Radioen

On air

Notturno  |  Chilly Gonzales - Knight Moves

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Manner Investitioune wéinst dem neien Agrargesetz?

Landwirtschaft

Manner Investitioune wéinst dem neien Agrargesetz?

D'Bauere waarden zënter méi wéi zwee Joer op d'Gesetz, dat d'Verdeele vu staatleche Subventioune regelt. D'Chamberkommissioun huet déi lescht Amendementer ugeholl. D'Landwirtschaftskammer kritiséiert méi restriktiv Spillregelen.

Carole Schimmer, md

auto_stories

3 min

© Bigstock/budabar

D'Prioritéit vun der Landwirtschaftskammer ass, datt d’Agrargesetz iwwerhaapt emol gestëmmt gëtt an a Kraaft kann trieden. D'Verspéidung gëtt ënnert anerem doduerch erkläert, datt de Plan de développement rural vun der EU-Kommissioun huet misste guttgeheescht ginn. D'Bauere wieren an enger Zwéckmillche gewiescht, sou den DP-Deputéierten a Rapporter vum Gesetz Gusty Graas. "Se wollten investéieren, konnten awer net well se net wësse wat op se duer kënnt".

Mam neien Agrargesetz gi Selektiounskritären agefouert, unhand vun deenen déi landwirtschaftlech Projete kënne matenee verglach an d'Bäihëllefe verdeelt ginn. Dës Kritäre dréinen ëm d’Formatioun, den ekologeschen Aspekt, d’Wuel vum Déier. Des weidere kënnt e Volet Berodung mat eran. “D’Selektiounskritäre sollen de Bauer och a sengen Investitioune guidéieren”, erkläert de gréngen Deputéierte Gérard Anzia.

"Besonnesch schlëmm fir Betriber, déi aus dem Duerf mussen eraus"

D’Landwirtschaftskammer ass skeptesch a fuerdert, datt d’Kritären no zwee Joer bewäert ginn. Fir de President Marco Gaasch ass dat neit Agrargesetz "manner gënschteg fir d'Bauere wéi et virdru war.” Et géifen zousätzlech Hürden opgestallt ginn duerch déi d’Betriber, ënnert dem Stréch, manner Subventioune géife kréien. "Dat ass besonnesch schlëmm fir Betriber, déi aus dem Duerf mussen eraus", sou de Marco Gaasch. Géigeniwwer der éischter Versioun vum geplangte Gesetz wiere Verbesserungen zugonschte vun de Bauere bäikomm, verséchert den DP-Politiker Gusty Graas.

Dat schéngt d’Landwirtschaftskammer net ze berouegen. Déi nei Konditioune géifen et virun allem jonke Bauere méi schwéier maache fir sech z'installéieren, seet de Marco Gaasch. Datt se ee plan d'entreprise missten opstelle wier u sech sënnvoll. Kritiséiert gëtt d’Kontroll no fënnef Joer, vun där déi geplangte prime de première installation ofhängeg gemaach soll ginn. “Engem 25.000 € virun d'Gesiicht ze halen an dann zu him ze soen: 'déi kriss de awer net wann s de net alles gemaach hues wat mer gesot hunn'", hält de Marco Gaasch fir iwwerdriwwen.

CSV-Ännerungsvirschléi wiere gréisstendeels refuséiert ginn

Dem DP-Deputéierte Gusty Graas no géif een um Punkt vum Businessplang tëschent zwee Still sëtzen. Engersäits misst ee Planungssécherheet hunn. Anerersäits géif d'Gesetz awer och eng Ausnam zouloossen am Fall vun Ursaache fir déi een net kann.

D'CSV kritiséiert, datt am Gesetzprojet 57 Reglementer virgesi sinn iwwert déi Detailer géife feelen. Déi gréissten Oppositiounspartei hat am ganze 27 Amendementer agereecht. "Déi meescht sinn einfach esou refuséiert ginn, ouni grouss Erklärungen", bedauert d’CSV-Deputéiert Martine Hansen.

Beim geplangten Agrargesetz hat de Staatsrot sech nawell kritesch gewisen, mat am ganze 45 oppositions formelles. D’Amendementer, déi scho virun der Fuesvakanz festgehale goufen, géifen all dësen Awänn Rechnung droen, heescht et an der zoustänneger Chamberkommissioun.