Radioen

On air

Notturno  |  Andy Shauf - To You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi streng Mesurë géint d'Fëmmen

Anti-Tubak

Méi streng Mesurë géint d'Fëmmen

Zu Lëtzebuerg stierwen all Joer 1.000Leit un de Suitë vum Tubak. Duerch déi geplangten Ännerungen um Anti-Tubakgesetz solle virun allem déi Jonk méi geschützt a vum Fëmmen ofgehale ginn. Déi nei Mesurë concernéiere besonnech d'E-Zigaretten.

auto_stories

5 min

© Bigstock

Zu Lëtzebuerg benotze geschate 5.000 Leit regelméisseg eng elektronesch Zigarett, heescht et vu Säite vum Gesondheets-Ministère. Fir si gëllen an Zukunft déi selwecht Regelen, wéi fir Leit, déi normal Zigarette fëmmen. Dës Mesure geet iwwer déi concernéiert EU-Direktiv eraus.

Net waarde bis Problemer do sinn

D'Lucienne Thomes, Direktesch vun der Fondation Cancer, begréisst déi geplangte Reglementatioun. Di gesondheetlech Schied vun enger E-Zigarett wiere net bekannt. Dofir wier et besser, d'Fëmme vun der E-Zigarett direkt ze ënnerbannen amplaz eréischt dann ze reagéiere wa Problemer do sinn.

Och d'Inhaltsstoffer vun der elektronescher Zigarett gesäit d'Lucienne Thommes éischter kritesch. Och an enger E-Zigarett wier Nikotin dran, aus dësem Grond géifen d'Leit d'Zigarette jo fëmmen. Donieft wieren awer och Aromaen a Substanze wéi de Propylenglykol oder de Glyzerin an den Zigaretten. Dës Substanze géinge fir de sougenannten Effet fumée vun der E-Zigarett suergen. Well een dës Stoffer net ësst mee inhaléiert, wiere keng Etuden iwwert hir Schiedlechkeet gemaach ginn, gëtt d'Lucienne Thommes ze bedenken.

Éischter méi, wéi manner

Verschidde chronesch Fëmmerte géifen op d'elektronesch Zigarett zeréck gräifen, fir mam Fëmme vu klasseschen Zigaretten opzehalen. Weltwäit Studie géifen awer beleeën, datt genau de Contraire kéint de Fall sinn, erkläert d'Dr Simone Steil vum Departement vun der Präventiv-Medezin vum Gesondheets-Ministère. Dacks géingen d'Leit gläichzäiteg normal Zigaretten an E-Zigarette consomméieren. Se géingen deemno éischter méi, wéi manner fëmmen. Et géinge méi Jonker iwwer d'E-Zigarett mam Fëmmen ufänken an dann op d'Zigarett ëmklamme wéi de Géigendeel, esou d'Dr Simone Steil.

Déi Jonk ginn zum Fëmme verleet

De Schutz vun deene Jonken ass ee vun den Ziler vum geplangten néien Antitubaksgesetz. 70 Prozent vun de Fëmmerte géife virun 18 Joer mam Fëmmen ufänken a 94 Prozent viru 25 Joer, heescht et vu Säite vum Gesondheets-Ministère. Och den héijen Taux vu 27 Prozent Fëmmerte bei de 16 bis 34 Jährege wier beonrouegend. Fir d'Gesondheets-Ministesch Lydia Mutsch ass d'Vapotéieren, also d'Fëmme vun enger E-Zigarett, problematesch wann et em d'Protectioun vun deene Jonke geet. Doduerch dass d'Vapotéieren d'Fëmme vun enger Zigarett géif simuléieren, géif et déi Jonk zum Fëmme verleeden. Dat wéilt een net. Ob Vapotéieren oder Fëmmen, aus gesondheetspolitescher Siicht wier et net hëllefräich, wann e Produit op de Maart kéim, deen de Fëmm-Virgank banaliséiert.

Där Meenung ass och d'Lucienne Thommes. E-Zigarette géingen dacks vu Leit gefëmmt ginn, déi nie gefëmmt hunn. Dës géingen d'E-Zigarette probéieren, well se gehyped ginn an als cool gëllen, esou d'Direktesch vun der Fondation Cancer. Aus dësem Grond wier et wichteg, datt d'E-Zigarett der normaler Zigarett gläichgestallt gëtt. Et misst verhënnert ginn, dass d'Fëmmen erëm zur Normalitéit gëtt.

Méi streng Mesuren net nëmme fir E-Zigaretten

Ass Vapotéiere genau sou gesondheets-schiedlech wéi d'Fëmme vun enger klassescher Zigarett? Dem Lydia Mutsch no géing zwar keen Dokter behaapten, eng E-Zigarett wier méi schiedlech wéi eng normal Zigarett. Dat wier awer och net den Discours deen de Gesondheetsministère wéilt féieren.

Wéi kënnt déi néi Reglementatioun iwwer déi elektronesch Zigarett beim lëtzebuergeschen Zigarette-Produzent Heintz van Landewyk un? De Georges Krombach, Marketing-Direkter vun Heintz van Landewyk begréisst, dass e legale Kader fir d'Vermaartung a Consommatioun vun den E-Zigarette geschaaft gëtt.

Aroma am Tubak gëtt verbueden

Duerch d'Ëmsetze vun der EU-Direktiv ginn awer och Zigaretten a Rull-Tubak mat spezifeschen Aromae verbueden. Aromae wéi Menthol a Vanill géingen de Goût oder de Geroch maskéieren, präziséiert d'Lydia Mutsch. Ähnlech wéi beim Alkohol géingen déi Jonk doduerch zur Consommatioun verleet ginn, obwuel si de Goût vum Alkohol oder Tubak a priori net gär hätten. Aus dësem Grond géif d'Zousetze vun Aromaen obligatoresch verbueden. Wéinst enger Derogatioun gëtt Menthol als Aroma am Tubak awer eréischt vun 2020 un verbueden.

Och d'Fëmme vun Tubak mat spezifeschen Aromaen an enger Waasserpäif, enger sougenannter Schischa, wäert duerch dat néit geplangten Anti-Tubak-Gesetz verbuede ginn. De Gebrauch vu Schischaen ass der Gesondheetsministesch no virun allem bei de Jonken a Moud. D'Direktesch vun der Fondation Cancer, Lucienne Thommes, betount och d'Schischa-Fëmme wier gesondheets-schiedlech. Bei der Consommatioun géinge Schwéiermetaller fräigesat ginn. A während d'Fëmme vun enger Zigarett e puer Minutten dauert, dauert d'Fëmme vun enger Schischa dacks eng Stonn. Dofir wier d'Konzentratioun vu Kuelestoff-Monoxyd vill méi héich.

D'Eltere responsabiliséieren

Eng weider Mesure am geplangten neien Antitubaksgesetz ass d'Fëmm-Verbuet am Auto a Presenz vu Kanner ënner 12 Joer. An engem Auto wier een, anescht wéi zum Beispill an enger Wunneng, an engem extrem klengen Espace, esou d'Lydia Mutsch. Souguer wann ee géing d'Fënsteren opmaachen, oder d'Klimaanlag umaachen, wier dat net genuch fir den Damp efficace ze evakuéieren. Mam Verbuet wéilt een e staarke Message no baussen droen. Di Erwuessen a virun allem d'Eltere géinge méi staark responsabiliséiert ginn, betount d'Gesondheetsministesch. Si solle mat hëllefen, datt hir Kanner net zu Fëmmerte ginn. Kanner sollen an engem fëmmfräien Ëmfeld opwuessen.

Donieft wäert duerch dat geplangt néit Anti-Tubak-Gesetz och e Fëmmverbuet op Spillplazen, nieft den ëffentleche Plazen, wou et schonn zënter 2006 verbueden ass ze fëmmen, gëllen.