Radioen

On air

Notturno  |  Arthur Verocai - Na Boca Do Sol

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi Rechter fir Persoune mat Behënnerung

Chancegläichheet

Méi Rechter fir Persoune mat Behënnerung

D'Lëtzebuerger Regierung schafft zënter véier Joer un der Ëmsetzung vun der UN-Konventioun fir d’Rechter vu Persoune mat Behënnerung. Wéi wäit des Aarbecht viru komm ass, gëtt elo vun de concernéierte Leit selwer evaluéiert: E Rapport aus der Siicht vu Mënsche mat Behënnerung soll dee vun der Regierung ergänzen. D’Aarbecht um Alternativrapport gëtt vun "Info-Handicap" encadréiert, dem nationale Rot vu Leit mat Behënnerung an där 53 Organisatioune vertruede sinn.

auto_stories

4 min

D'UN-Konventioun soll eng besser Integratioun garantéieren (Foto: Bigstock / michaelpuche)

D'Leit missten ëmdenken. Dat fuerdert de Joel Delvaux, dee fir déi Lénk am Stater Gemengerot ass. Als Persoun mat Behënnerung hätt een d'Gefill "datt ee muss onendlech dankbar sinn, wann eppes gamaach ginn ass", kritiséiert de Joel Delvaux, dee selwer am Rollstull sëtzt. D'Stad Lëtzebuerg hätt an deene leschte Jore vill gemaach, fir méi partizipativ fir all d'Bierger ze sinn. Dofir géinge weider Fuerderunge vu Persoune mat Behënnerung awer net méi gutt ugeholl ginn. "Dat ass déi falsch Approche."

Fir jidderee gläich

All Mënsch soll kënnen un der Gesellschaft deelhuelen, fënnt de Joel Delvaux. Natierlech géing et Saache ginn, déi net fir jidderee méiglech wieren. Et kéint awer net sinn, datt ee forcéiert wier op en Evenement ze goen, nëmme well Plaze fir Leit mat spezifesche Besoine virgesi wieren.

D'Argument, datt awer eppes gemaach gi wier, léisst de Joel Delvaux net gëllen. "Et kann net sinn, datt een dann e Reproche ze héiere kritt, wa keen do war. Et seet ee jo och deenen Aneren net, ob si musse kommen oder net." Et misst selbstverständlech sinn, datt eng Persoun mat Behënnerung déi selwecht Konditiounen hätt, wéi déi aner Bierger och.

"Nach vill ze dinn"

Lëtzebuerg huet d’UN-Konventioun fir d’Rechter vu Mënsche mat Behënnerung 2011 ratifizéiert. Ee Joer méi spéit huet d’Regierung een Aktiounsplang presentéiert. Een éischten Tëscherapport iwwer d’Ëmsetzung vun den am Ganze 65 Mesuren ass Enn 2013 finaliséiert ginn. Dee Rapport soll elo duerch ee Bilan aus der Perspektiv vun de Concernéierten ergänzt ginn.

Fir de Patrick Hurst vun der asbl "Nëmme mat eis" ass kloer: Bei der Accessibilitéit an dem Transport muss nach vill gemaach ginn. Ee Gesetz dat d'Accessibilitéit an all de Liewensberäicher garantéiert, géing zu Lëtzebuerg feelen. Fir Mënsche mat engem physeschen Handicap wier et zum Beispill schwéier, e gëeegente Logement ze fannen. Am Droit du bail géing et nämlech keng Amenagements-Klausel ginn, déi enger Persoun mat Behënnerung d'Recht op bestëmmten Ariichtungen zouschreift. Hei misst d'Gesetzgebung geännert ginn, fuerdert de Patrick Hurst.

Keen onofhängegt Liewen

Fir dorobber hinzeweise wier den Alternativrapport iwwert d’Integratioun an d’Rechter vu Mënsche mat Behënnerung wichteg. Dat gesäit och d’An-Sofie Leenknecht esou. Si schafft beim Europäesche Forum fir Handicapéiert Persounen zu Bréissel. Dës ONG vereenegt verschidden Organisatiounen aus den EU-Memberstaten, déi sech mam Thema Behënnerung ausernee setzen.

D’An-Sofie Leenknecht kritiséiert, datt vill Leit mat Behënnerungen dacks kee Recht op Privatsphär hunn. De juristesche Kader dofir géing feelen. An Europa géingen et vill Mënsche mat Behënnerunge ginn. Si hätte kee Recht fir onofhängeg an der Gesellschaft ze liewen. "Dat heescht, liewe wou ee wëll, mat wiem ee wëll a maache wat ee wëll. Vill Mënsche wunnen an enger Ariichtung. Si kënnen net entscheede wéini si opstinn, wat si iessen, wéini si hir Frënn gesinn." Dat wiere Saachen, déi kéinten am Kader vun der Konventioun kontestéiert ginn.

D'Aarbecht vum Comité

Den Alternativ-Rapport vun de Lëtzebuerger Behënnerten-Organisatioune soll Enn des Joers prett sinn. Pünktlech fir datt den UN-Comité fir d’Rechter vu Mënsche mat Behënnerung déi Remarke kann a seng Evaluatioun mat abezéien.

2017 steet nämlech déi éischt grouss extern Evaluatioun iwwer d’Ëmsetzung vun der Konventioun um Programm. De Comité géing esou wuel de Rapport vun der Regierung wéi och d'Rapporte vun der Zivilbevëlkerung berécksiichtegen, also och dee vun "Info-Handicap". Da géing eng sougenannte list of issues gemaach ginn, erkläert d'An-Sofie Leenknecht. "Dat si Froen, déi de Comité nach un d'Regierung huet fir Saache kloerzestellen déi an de Rapporter stoungen."

An der zweeter Phas mécht de Comité vun de Vereenten Natiounen Recommandatiounen, wéi d'Lëtzebuerger Regierung hiren Aktiounsplang fir d’Ëmsetzung vun der UN-Konventioun muss adaptéieren. Am Virfeld kéinten d'Behënnerten-Organisatiounen op Genf goe fir hir Problemer a Fuerderunge mam Comité ze diskutéieren, sou d'An-Sofie Leenknecht.

Géint Diskriminéierung

Déi verschiddenen Organisatiounen solle bei hirem Parallelrapport iwwert d’Integratioun fir Mënsche mat Behënnerung "extrem héich ze schéissen", fuerdert de Joel Delvaux vun déi Lénk. "Dat muss sinn, fir datt et an de Käpp vun de Leit klick mécht." Si misste verstoen, datt et net ëm Sonderrechter geet.

Et misst selbstverständlech sinn, datt jiddereen an der Gesellschaft déi selwecht Chancen a Méiglechkeete kréich. Et dierft keng Diskriminéierunge méi ginn, fuerdert de Joel Delvaux.