Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Busty And The Bass - All The Things I Couldn't Say To You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ London, eng Exceptioun

Referendum a Groussbritannien

London, eng Exceptioun

Zu London krut d'Campagne vun deenen, déi fir e Brexit sinn, am Virfeld vum Referendum wéineg Ënnerstëtzung. Déi britesch Haaptstad war an de Sondagen däitlech fir de "Remain". Dofir ginn et Erklärungen.

auto_stories

2 min

Zu London ass d'Campagne fir de "Remain" gutt ukomm

Iwwer zwou Millioune Jonker studéieren zu London. Den Tim Verboven an d'Syada Dastagir si Studenten op der Birkbeck University. Si si Porte Parolen fir d'Campagne Students for Europe, a fervent Supportere vun der EU an de Méiglechkeeten, déi se Studente bitt, fir ze reesen an ze studéieren.

De Referendum hätt e Gruef opgemaach, soen si: Tëscht deene méi aarme Regiounen, mat manner héijem Edukatiounsniveau, an deene méi räiche Regiounen. An dann tëscht den alen, a neie Generatiounen: Déi jonk Generatioune wéilten éischter eng Politik vun der Globaliséierung a Kooperatioun, an d'EU wier e Symbol dofir, soen déi zwee Studenten.

Eng Insel, déi sech net soll isoléieren

"Mir liewen net méi an enger schwaarz-wäisser Welt. Mir liewen an enger ëmmer méi groer Welt. Theme wéi Immigratioun, Aarmut, sozial Ongläichheeten, mir mussen doriwwer kënnen eng raisonnabel Debatt féieren", sou d'Studentin Syada Dastagir.

"Groussbritannien ass zwar eng Insel, ma mir sollen eis net isoléieren", seet eng weider Fra vu London, déi fir "Remain" gewielt huet. Si gesäit ee groussen Ënnerscheed tëscht der Stad an dem Land. Ländlech Regioune fillen sech, hirer Meenung no, "net europäesch".

"Ech mengen et läit dorunner, dass vill Plazen ekonomesch vernoléissegt goufen. Déi Regioune realiséieren dacks iwwerhaapt net, dass si vill Sue vun der EU kréien. Regioune wéi Wales oder Cornwall, déi hu massiv vun europäesche Sue profitéiert".

"Vill falsch Informatiounen op béide Säiten"

D'Londoner City, d'Finanzplaz, an de Business Secteur, hu sech kloer fir de Remain ausgedréckt. Op der Londoner School of Economics LSE ass et schéiwer eng Persoun ze fannen, déi fir e Brexit ass. D'Swati Dhingra, Ekonomiesprofessesch op der LSE, staunt, wéi wéineg d'Warnunge virun engem Brexit seriö geholl gi wieren.

"Et goufe vill falsch Informatiounen op béide Säite verbreet. Dofir gleewen nach 22 Prozent vun de Leit, dass ee Brexit Konsequenzen nëmmen fir d'britesch Wirtschaft hätt. 96 Prozent vun Ekonomiste soen zwar, dass d'Wirtschaft substantiell mat engem Brexit géif verléieren. Mee vill Leit gleewen eis einfach net."

Och eng Reaktioun op d'Austeritéitspolitik

Dëse Referendum ass och eng Reaktioun op déi politesch an ekonomesch Elite, géint d'Austeritéitspolitik, net vun Europa, mee vun der britescher Regierung. London krut dat manner ze spieren.

A wann de Vote an der Haaptstad relativ kloer fir Remain wäert ausgoen, esou ass dat, a villen anere Regiounen a Groussbritannien, alles anescht ewéi sécher.

AUDIO

London, eng Exceptiounplay_arrow