De Projet op der aktueller Kouwiss bei der Leidelenger Gare gëtt ironescherweis "Am Gréngs" genannt: Livingroom, déi privat Gesellschaft déi hannen dru stécht, wëll néng Hektar als Bauland reklasséiert kréien. 2011 hunn d’Administrateure Pit Pirrotte a Philippe Fettes dem Fonds du Logement 1,81 Hektar dovu versprach, zum gënschtegen indexéierte Präis vu 15.000 Euro den Ar. De Fong huet sech engagéiert: "En contepartie le Fonds du Logement apportera son soutien dans le cadre des procédures administratives, et notamment lors de la modification ponctuelle du PAG."
20 Prozent vun den néng Hektar vu Livingroom bei der Leidelenger Gare krut de Fonds du Logement also an Aussiicht gestallt. An der Konventioun, déi eis virläit, sinn zwou Konditioune virgesi fir d’Kafoptioun anzeléisen:
- déi concernéiert Terrainen hätte misse bannent 18 Méint als Bauland agestuuft ginn
- den allgemenge Bebauungsplang vu Leideleng misst bis 2033 no de Virstellunge vu Livingroom iwwerschafft ginn.
De Fonds du Logement huet sech den 8. Mäerz 2011 och engagéiert 20 Prozent vun de Fraise fir déi néideg Etuden ze bezuelen. Wéivill Suen de Fong bis haut dofir ausginn huet, ass eis net bekannt. Problematesch fir de Fonds du Logement a fir den Daniel Miltgen kéinten e puer Aspekter ginn. Et gehéiert net zu de gesetzleche Missioune vum Fonds du Logement fir private Proprietairen ze hëllefen hir Wisen als Bauland reklasséiert ze kréien. Donieft huet den Daniel Miltgen mat der Konventioun vun 2011 en Interessekonflikt. Hie war nämlech och President vum interministeriellen Aarbechtsgrupp fir de sektorielle Plang Logement. An deem Plang sinn déi concernéiert Terrainen am Mee 2014 als prioritär Zone fir gréisser Wunnengsbauprojeten definéiert ginn... woumat de sektorielle Plang sech iwwert fréier Decisioun vum Inneministère ewech gesat huet. Den deemolegen Inneminister Jean-Marie Halsdorf (CSV) huet sech den 3. Februar 2010 op en negativen Avis vun der staatlecher Commission d’aménagement gestäipt fir de Projet "Am Gréngs" ze refuséieren. Et gouf ënnert anerem kritiséiert, de groussen Immobilieprojet fir eng 800 Awunner bei der Leidelenger Gare géif en urbanistesche Satellit schafen, deen ze wäit vum Duerfkär ewech leie géif.
Fakt ass: den Inneministère huet de Projet am Joer 2010 refuséiert, 2011 huet de Fonds du Logement an enger Konventioun seng Hëllef bei den administrative Prozeduren ugebueden an am 2014 ass de Projet am sektorielle Plang als prioritär Zone fir gréisser Wunnengsbauprojeten agestuuft ginn. Well d’sektoriell Pläng den Ament op Äis leien an d’Regierung d’Zuel vun de grousse Wunnengsbauprojeten an de Pläng reduzéiere wëll, ass nach net gewosst, ob de Projet bei der Leidelenger Gare zréckbehal gëtt.
A Justizkreesser gëtt eisen Informatiounen no eng Enquête wéinst Trafic d’influence duerchaus fir méiglech gehal. Et gëtt bei der Justiz also net ausgeschloss, datt den Daniel Miltgen vu senger ëffentlecher Positioun abuséiert huet fir engem Privaten e Virdeel ze verschafen. Dem Artikel 246 vum Code penal no, geet et duer eng Géigeleeschtung an Aussiicht gestallt ze kréie fir datt den Trafic d’influence strofbar ass. Obwuel d’Konventioun méiglecherweis haut net méi a Kraaft ass, engagéiert den Daniel Miltgen sech eisen Informatiounen no och nach rezent bei de concernéierte Ministère fir den Immobilieprojet. An der Leidelenger Gemeng heescht et, den Daniel Miltgen wier nach am September 2014 mat de private Promoteure Pirrotte a Fettes an d'Gemeng komm fir sech fir de Projet anzesetzen. D'Gemeng Leideleng hätt näischt vun der Konventioun vun 2011 gewosst.
Den Daniel Miltgen seet op Nofro hin, d’Maggy Nagel hätt schrëftlech Erklärunge gefrot. Hie géif fir t'éischt der Logementsministesch äntwerten ier hie géif ëffentlech Positioun bezéien.
Am Ministère gëtt d’Konventioun den Ament juristesch gepréift, sou d’Maggy Nagel an enger éischter Reaktioun. Wann d’Äntwert vum Daniel Miltgen virläit, géif si decidéieren, ob si d’Konventioun un de Parquet gëtt. D’DP-Ministesch huet kritiséiert, datt hir politesch Virgänger den ontransparente Fonctionnement vum Fong ni a Fro gestallt hätten. Zur Fro, ob et d’Aufgab vum Fong ass fir Privater dobäi ze hëllefen hir Terrainen an de Bauperimeter ze kréien, seet d’Logementsministesch, si wéilt sech dozou réischt äusseren, wann een Audit, deen den Ament am Fonds du Logement gemaach gëtt, ofgeschloss ass: "Do hunn ech meng Meenung dozou, mee dem Audit well ech awer net virgräifen. Et ass ganz delikat, loosse mer Mol soen, wéi de Fong bis elo funktionéiert huet." Zur Fro, ob et sech bei dëser Konventioun ëm een Eenzelfall handelt, seet d’Maggy Nagel: "Ech muss soen, ech hunn déi lescht Zäit bal all Woch Eenzelfäll entdeckt, déi sech widderhuelen. Ech hoffen, datt esou eng Konventioun net eng Lawin lassléisst."