Radioen

On air

Benny Brown Show  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Méi negativ wéi positiv Impakter"

BREXIT

"Méi negativ wéi positiv Impakter"

Bei engem EU-Austrëtt vu Groussbritannien géifen et fir Lëtzebuerg kloer méi negativ wéi positiv Impakter ginn, esou d’Analys vun der Ekonomistin. Déi gréisste Verloschter géife ganz kloer Groussbritannien selwer treffen. Dobäi wier net nëmmen de britesche Finanzsecteur betraff. Groussbritannien ass déi zweetgréisst Economie an der Europäescher Unioun, mat engem Undeel vun 18 Prozent um Bruttoinlandprodukt vun der EU.

auto_stories

3 min

Lynn Zoenen, Ekonomistin Chambre de Commerce

Groussbritannien ass een immens wichtegen Handelspartner vu Lëtzebuerg an e wichtegen Investisseur, huet d’Economistin ënnerstrach. Et ass déi éischt Adress fir den Import vu Servicer. Groussbritannien ass den zweetwichtegste Partner vu Lëtzebuerg fir Exporter. An der Haaptsaach geet et ëm Finanzdéngschtleeschtungen. Donieft wier Groussbritannien e wichtegen Alliéierte vu Lëtzebuerg bei EU-Verhandlungen zu Finanzplaz-Sujeten: een Alliéierten, dee kéint verluer goen.

Méi qualifizéiert Personal op Lëtzebuerg?

E Virdeel vun engem Brexit kéint sinn, datt auslännesch Investisseure verstäerkt op Lëtzebuerg kommen, well si net méi sou u Groussbritannien interesséiert sinn. Donieft kéint de Grand-Duché an deem Fall qualifizéiert Aarbechtskräften unzezéien, déi de Moment zu London schaffen. Wéi vill Leit op Lëtzebuerg kéinte komme, wier awer net anzeschätzen, esou d’Economistin.

D’Chambre de Commerce huet keen Appell vu Lëtzebuerger Entreprisë kritt, datt si am gaange wiere, sech konkret op e Brexit ze preparéieren. Grouss Affekotecabineten hei am Land hätte sech awer sécher Gedanke gemaach, wéi een Impakt e Brexit op hir Aktivitéite kéint hunn, huet d’Lynn Zoenen gesot.

Bei engem Brexit wier ganz kloer mat gréisseren Turbulenzen op de Bourssen ze rechnen. D’Phase vun Onsécherheeten op den Aktiemarchéë géif doduerch verlängert ginn. Der US-Zentralbank no, kéint souwuel dat britescht Pond, wéi och d’Bourse bis zu 30 Prozent verléieren. Méiglech wier, datt déi europäesch Zentralbank duerch nei Liquiditéite fir Stabilitéit misst suergen.

Domino-Effekt?

Der Economistin no géif de Moment nëmme wéineg op een “Domino-Effekt” hindeiten: bis elo hätt nach keen anere Memberstaat konkret annoncéiert, no engem Brexit d’EU och wëllen ze verloossen.

A Groussbritannien ass haut an enger Woch de Referendum iwwert e sougenannte Brexit. Den aktuelle Sondagen no, hunn d’Supporter vun engem EU-Austrëtt bis zu siwe Prozentpunkte Virspronk.