Zënter 1976 besetzt Marokko zwee Drëttel vun der fréierer spuenescher Kolonie. Marokko huet eng Mauer vun 2.700 Kilometer ronderëm d'Gebitt opgeriicht, dat et als Deel vum marokkanesche Kinnekräich ugesäit. Eng Minoritéit vu Staate weltwäit erkennen en onofhängegt Westsahara un.
D’Polisario-Front gëtt vun der UNO als de legitimme politesche Vertrieder vun der Populatioun vun de Sahraoui ugesinn. D’Front hat virum EU-Geriichtshaff um Kierchbierg géint een EU-Marokko Fräihandelsaccord geklot. Datt deen Accord op Westsahara applizéiert gëtt ass fir si illegal. D’Uerteel a leschter Instanz vum 21. Dezember huet der Polisario-Front Recht ginn.
"Marokko huet keng Souveränitéit op Westsahara"
De Fräihandelsaccord vun 2012 tëschent der EU a Marokko kann net op deem Territoire applizéiert ginn, geet aus dem Uerteel ervir. Faktesch bedeit dat: “Westsahara, dat vu Marokko militäresch besat gëtt, ass een net-autonomen Territoire. D’Sahraoui-Bevëlkerung huet d’Recht sech selwer ze bestëmmen. A Marokko huet keng Souveränitéit op Westsahara”, sou de Manuel Devers, juristesche Beroder vun der Polisario-Front, am Interview mam Charlotte Bruneau.
D’Europäesch Unioun huet zwee Fräihandelsaccorde mat Marokko ofgeschloss. Den Accord vun 2000 gesäit d’Liberaliséierung vum Commerce an de Beräicher Fëscherei a Landwirtschaft vir. “Den Accord vun 2012 huet d’Schleisen nach e bësse méi opgemaach”, erkläert de Manuel Devers. Besonnesch aus Westsahara hätt d’EU bëlleg Tomaten, Melounen, Zitrus-Friichten a Fësch importéiert.
Virun allem hätt d’EU doduerch d’Souveränitéit vu Marokko op deen ëmstriddenen Territoire unerkannt. Gläichzäiteg géif se d’Selwerbestëmmung vun de Sahraoui ënnerstëtzen. “D’Europäesch Unioun hält een duebelen Discours”, seet de Manuel Devers. “Fir d’Polisario-Front war dës Fro extrem wichteg: ouni dëse wirtschaftlechen Aspekt vun der militärescher Besetzung vu Westsahara, kéint Marokko sech net weider do ophalen”, sou de Jurist.
Legitim Vertrieder vu Westsahara wëlle mat EU an Investisseure verhandelen
Den Arrêt vun e Mëttwoch géif de Grondsteen leeë fir d’Relatiounen tëschent Westsahara an der Europäescher Unioun. D’Polisario-Front hätt haart dofir gekämpft. “Se wäert mat der selwechter Determinatioun fir seng Ëmsetzung kämpfen”, seet de Manuel Devers. D’Front huet een zweete Recours virum EU-Geriichtshaff gemaach a Bezuch op d’Bestëmmungen iwwert den Handel mat de Produkter vun der Fëscherei. Dem Manuel Devers no wier de Polisario-Front bereet, dee Recours falen ze loossen an ee politeschen Accord mat den EU-Institutiounen auszehandelen.
D’EU-Uerteel hätt des weidere Konsequenze fir Entreprisen, déi a Westsahara investéiert hunn a bis elo mat de marokkaneschen Autoritéiten diskutéiert hunn. “Dës europäesch Wirtschaftsacteure musse verstoen, datt hir Investissementer keng juristesch Basis méi hunn.” Och mat hinne wier d’Polisario-Front bereet ze verhandelen, fir hir Situatioun ze regulariséieren, verséchert hire juristesche Beroder.