Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Boulevards - Run and Move

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir stinn net gutt do"

Sécherheet am Verkéier

"Mir stinn net gutt do"

Lëtzebuerg ass dat eenzegt Land an der EU, wou d’Zuel vun Doudege bei Verkéiersaccidenter an de leschte fënnef Joer net zeréckgaang ass. “Mir stinn net gutt do”, sou de President vun der europäescher Federatioun vun den Affer am Stroosseverkéier (FEVR), de Jeannot Mersch.

auto_stories

4 min

De Jeannot Mersch zu Madrid

D’Radare sinn ee Mëttel, awer net dat eenzegt”, seet de Jeannot Mersch, dee selwer laang Zäit President war vun der Lëtzebuerger Associatioun vun den Affer am Stroosseverkéier (AVR). An anere Länner hätten d’Radare gewisen datt se op mannst kuerzfristeg eng Wierkung kéinten hunn.

De Jeannot Mersch erënnert drun datt Lëtzebuerg net gutt do géint stoen an de Statistiken. Et wier een an Europa dat eenzegt Land, wou déi lescht fënnef Joren d’Zuel vun den Doudesaffer op der Strooss net zréck gaange wier. Et géif ee mierken, datt d’Radaren en efficacet Mëttel wieren. Wann een en iwwert d’Lëtzebuerger Stroosse fiert, géif ee mierken, datt e bësse méi lues gefuer gëtt.

An déi Blesséiert?

De President vun der FEVR begréisst et, datt bis 2020 an der EU d’Zuel vun den Doudegen ëm 50 Prozent soll reduzéiert ginn. D’Zuel vun den Doudegen bei Accidenter reduzéieren ass een Zil vun der EU-Kommissioun. De Jeannot Mersch bedauert, datt et esou en Objektiv net géif gi fir déi Blesséiert bei engem Accident: “Mat aneren Acteure setze mir eis op europäeschem Plang an fir, datt déi Schwéierblesséiert net vergiess ginn”.

Fir de Projet “Vergiesse mer net déi Blesséiert” krut d’Europäesch Federatioun vun den Affer am Stroosseverkéier (FEVR) zu Madrid de Präis fir déi bescht Initiative fir Verkéierssécherheet vun der Fondatioun MAPFRE aus den Hänn vun der Kinnigin Sofia iwwerreecht (30.000 €). De Jeannot Mersch seet, datt d’FEVR geéiert an houfreg wier déi Auszeechnung kritt ze hunn. Dëse Präis géif een nach motivéiere mat senger Aarbecht virun ze fueren an op d’Geforen am Stroosseverkéier hin ze weisen.

Verkéiers- mee och Gesondheetsproblem

Endlech géing et och eng Definitioun ginn, wéini ee bei engem Accident schwéier verwonnt ass, seet de Jeannot Mersch. Allerdéngs géifen eng Rei Länner, dorënner och Lëtzebuerg, sech schwéier dinn, well een och d’Donnéeë vun de Klinike bräicht. Et wier een op deenen hir Hëllef ugewisen, well en Accident am Stroosseverkéier wier net just e Verkéiers- mee och e Gesondheetsproblem.

No engem Accident gëtt et eng grouss Erausfuerderung: als schwéier Behënnerten nees an d’Beruffs- a Sozialliewen integréiert ze ginn, seet de Jeannot Mersch. An der europäescher Federatioun, mee och an den nationalen Associatiounen, si Leit dran, déi ee Mënsch aus hirem Entourage bei enger Kollisioun verluer hunn oder selwer verwonnt goufen. Déi Leit géife mat hëllefe fir ze kucken, datt d’Zuel vun de Schwéierblesséierten däitlech zréck geet.

  • Den Interview mam Jeannot Mersch:

(FILL IN AUDIO HERE)