Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ech hunn eng aner Approche"

Marc Hansen am Gespréich

"Ech hunn eng aner Approche"

Datt d'Maggy Nagel, déi am Dezember zréck getrueden ass, Fehler an der Wunnengspolitik gemaach hätt, wëll den neie Logementsminister net soen. Wat de Marc Hansen proposéiert: Ajustementer an en anere Stil.

Pia Oppel

auto_stories

3 min

"D'Logementsproblematik ännert een net an zwee Joer". Dat äntwert den neien DP-Logementsminister Marc Hansen op d'Fro, wat seng Virgängerin net richteg gemaach huet. Ënnert dem Maggy Nagel, déi am Dezember zréck getrueden ass, wier scho vill geschitt. Mee hien hätt eng aner Approche, notamment am Ëmgank mat de Gemengen.

Obwuel 80 Prozent vum Bauland Marché a privater Hand sinn, kéint de Ministère awierke fir privat Bauterrainen ze mobiliséieren. De Minister ass also ugewisen op gudde Wëlle vun de privaten Acteuren? "Jo, mee do ass awer och vill méiglech". An éischter Linn setzt de Marc Hansen do op Informatiounscampagnen an Iwwerzeegungsaarbecht an de Gemengen.

Kee Frënd vun Zuelen

Der Regierung no soll d'Land an 30 Joer eng Millioun Awunner hunn. De Marc Hansen wëll sech awer net drop festleeën, wéi vill Logement deemno elo misst gebaut ginn. Hien wier kee Frënd dervu stänneg nei Zuelen an de Raum ze stellen: "Mir sinn am Gaang eis Ziler ze setzen."

Verstäerkt Investissementer vum Pensiounsfong an d'Constructioun vu Wunnengen hält de Marc Hansen fir eng "ganz interessant Piste". D'Gespréicher doriwwer wiere schonn am Gaang.

Steiervirdeeler fir jonk Propriétairen?

Am Kader vun der geplangter Steierreform huet de Marc Hansen Pistë proposéiert, fir jonke Leit a Saache Logement entgéint ze kommen. Eisen Informatiounen si Steiererliichterunge geplangt fir jonk Familljen, déi en Immobilien-Prêt mussen ofbezuelen. Detailer wollt de Marc Hansen e Samschdeg an eiser Emissioun "Riicht Eraus" nach keng nennen.

Datt de fréiere President vum Fonds du Logement Daniel Miltgen viru Geriicht kéint Recht kréien, a säi Posten nees ze gutt hätt, wollt de Marc Hansen net weider kommentéieren.

IHTP: Plus-Value fir Lëtzebuerg?

D’Recherche an d’Héichschoul sinn déi aner zwee Ressorte vum Marc Hansen. Am blo-rout-grénge Koalitiounsaccord gouf d'Schafe vun engem Institut fir Zäitgeschicht annoncéiert (IHTP). D'LSAP war éischter dofir dat Institut baussent der Uni unzeleeën. De Marc Hansen gesäit dat anescht. Fir hien ass et déi richteg Decisioun, d'Institut op der Uni ze etabléieren an doduerch och eng wëssenschaftlech Onofhängegkeet ze garantéieren.

Wéi grouss den IHTP emol soll ginn, dorobber wëll den delegéierte Minister fir Héichschoul a Recherche sech net festleeën: Et géif net drëms goe Strukturen opzeblosen, mee ëm Substanz a Qualitéit. Déi zwee aner Interdiziplinär Fuerschungszentrumen op der Uni (den SnT an den LCSB) hunn iwwer 100 Mataarbechter.

Fuerschung: Fusiounen a Chantieren

D'Kritik vun der OECD, datt Lëtzebuerg keng kohärent Fuerschungsstrategie huet, léisst de Marc Hansen esou net stoen. Fir den nationale Fuerschungsfong géife präzis Prioritéite gëllen. Effektiv géifen awer Beméiunge gemaach ginn, fir d'Coordinatioun vun de verschiddene Fuerschungsefforten ze verbesseren. Et soll en neit Gremium geschaaft ginn, dat kann hëllefe strategesch Decisiounen ze huelen.

De Marc Hansen huet vun 1993 bis 2009 als Radio- an Telésjournalist geschafft. An der Emissioun "Riicht Eraus" ass et och ëm seng professionell Choixen a säi Wee an d'Politik gaang. Hei kënnt Dir se ganz lauschteren: