Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Maria Chiara Argirò - Light

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi Sécherheet duerch Privacy Shield?

Dateschutz

Méi Sécherheet duerch Privacy Shield?

Privacy Shield ass deen neien Dateschutzaccord fir den Transfert vun Donnéeë vun EU-Bierger an d'USA. Den EU-Autoritéiten no garantéiert de Privacy Shield e bessere Schutz fir d’Europäesch Bierger. Zum Beispill soll d'Sammele vu grousse Quantitéiten Donnéeën duerch d'US-Geheimdéngschter limitéiert ginn. Kritiker soen, datt d'Ofkommes den Notzer keng Rechtssécherheet garantéiert.

auto_stories

3 min

De Max Schrems an de Jan Philipp Albrecht kritiséieren den Accord (© Zora Siebert)

Privacy Shield ass en neit Dateschutzofkommes, dat den 12. Juli a Kraaft getrueden ass. Et ersetzt de Safe Harbour Accord, deen den Europäesche Geriichtshaff am Oktober 2015 fir ongëlteg erkläert hat. Privacy Shield sollt europäesche Bierger, deenen hir perséinlech Donnéeën an d'USA geschéckt ginn, méi Garantie a méi Sécherheet ginn, erkläert d'Tine Larsen vun der Dateschutzkomissioun CNPD.

"E semanteschen Ënnerscheed"

Donieft soll d'"Bulk Collection", also d’Sammele vu grousse Quantitéiten un Date vun EU-Bierger duerch US-Geheimdéngschter limitéiert ginn. Déi amerikanesch Regierung géif sech selwer Limitatiounen, Garantien an Iwwerwaachungs-Mechanisme ginn, sou d'Tine Larsen. Domat soll massiv Masseniwwerwaachung verhënnert ginn.

Mam neien Accord géif d'USA awer nach ëmmer kee Schutz bei enger disproportionéierter Iwwerwaachung bidden, mengt den däitsch-franséischen Europadeputéierte Jan Philippe Albrecht (déi gréng). "D'USA huet zwar versprach, datt si elo manner ouni Grond jidderee wäerten iwwerwaachen. Awer d'Donnéeë späichere si trotzdem a ville Fäll ouni Grond." Et géif ee semanteschen Ënnerscheed ginn, deen den Europäesche Geriichtshaff awer net als Ënnerscheed géif gesinn. All Späicherung vun Donnéeë wär och ëmmer een Agrëff an d'Grondrecht op Dateschutz.

Kann den Ombudsman hëllefen?

D'Privacy Shield Ofkommes gesäit een Ombudsmann am US-Ausseministère vir. Do kenne Persounen, déi sech ongerecht iwwerwaacht spieren, an Zukunft reklaméieren. Den Ombudsman hätt awer net genuch Muecht, sou de Jan Philippe Albrecht. Déi Persoun wär e relativ ofhängegen Ënnerstaatssekretär am Ausseministère, dee keng Méiglechkeeten hätt, fir d'Decisioune vun de Sécherheets-Administratiounen ze beaflossen.

Den Éisterräicher Max Schrems hat am Oktober mat senger Klo géint Facebook dofir gesuergt, datt den Europäesche Geriichtshaff de Safe Harbor Accord gekippt huet. Hien ass dovun iwwerzeegt, datt och de Privacy Shield op den Europäesche Geriichtshaff wäert kommen. Den Europadeputéierten deelt déi Meenung.

Den Jan Philippe Albrecht plädéiert fir ee generellt Dateschutzgesetz an den USA a fir onofhängeg Dateschutzautoritéiten. De 25. Juli kennt de Grupp "Artikel 29" vun den europäeschen Datschutzkommissiounen zesummen. Do wäert och d'CNPD hiren Avis presentéieren.


Bäitrag vum Maxi Peschplay_arrow