Radioen

On air

Tockcity  |  Moto Bandit - This Is The Day

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg gutt opgestallt?

FEDIL

Lëtzebuerg gutt opgestallt?

De Lëtzebuerger Standuert huet kloer Virdeeler, seet den Direkter vun der Industriellefederatioun (FEDIL), de René Winkin. Et misst awer och un d’Relève geduecht ginn an no enger qualifizéierter Main d’oeuvre gesicht ginn.

auto_stories

3 min

René Winkin

An de lëschte Wochen a Méint koume gutt Noriichte wat d’Investitiounen am Industriesecteur ugeet. Enn der Woch koum d’Nouvelle, datt eng griichesch Jughurts-Fabrick zu Lëtzebuerg Fouss faasst. Dupont de Nemours huet nei Investitioune gemellt, grad ewéi Eurocomposites zu Iechternach.

Déi méi klassesch Atouten vum Lëtzebuerger Standuert wieren déi geografesch Positioun, d’Méisproochegkeet an eng gënschteg Fiskalitéit, esou de FEDIL-Direkter, RenéWinkin. An de lëschte Joren hätt d’Fuerschung awer och villes am Déngscht vun der Ekonomie gemaach. Material-Wëssenschaften an d’Digitaliséierung hätten de Standuert nach gestäerkt. Mat der Cluster Automotives wier och eng nei Plattform geschaaft ginn, fir d’Recherche an d’Entwécklung virunzedreiwen.

De Grand-Duché huet dem René Winkin no, kee Retard a punkto Digitaliséierung vun der Wirtschaft. Am Kader vun enger europäescher Etude, huet de FEDIL-Direkter eng Partie Industriebetriber besicht. Do géif ee gesinn, datt déi hier intern Prozesser moderniséiert hätten. D’Digitaliséierung an d’Automatiséierung kéint een do observéieren, ouni datt déi Betriber vill driwwer kommunikéieren.

Och wann d’Politik déi néideg Moossnamen ergräift, sou missten d’Betriber déi Demarche selwer maachen. Virun Allem an engem héich technologeschen Industriesecteur ewéi zu Lëtzebuerg wier dat wichteg, seet de René Winkin.

Qualifizéiert Personal fannen

D’Fedil fuerdert, datt un d’Relève geduecht gëtt an datt no enger qualifizéierter Main d’oeuvre gesicht gëtt.

De Projet Fachhochschule der Wirtschaft - eng Initiative vun der Chambre de Commerce - wier vläicht d’Äntwert op d’Problematik, datt den Enseignement zu Lëtzebuerg net déi adequat Formatiounen a Profiller kann ubidden, esou de René Winkin. D’Fedil ass virun Allem an der berufflecher Orientéierung aktiv, fir deene Jonken ze weisen, datt och d’Industrie Perspektiven an interessant Beruffer kéint ubidden.

Donieft géing dru geschafft ginn, datt een iwwert déi nei Partnerschaft mat der ADEM, Chômeure mat engem spezifesche Profil kéint rekrutéieren.

Simplification administrative

Et muss méiglech sinn fir d’Betribsgeneemegungen ze beschleunegen, seet de René Winkin. Den Direkter vun der FEDIL mengt awer och, datt d’Omnibusgesetz net déi ultimativ Äntwert wier. Zu Lëtzebuerg wier dat een éiwege Chantier.

Och do heescht et d’Digitaliséierung anzeféieren, fir ze verhënneren, datt ee fir all Genehmegung Dossiere "mat enger Camionnette an d’Verwaltung féiert". An deem Beräich wiere sech d’Fedil an d’Politik driwwer eens. An der Tëscht misst ee kenne mat de Mëttel, déi zur Verfügung stinn, séier handelen.

Wann dat geléngt wier dat ee positiivt Zeeche fir aner Betriber, déi zu Lëtzebuerg wéilten investéieren.

Brexit

De Brexit hätt dem René Winkin no, ganz ënnerschiddlech Konsequenze fir d'Lëtzebuerger Wirtschaft: Positiv wier, datt Counsulting Firmen an Affekotecabinete sech Froe géinge stellen iwwert déi Lëtzebuerger Legislatioun. Ee Problem géif et par konter ginn, well Investisseuren hir Commanden no hanne géinge réckelen, wëll se ofwaarde wéilten, wéi d’Situatioun sech a Groussbritannien entwéckelt an ob Groussbritannien nei Standarden an Taxë wéilt aféieren.

De René Winkin ass och der Meenung, datt Lëtzebuerg eng gutt Positioun géigeniwwer de Britten hätt, wëll se éischter eng Partnerschaft ugebueden hunn a keng aggressiv Politik gefouert hunn ,ewéi Frankräich, fir britesch Betriber oder Finanzinstituter komplett ze delokaliséieren.

Am grousse Ganzen wier et awer schued, datt et an déi Richtung géing goen.

De René Winkin am Interviewplay_arrow