Radioen

On air

Notturno  |  My Morning Jacket - Touch Me I'm Going To Scream, Pt. 1

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Demokratie muss virgelieft ginn"

Politesch Bildung

"Demokratie muss virgelieft ginn"

D'Michèle Schilt an de Marc Schoentgen vum Script, dem Koordinatiounsservice fir Fuerschung am Beräich vun der Pedagogie am Edukatiounsministère, hunn um Projet matgeschafft, deen zu Walfer um Site vun Edupol soll emgesat ginn. D'Zilgrupp vum Zentrum soll, hinnen no, bei der Éducation précoce ugoen.

Christiane Kleer

auto_stories

2 min

Den Zetrum fir politesch Bildung soll Enn 2016 Realitéit ginn

"Déi Jonk sinn d'Bierger vu muer an déi musse mir op dat virbereeden, wat eis Zäit an eis Gesellschaft hinnen un Erausfuerderunge bréngt", sou ëmräisst de Marc Schoentgen d'Zil vum Projet "Zentrum fir politesch Bildung", dee jo soll Enn des Joers Realitéit ginn. Et géif dobäi net em politescht Endoktrinéiere goen, mee et geet em d’Erzéiung zur Citoyennetéit, seet hien am Gespréich mam Carole Schimmer.

Seng Kollegin, Michèle Schilt, seet och: et geet em Weiderbildung am Dialog, an dat soll net vun uewen erof fonctionnéieren. Zur politescher Bildung gehéiert, hirer Meenung no, och alles wat mécht, datt een an enger Welt eens gëtt, datt ee weess, wéi een sech kann engagéieren, "an datt een am Idealfall och Loscht huet, fir sech ze engagéieren".

"Haltungen entwéckelen"

Mee wéi steet et ëm den Engagement vun de Jonken, am Lëtzebuerger "Mikrokosmos"?. Datt ëmmer déi selwecht sech an der Gesellschaft op eng klassesch Aart a Weis engagéieren, hätt mam Engagement vun den Elteren ze dinn, seet d'Michèle Schilt. Wann Elteren sech engagéieren, da privilegiéiert dat och den Engagement vun de Jonken. Demokratie a Citoyennetéit missten eben och virgelieft ginn, esou d’Michèle Schilt vum Zentrum fir politesch Bildung. Vill Jonker engagéieren sech awer och méi punktuell, den Internet an déi sozial Medie bréngen an deem Kontext eng Verännerung mat.

Politesch Bildung ass weder Instruction civique nach Educatioun civique, sou wéi se aus der Schoul bekannt sinn, soen déi zwee Responsael am Gespréich mam Carole Schimmer. "Et geet eis drëm fir Haltungen ze entwéckelen, a kloer ze maachen, datt politesch Bildung och Partizipatioun un eiser Gesellschaft ass", seet de Marc Schoentgen. Demokratie a Citoyennetéit hätt och net nëmmen eppes mat Wahlrecht ze dinn – et géif méi fréi ufänken a méi wäit goen.

Zwee Piliere soll den Zentrum fir politesch Bildung hunn. Engersäits den Opbau vun engem Reseau vun ONGen, déi an de Schoulen oder an der informeller Educatioun kennen intervenéieren Anerersäits d’Formatioun an d’Weiderbildung vun Enseignanten oder méi informellen Erzéier am Beräich vun der politescher Bildung.