Radioen

On air

Notturno  |  Here We Go Magic - How Do I Know

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Chamberpresident wëll keen Datum nennen

Verfassungsreferendum

Chamberpresident wëll keen Datum nennen

Dem blo-rout-grénge Koalitiounsaccord no, soll nach an dëser Legislaturperiod ee Referendum iwwer déi nei Verfassung organiséiert ginn. Ob dat Verspriechen ka gehale ginn, ass awer ongewëss. Et sollt ee sech déi Zäit huelen, déi ee brauch, seet dozou de Chamberpresident Mars Di Bartolomeo (LSAP).

Mick Entringer/po

auto_stories

3 min

Verfassungsreform: “Mir kréien dat ronn”

Zënter dem dräifache "Nee" beim konsultative Verfassungsreferendum am Juni ass onkloer, wéini dee bindende Referendum iwwer de ganzen Text vun der Verfassung organiséiert gëtt. 2016 wier ee gutt Joer fir d'Aarbecht um Niveau vun der Chamber ofzeschléissen, sou de Mars Di Bartolomeo. Et gëtt elo nach op een zousätzlechen Avis vum Staatsrot gewaart. An déi zoustänneg Chamberkommissioun beschäftegt sech mat den Ännerungsvirschléi, déi d'Bierger Online konnten areechen. Doduerch kënnt dem Chamberpresident no nach "Beweegung an den Dossier".

Nächst Joer géif dann och déi ëffentlech Diskussioun lancéiert ginn. D’Biergerforumen, déi deen Debat solle begleede sinn awer nach net opgestallt. Et misst ee kucken, de Referendum an "net suspekten Zäiten" iwwer d'Bühn ze bréngen. Et soll also evitéiert ginn, dass de Referendum ze no bei de Gemengewahlen 2017 an de Chamberwahlen 2018 wier. Zur Fro, ob nach an dëser Legislaturperiod kann iwwer d'Verfassung ofgestëmmt ginn, seet de Chamberpresident: "Mir schaffen op alle Fall drop hinn."

Deputéiert musse fir Inhalter stoen

“Mir hu Léieren aus dem massive Stress gezunn”, sot de Chamberpresident de Moie bei eis op der Antenn. Kuerz virum Joreswiessel goufen eng Rei wichteg Gesetzer ënner groussem Zäitdrock duerch d’Chamber geboxt. Et wär mat der Regierung ausgemaach ginn, datt an Zukunft bei komplexen Dossieren net op den Avis vum Staatsrot muss gewaart ginn, éier déi zoustänneg Chamberkommissioun sech domadder befaasst, esou de Mars di Bartolomeo. Et sollt een awer net d'Responsabilitéit op d'Regierung ofwälzen. Bei wichtegen Dossiere sollt d'Chamber "selbstbewosst" soen: "Mir hätte gär, dass mir eis elo domadder ausenaner setzen."

De Mars di Bartolomeo huet op en Neits dofir plaidéiert, dass d'Chamber méi op intern an extern Expertise zréck gräift, fir Dossiere besser kënnen ze traitéieren. Do wieren och d'Deputéiert gefuerdert, déi sech méi misste spezialiséieren. Hie géif sech erwaarden, dass d'Leit wëssen, a wéi engem Beräich een Deputéierte sech besonnesch gutt auskennt. "Et soll ee kënnen d'Käpp mat engem Inhalt verbannen. An do hu mir nach eppes ze dinn."

Sozial Ongläichheeten wuessen

D’Ongläichheeten bannent an tëscht den EU-Staaten ginn ëmmer méi grouss, seet de Mars di Bartolomeo. Dat géing zu extreme Spannunge féieren. Déi europäesch an och déi national Politiken hätten an de läschten Jore mat Austeritéitsmoossnamen ze vill eesäiteg den Akzent op dat Economescht geluecht. Woubäi een zu Lëtzebuerg den Ausdrock “Austeritéit” staark misst nuancéieren. Déi sozial Dimensioun wier awer vernoléissegt ginn.

Iwwert e staarken Sozialstaat kéint ee verhënneren, datt et zu engem Broch an der Gesellschaft kënnt. Eng staark Sozialversécherung géing net duer goen, fir ee "sozialen Triple A" ze verdéngen. Do misst een dem Chamberpresident no och aner Beräicher, wéi de Wunnengsmaart an de Chômage, mat berücksichtegen. “Do komme bei eis ze vill Leit ënnert d’Rieder”.