Radioen

On air

Owesconcert  |  Side by Side

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nationalitéitegesetz : ASTI hofft op breede Konsens

Integratioun

Nationalitéitegesetz : ASTI hofft op breede Konsens

Ginn d'Proposë vum Justizminister Felix Braz a Saachen Nationalitéitegesetz enger ASTI wäit genuch? Zum Deel, seet d'Laura Zuccoli, Presidentin vun der ASTI. Op eenzelne Punkte kéint den Text hirer Meenung no awer méi wäit goen.

auto_stories

4 min

Nom Referendum wär d’Konklusioun gewiescht, datt de Wee vun der Naturalisatioun de Kinnékswee sollt si fir déi politesch Integratioun vun den Auslänner, seet d’Laura Zuccoli. Fir d’Presidentin vun der ASTI misst een dofir elo beim Nationalitéitegesetz proaktiv virgoen, fir esouvill wéi méiglech Auslänner d’Méiglechkeet ze ginn déi lëtzebuergesch Nationalitéit ze kréien. Op deem Punkt misst et e Konsens ginn.

D’Naturalisatiounsgesetz dierft awer net nëmmen am Kader vum Referendum betruecht ginn, esou d’Laura Zuccoli. Et géing drëms goen sech een Outil ënnert aneren ze ginn, fir d’Net-Lëtzebuerger op engem politesche Plang an engem gesellschaftleche Plang ze integréieren.

Droit du sol kéint méi wäit goen

Den Avant-Projet de loi vum Justizminister Felix Braz gesäit dräi Weeër vir, fir Lëtzebuerger ze ginn: Naturalisatioun, Optioun an Droit du sol. Woubäi en limitéierten Droit du sol fir déi éischt Generatioun eng Haapterneierung duerstellt. Och nei ass, datt d’Sproochekenntnisser jee no Residenzdauer flexibiliséiert ginn. Dernieft gi Civiques- an Integratitounscoursen ugebueden.

Den Droit du sol, deen am Avant-Projet de loi virgesinn ass, geet der ASTI net wäit genuch. "Mir hätten eis gewënscht, datt een direkt d’Nationalitéit géing ginn, wann Kanner hei op d’Welt kommen", seet d’Laura Zuccoli. Dat géing hëllefen, fir datt d’Leit vu vir eran d'Gefill hunn, datt se zu der Gesellschaft derzougehéieren.

D’ASTI begréisst, datt den Text vum Justizminister Felix Braz eng Modulatioun vun de Kritäre virgesäit. Deemno wéi laang een hei zu Lëtzebuerg wunnt, ass am aktuellen Avant-Projet de loi virgesinn, d’Exigenze bei de Sproochenkritären erof ze setzen. D'ASTI hätt sech awer en Punktesystem gewënscht, fir dat Zesummespill vun de Kritäre méi kloer festzesetzen.

“Lëtzebuerg ass en dräisproochegt Land"

Statistiken hu gewisen, datt Zuel vun de Leit déi de lëtzebuergesche Sproochentest net gepackt hunn, erop ass, seet d’Laura Zuccoli. Fir Leit déi net gutt schreiwen a liese kënnen, oder eeler Leit wär et schwéier eng nei Sprooch ze léieren.

Et misst een awer och wëssen iwwert wat ee schätzt wann ee seet datt de Niveau bei de Sproochkenntnisser erof gesat gëtt vu B1 op e A2. Bei A2 kéint een sech zu 75% verstännegen. Beim Niveau B1 kéime méi komplizéiert Formulen an Zäiten dobäi. Am Wësse vun der Sprooch wier dat net esou e grousse Sprong, seet d’ASTI-Presidentin.

Kloer ass der Laura Zuccoli no: et ginn dräi Sproochen zu Lëtzebuerg, wouvun eng Sprooch Lëtzebuergesch ass. Eng gemeinsam Sprooch géing et net zu Lëtzebuerg ginn.

Politesche Konsens oder politesche Courage?

Fir d’ASTI wär et wichteg, datt d’Regierung e politesche Konsens beim Nationalitéitegesetz géing sichen. Wichteg wär awer och fir um Zil fest ze halen, datt e Maximum vu Leit duerch de Pass Lëtzebuerger ginn. Do wou da kee Konsens méiglech wär, wär dann awer politesche Courage gefuerdert, esou d’Laura Zuccoli.

D’Naturalisatioun géing och mam Avant-Projet de loi net geschenkt ginn, mee et géingen Efforte verlaangt gi vun deenen déi Lëtzebuerger wëlle ginn, ënnersträicht d’Laura Zuccoli.

De 14. Okotber 2015 war d'Laura Zuccoli Invitée vum Dag um Mikro vum Mick Entringer.