Duerch d'Weiderentwécklung vun den erneierbaren Energien, an der Elektrifizéierung vum Fuerpark misst ee souwuel d'Produktioun ewéi och d'Besoinen um Reseau iwwerteneen ofstëmmen an optimiséieren. Déi Gestioun soll elo duerch Alva ënnerstëtzt ginn.
Alva ass eng digital Versioun vum reelle Reseau dee mat den Date vun ënnert anerem de Smartmeter gefiddert gëtt. Dat sinn déi digital Stroummiesser déi iwwer Funk Informatiounen iwwer de Konsum oder d'Produktioun matdeelen.
Informatiounen iwwer de ganze Reseau
Iwwert dee Wee ka CREOS um ganze Reseau Informatioune kucke goen, erkläert de Robert Graglia vu Creos.
"Mir gesinn ob de Kabel, entweder de Kabel deen an d'Haus geet oder dee Kabel deen an der Strooss läit, wat genau leeft um Reseau, Informatiounen déi mer bis elo net haten."
ALVA gouf vun der Start-up, Datathings zu Lëtzebuerg entwéckelt.
Eng Technologie fir verschidde Secteuren
Nieft dem Stroum ginn et och aner Beräicher wou ee mat Hëllef vu kënschtlecher Intelligenz, d'Effizienz vun der Distributioun kann optiméieren, betount den Dokter Gregory Nain vun Datathings.
"On peut l'envisager pour des réseaux de distribution d'eau ou de gaz, on se ramène aussi à des questions de logistique, des gens sur la route, des voitures, des congestions sur les autoroutes. Donc on peut utiliser cette technologie dans d'autres secteurs. "
Dës Technologie kéint also och an anere Secteure genotzt ginn.
A Partnerschaft mat enger slowenescher Entreprise déi am Beräich Smartmeter spezialiséiert ass, an déi an 80 Länner present ass, wëllt Datathings sech elo weiderentwéckelen.