Radioen

On air

Notturno  |  James Blake - Before

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuergesch geschwënn EU-Sprooch?

Sproochendebat

Lëtzebuergesch geschwënn EU-Sprooch?

Den Educatiounsminister Claude Meisch huet d’Iddi relancéiert, fir d’Lëtzebuergesch als offiziell Sprooch op EU-Niveau unerkennen ze loossen. De Kulturministère gouf elo chargéiert, fir d'Konditiounen an d'Prozeduren nozesichen, fir d'Lëtzebuergescht unerkennen ze loossen.

auto_stories

2 min

Den Educatiounsminister Claude Meisch

"Ech wëll ee Wee fannen, fir Lëtzebuergesch als offiziell EU-Sprooch kënnen ze consideréieren", esou den Educatiounsminister. De Kulturministère gouf elo chargéiert, fir d'Konditiounen an d'Prozeduren nozesichen, fir d'Lëtzebuergescht unerkennen ze loossen.

D’Reaktioune bei der politescher Oppositioun op d’Iddi, fir Lëtzebuergesch als EU Sprooch unerkennen ze loossen, si positiv:

  • De Gast Gibéryen betount, d'ADR hätt sech schonn zënter laangem dofir agesat: "Mir si frou, datt eis Iddi elo opgegraff gëtt." Den Opwand wier net esou grouss. Net all Dokumenter missten iwwersat ginn, mee wann ee Bierger un d'EU-Kommissioun schreiwen, da misst hie kënnen eng Äntwert op Lëtzebuergesch kréien. D'Lëtzebuerger Regierung misst dobäi hëllefen.
  • Och d'CSV fënnt d'Propose vum Claude Meisch gutt. Mee d'Méisproochegkeet dierft net vernoléissegt ginn, betount den CSV-Deputéierte Gilles Roth. D'Lëtzebuerger Sprooch wier schonn zënter laangem am Bewosstsinn vun der Populatioun: Déi aktuell Sproochepetitioun wier een Ausdrock dovun.

Am 100,7-Interview huet de Claude Meisch iwwerdeems weider Pisten opgezielt, iwwer déi d'Lëtzebuergescht weider kéint gefërdert ginn:

  • D'Sprooch als Optioun an de Lycéeë proposéieren
  • Ee Stufesystem an der Erwuessenebildung: Immigrante kéinten no a no verschidden Niveauen zertifiéiere loossen.
  • D'Orthografie duerch d'Kommunikatioun mam breede Public fërderen

Interview mam Claude Meischplay_arrow

Reaktioune vun ADR an CSVplay_arrow