Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuergesch am Multilinguismus

Lëtzebuerger Sprooch

Lëtzebuergesch am Multilinguismus

D’Plaz an d’Gewiicht vun der Lëtzebuerger Sprooch polariséiert rëm. Eng Petitioun fir d’Lëtzebuergescht als éischt Amtssprooch huet mat 14 Dausend Ënnerschrëften e relative Succès. D’Petitioun gouf scho vill kommentéiert. "Ma am Fong gëtt et ee Konsens", seet de François Aulner an engem Kommentar.

auto_stories

3 min

Kee Mënsch, och keen Auslänner, deen hei am Land lieft, géing am Dram drun denken d’Lëtzebuergescht ofzeschafen. Kee Mënsch géing awer och am Dram drun denken de Multilinguismus ofzeschafen, ouni deen de Lëtzebuerger Wuelstand onméiglech ass.

Par konter mengen op d’mannst 14.000 Leit, datt d’Lëtzebuerger Sprooch méi Plaz misst kréien, besonnesch méi wéi Franséisch. Eng Fuerderung, déi virun allem zeréckgeet op de mëttlerweil bekannte Frust, datt ee beim Bäcker säi Croissant op Franséisch misst bestellen. De faméisen: "en français, s’il vous plaît."

Ënnert der Konditioun, datt dës Ängscht net fir eng Nationalistesch Agenda benotzt ginn, hëlt d’Politik dee Frust zu Recht Eescht. Mee genee sou zu Recht ass et Versteesdemech ze hu fir Frontalieren oder Auslänner, déi hei liewen. Ofgesinn dovunner, datt si dacks wéineg bezuelt ginn oder am Fall vun de Frontalieren zwou bis dräi Stonne pro Dag am Verkéier verbréngen an ofgesi vun den aktuellen Aarbechts-Rhythmen, ass et fir si méi schwiereg d’Sprooch ze léieren, well d’Lëtzebuergesch-sproocheg Communautéit dacks isoléiert ass vun der Net-Lëtzebuergesch-sproocheger a vice-et-versa.

Lëtzebuergesch am Multilinguismus

Et geet am Fong net drëms wéi eng Sprooch ee schwätzt, mee wéi lieft ee besser zesummen. Dat geet wann ee Lëtzebuergesch am Multilinguismus fërdert. Net dat eent ouni dat anert. Wat kann ee maachen, fir datt Lëtzebuergesch méi Plaz kritt, ouni datt de Multilinguismus drënner leit?

Laangfristeg kéint d’Sprooch esou adaptéiert ginn, datt si eng Rechtssécherheet erëm gëtt. Eng Académie française à la luxembourgeoise, misst Zengdausende Wieder erfannen, déi am Moment feelen. Bis Lëtzebuergesch rechtssécher ass, kéint allerdéngs laang daueren. Wann et awer esouwäit ass, kéinten d’Texter op den dräi offizielle Sprooche publizéiert ginn.

Kuerzfristeg kéint Lëtzebuerger Grammaire an de Primärschoulen enseignéiert ginn. Mat enger uerdentlecher Programmatioun kéint sécherlech verhënnert ginn, datt aner Fächer drënner leiden. Déi aner Sproochen mussen awer och weider enseignéiert ginn.

An der Tëscht gëtt d’Lëtzebuergescht scho gestäerkt; ënnert anerem um Radio. Duerch d’Nationalitéit och: D’Lëtzebuergesch-Coursen si voll besat. Nach ni hunn esouvill Mënsche wéi haut Lëtzebuergesch geschwat.

Lëtzebuerg muss glänzen

Wat awer am Beschte fir d’Lëtzebuergescht wier, wier wann d’Awunner hei am Land, ob Lëtzebuergesch-sproocheg oder net, sech net diviséiere loossen. Wat am Beschte wier, wier wann een ënnert Frontalieren a Net-Frontalieren, ënnert Nationalen an auslännesche Residenten, méi Zäit matenee géing verbréngen. Wéi soll ee Lëtzebuergesch léieren, wann déi, di d’Sprooch kënnen, refuséiere mat deenen aneren ze kommunizéieren?

Leit iwwerzeegen d’Lëtzebuerger Sprooch ze léieren, dat geléngt Lëtzebuerg am Beschten, wa Lëtzebuerg glänzt. An et glänzt een och an der Manéier wéi ee seng Invitéen behandelt.


Lëtzebuergesch am Multilinguismusplay_arrow