Radioen

On air

De Moien  |  Presserevue

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg géif just kuerzfristeg gewannen

Brexit

Lëtzebuerg géif just kuerzfristeg gewannen

Ee Brexit géif d'ganz EU schwächen, seet de Pierre Gramegna. Lëtzebuerg géif ee wichtegen Alliéierten a Finanzfroe verléieren. Bei engem Austrëtt géif awer net direkt alles zesummebriechen.

auto_stories

4 min

De Finanzminister Pierre Gramegna am Studio vum radio 100,7

Nieft der Lëtzebuerger Fongenindustrie géing vrun allem de Fintech-Beräich vun engem Brexit profitéieren, seet de Finanzminister. Hie selwer hätt déi leschte Méint net proaktiv zu London Reklamm gemaach, fir datt Finanzinstituter op Lëtzebuerg kommen. Dat wär net fair, esou de Pierre Gramegna. Lëtzebuerger Verbänn, déi d’Finanzplaz representéieren, géingen natierlech awer an engem enke kommerzielle Kontakt mat London stoen.

Lëtzebuerg géing en Alliéierte verléieren

Nieft de kuerzfristegen Avantage wär en Austrëtt vu Groussbritannien aus der EU virun allem en Desavantage fir déi ganz EU an och fir Groussbritannien. Ee Brexit géing déi ganz EU och politesch schwächen, esou de Pierre Gramegna. Hien ënnersträicht, datt Groussbritannien e wichtegen Alliéierte vu Lëtzebuerg an der EU ass, wann et ëm Finanzdossiere geet. Zanter hie Finanzminister ass, hätt hien ëmmer versicht, en enken Dialog ze hunn. Virdru wär dat net de Fall gewiescht.

De Finanzminister geet dovun aus, datt am Fall vun engem Brexit d’Negociatiounen tëscht Groussbritannien an der EU iwwert zwee Joer kéinten daueren. Et géing net vun haut op muer alles zesummebriechen.

Steierpolitik: ëmmer nach "level playing field"

De 17. Juni hate sech d'EU-Finanzminister op e Mesurëpak géint Steierdumping vu multinationalen Entreprisë gëeenegt. Derbäi geet et ëm "Anti Tax Avoidance Directive" vun der EU-Kommissioun. Kritiker no läit den Accord, dee fonnt gouf, hannert den Erwaardungen. Hien hätt fir e "level playing field" gesuergt, seet de Pierre Gramegna, an zwar, datt gemeinsam Spillregelen an der Fiskalitéit vu multinationale Betriber net just bannent, mee och baussent der EU applizéiert ginn. D'Finanzministeren hätten déi Lëtzebuerger Propose zréckbehalen, datt d'EU onbedéngt de Suivi muss maachen, wéi d'Länner baussent der EU mam Ëmsetze vun de BEPS Richtlinnen ëmginn.

Hannergrond ass d'Problematik vun de Bréifkëschtefirmaen. Dobäi geet et ëm déi sougenannten economesch Substanz, déi Filiale vu groussen Entreprisë mussen an engem Land hunn, fir an deem Land kënne besteiert ze ginn. "Mir wëssen, datt dat kënnt. Déi, déi wierklech zu Lëtzebuerg Bréifkëschten hunn, wäerten déi wahrscheinlech zou maachen. An déi, déi e bësse méi wéi Bréifkëschten hunn - oder déi, déi fannen datt Lëtzebuerg e gutt Investitiounsland ass - déi wäerten sech hei stäerken an déi sinn häerzlech wëllkomm", seet de Finanzminister.