D’Denkfabrik vun der Chambre de commerce IDEA proposéiert d’Ofschafen vun der Kierperschaftssteier fir all d’Entreprisen, ausser déi am Finanz-an-Assurance Secteur. Dëst géing de Steiersystem méi gerecht maachen, mee net nëmmen: "Fir Kierperschaftssteier ofzeschafen ass net nëmmen eng Saach vu méi Steiergerechtegkeet, mee och vun administrativer Vereinfachung a vu Kompetitivitéit”, esou den Direkter vun IDEA, Marc Wagener am Interview beim Mick Entringer.
D’Ofschafe vun der Kierperschaftssteier géing et den Entreprisen erlaben, hier Produktivitéit an hiren Service um Client ze verbesseren. Dem Marc Wagener no ass déi Propose net ongerecht géintiwwer de schaffende Leit. "Wann ech Steieren op menger Pei bezuelen, da nëmmen well déi Entreprise, an där ech schaffen, eemol gegrënnt ginn ass", sou de Marc Wagener, deen der Meenung ass, et wieren "irrsënneg Diskussiounen, ze soen d'Entreprise missten X Prozent Steiere bezuelen an d'Leit Y Prozent". Et géif een am Krees dréinen, sou dem Marc Wagener, deen och "einfach mol sou an de Wand" seet: "Soss géif et jo duergoen wann d'Entreprisen d'Peie géifen erofsetze fir datt d'Leit manner Steiere bezuelen".
"Am Ökosystem ukomm"
De Think Tank vun der Chambre de commerce erwaart sech, datt duerch d'Ofschafe vun der Kierperschaftssteier zwar 450 Milliounen Euro manner an d’Staatskeesen géife fléissen. Dës Zomm kéint awer iwwert aner Mesure rëm zréckfléissen, zum Beispill am Beräich vum Logement. "Och wann d'Entreprisë keng Steiere géife bezuelen, géifen déi Suen, déi si generéieren am economesche Flux bleiwen. Si gi net verluer", sou de Marc Wagener. Hien argumentéiert: "Mir hunn dat reng wirtschaftlech gekuckt, dat kann een sech als Think Tank erlaaben". IDEA proposéiert, zum Beispill, fir de bëllegen Akt ze reforméieren, an datt d’Bauspuerverträg net méi vun de Steieren kënnen ofgesat ginn. Dem Marc Wagener no hätten déi Mesuren souwisou net zu méi Wunnraum bäigedroen.
De Marc Wagener betount awer och, dass d’Proposë vun IDEA beschtefalls déi proposéiert Steierreform soll ergänzen.
D’Denkfabrik IDEA ass virun zwee Joer vun der Chambre de Commerce gegrënnt ginn a gëtt och gréisstendeels vun der Beruffskummer finanzéiert. Si huet, eegenen Aussoen no, als Missioun mat neien an radikalen Iddien economesch Diskussiounen op een aneren Niveau ze bréngen. Am Interview mam Mick Entringer gëtt de Marc Wagner zou, datt een heiansdo och mol uneckt mat sou neien Iddien. Gréisstendeels wier de Feedback awer positiv. Am Gespréich mat Politiker géif een ëmmer rëm mierken datt IDEA-Proposen "indirekt erëmkommen". "Ët seet lo keen, datt dat vun IDEA kënnt, mee mir mierken awer, datt mer an den Ökosystem vu Lëtzebuerg mat erakommen", sou nach de Marc Wagener.