Aarmut Lëtzebuerg: den Eldorado?

Déi nei Infrastrukture vun der "Stëmm vun der Strooss" platze schonn aus allen Néit, seet d'Alexandra Oxacelay. D'Chargée de direction vun der Asbl waart op nei Raimlechkeeten am Garer Quartier a fuerdert Opfaangstrukture fir Leit op der Strooss am Norde vum Land.

Mick Entringer

Alexandra Oxacelay
Alexandra Oxacelay

D'Aarmut zu Lëtzebuerg wiisst. All Dag kommen nei Gesiichter dobäi, seet d'Alexandra Oxacelay. 2014 war d'Asbl vu Bouneweg op 600 Meter Carré op Hollerech geplënnert. An der Mëttesstonn huet d'"Stëmm vun der Strooss" dëse Summer hir Dieren zäitweis awer missen zoumaache wéinst zevill Undrang. An de Spëtzestonne koumen eleng zu Hollerech 300 Persounen den Dag op de Site vun Hollerech iessen. "Dat féiert zu Aggressiounen ënnert de Clienten a géigeniwwer de Mataarbechter vun der Asbl", seet d'Alexandra Oxacelay.

Si fuerdert zousätzlech zu de bestoenden Initiativen, fir dat ganzt d'Joer eng Offer wéi "d'Wanteraktioun". Am de Wanterméint bidde staatlech a lokal Autoritéiten Iwernuechtungsméiglechkeeten, Iessen an e medezinesche Service un fir Leit ouni Dag iwwert dem Kapp.

"Mir brauchen nei Raimlechkeeten"

D'Asbl huet bei der Gemeng Lëtzebuerg an dem Gesonheetsministère e Projet agereecht, fir weider Capacitéiten zur Verfügung gestallt ze kréien.” Mir waarden dréngend op eng Äntwert”, esou d’Chargée de direction vun der Asbl. Gebrauch gëtt eng weider nei Infrastruktur am Garer Quartier. Och am Norde vum Land misst et eng Ulafstell gi fir Leit ouni Dach iwwert dem Kapp, seet d’Alexandra Oxaceley.

Zu Esch huet d’Stëmm vun der Strooss zanter 2012 eng Opfaangstruktur. 40 fest Mataarbechter schaffen op dräi verschiddene Site fir déi sozial ONG. "Mir hunn elo scho Problemer, an de Wanter kënnt eréischt". D’Offer misst och dezentraliséiert ginn. och de Norde vum Land bräicht esou eng Initiativ wéi "d’Stëmm".

2015 huet d'Associatioun bal 150 Tonnen Iesse verdeelt an iwwer 70.000 Moolzechte servéiert. D'"Stëmm vun der Strooss" betreit Mënsche vu 84 verschiddenen Nationalitéiten, mat enger Altersmoyenne vun 35 Joer. 20 Prozent si Lëtzebuerger, dernieft sinn et Leit aus der Groussregioun, Refugiéen, Kranker a Monoparentauxen, déi op d’Hëllef vun der ONG ugewise sinn. "Et gëtt kee Profil-Typ", seet d’Chargée de direction.

Lëtzebuerg ass e räicht Land, mat engem Sozialnetz wat gutt ausgebaut ass. "Et komme Leit, déi hei en neit Liewe wëllen opbauen", seet d’Alexandra Oxacelay. Si sichen no neie Perspektiven an enger Aarbecht. Dofir feelt et awer heefeg un de néidege Sproochekenntnisser a Formatiounen. Vill Cliente vun der Stëmm liewen an der Illegalitéit an hu keng Pabeieren. Et géifen esouguer Patrone ginn déi sech bei der Asbl mellen, op der Sich no bëllegen Aarbechtskräften ouni Kontrakter un ze bidden.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Den Anghel lieft zënter fënnef Méint op der Strooss
Liewen op der Strooss

An der Stad ginn et zwou nei Strukturen, wou Sans-Abrisë sech den Dag iwwer kënnen ophalen. Dat Besonnescht un dëse Projete sinn déi liberal Konditiounen. Alkohol ass erlaabt, an och Hënn si wëllkomm.

David Ianni
Musek fir ze kucken

"Follow me Home" ass en Documentaire iwwer Sans-Abrisen zu Lëtzebuerg. De Pianist David Ianni huet dozou eng zerbriechlech Musek geschriwwen. De Soundtrack ënnersträicht d'Gefiller, déi de Film ausléist.

Matthias Kirsch
Grondakommes

D’Schwäiz huet géint e bedéngungsloost Grondakommes gestëmmt. Amplaz weider iwwer dës sozialstaatlech Utopie ze diskutéieren, kéint een den aktuelle System verbesseren, mengt de Matthias Kirsch.

Alexandra Oxacelay.JPG
Musikalesch Visitekaart

D'Directrice vun der "Stëmm vun der Strooss" ass Fan vu Musek aus den 80er. Schwéierpunkten an hirer Muskalescher Visitekaart si Rock, Liebeslidder a politesch engagéiert Songs. Si erkläert firwat.

Programm

  • The Benny Brown Show

  • On air

    Notturno

  • Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

Net verpassen

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen