemeng Stengefort wier d'Iddi vun engem Containerduerf iwwerraschent komm, sou de Buergermeeschter Jean-Marie Wirth. U sech wär geplangt gewiescht, bestehend Infrastrukturen an d'Rei ze setzen. De Buergermeeschter fuerdert d'Regierung op ze klären, wat mat de Mënsche geschitt, nodeems si de Flüchtlingsstatut kritt hunn. Si missten da séier eng convenabel Wunneng kréien.
Eng Reaktioun vum Inneminister Dan Kersch (LSAP) war net méiglech well hien am Ausland ass.