Radioen

On air

Tockcity  |  Zsela - Lily Of The Nile

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Léiwer flüchten, ewéi un Honger ze stierwen"

Flüchtlingen

"Léiwer flüchten, ewéi un Honger ze stierwen"

Zanter e puer Joer komme sou vill Migranten ewéi nach ni an Europa, dorënner och "Wirtschaftsflüchtlingen" aus Afrika. Wat hir Grënn sinn a wat d'EU maache ka fir eng besser Migratiounspolitik ze garantéieren - doriwwer gouf rezent op enger Konferenz an der Abtei Neimënster diskutéiert. Organiséiert gouf d'Diskussiounsronn vum Cercle de coopération des ONG de développement.

auto_stories

5 min

D'Leit flüchte wéinst Aarmut an Honger. Foto Bigstock / hikrcn

Europa wier fir Migranten a Flüchtlingen eng vun de geféierlechsten an déidlechste Géigenden op der Welt. Dat seet de Lécker Universitéitsprofesser François Gemenne. All Dag stierwen an der Moyenne eelef Mënschen am Mëttelmier um Wee vun Afrika an Europa.

Zënter dem Januar vun dësem Joer hätte ronn 3500 Mënschen hiert Liewe gelooss, esou de François Gemenne. Dat wieren der 23 Prozent méi wéi dat Joer virdrun an 53 Prozent méi wéi 2014. "Dat heescht, ënnert deene Leit déi sech haut op de Wee bei déi italienesch oder griichesch Küst maachen, wäert eng Persoun op 86 stierwen." Dës offiziell Zuele wieren awer staark ënnerschat, esou de Professer fir Geopolitik.

"D'EU huet mat Schold"

D'Grënn firwat sougenannt Wirtschaftsflüchtlingen an d'EU ze kommen, géingen dacks net eescht geholl ginn, fënnt d'Aminata Traoré. Si war Kultur an Tourismusministesch am afrikanesche Bannestaat Mali. D'Politikerin a Schrëftstellerin betount, datt d'EU mat doru Schold wier, datt esou vill Mënschen aus den afrikanesche Länner flüchten, fir an Europa e bessert Liewen ze sichen. "De Modell fir wirtschaftlech Entwécklung ass gescheitert." Dat léich dorun, datt d'Refugiéë géifen a Krichs-a Wirtschaftsflüchtlingen ënnerdeelt ginn, erkläert d'Aminata Traoré. Déi afrikanesch Länner géifen ausgebeut an d'Leit humiliéiert ginn. Dowéinst wiere si wirtschaftlech méi schlecht positionéiert.

Konsequenze vun der Liberaliséirungspolitik

Déi fréier Ministesch aus dem Mali seet, datt duerch den Export vun den eegene Ressourcen d'Beschäftegung an Afrika reduzéiert géif ginn. Doduerch géifen d'Aarbechtslosegkeet an d'Aarmut an d'Luucht goen. "De Wirtschafts- an Handelsmodell féiert zu Krich. De Präis vum Kotteng am Mali gëtt bestëmmt, ouni datt ee Malier dobäi ass." Et géif ee gezwonge ginn, de Commerce ze liberaliséieren. Chômage, Aarmut, a Spannungen tëscht de Communautéite wieren d'Konsequenzen dovun, ënnersträicht d'Aminata Traoré. "Et gëtt gelunn. Alles gëtt kaf, obwuel mir näischt produzéieren."

D'Aminata Traoré. Foto: Sven Becker

Fir de fréiere Lëtzebuerger Ambassadeur Jean Feyder gëtt d'Wirtschaftskris an den afrikanesche Länner ënnert anerem duerch d'Wirtschaftsaccorden tëscht der EU an Afrika verstäerkt. "De Neo-Liberalismus an d'Opmaache vun de Mäert, dat ass den afrikanesche Staaten zënter Joerzéngten operluecht ginn." Géing een d'Staaten zwénge fir d'Zolltariffer erofzesetzen, da kréiche si manner Suen an d'Staatskeesen. Aus deem Grond géif den afrikanesche Staaten ëmmer manner Budget bleiwe fir an d'Educatioun, d'Santé an d'Ekonomie z'investéieren, erkläert de Jean Feyder.

Net genuch Hëllef fir d'Landwirtschaft

An deene leschte Jore wier zwar vill Entwécklungshëllef geleescht ginn, allerdéngs wier d'Landwirtschaft staark vernoléissegt ginn, esou de Jean Feyder. An den 1980er Jore wieren nach 20 Prozent vun den Hëllefsgelder fir d'Landwirtschaft reservéiert gewiescht. De statisteschen Zuele vun der OECD no, limitéiert d'Hëllef sech fir d'Landwirtschaft haut op just nach 5 Prozent. Dat wier paradox. D'Landwirtschaft géing d'Aarbechtsplaze fir 60 Prozent vun der Bevëlkerung an Afrika sécheren. "Do fannt dir déi Leit, déi am äermste sinn an am meeschten Honger leiden."

Net nëmmen d'Landwirtschaft ass vun der Liberalisatiounspolitik an Afrika betraff, mee och den industrielle Secteur. Eng Etude vun der internationaler Aarbechtsorganisatioun zu Genf huet erausfonnt, datt Afrika tëscht 1980 an 2004, 22 Prozent vu sengen Aarbechtsplazen an der Industrie verluer huet.

"Op Drock vun der EU"

Déi Situatioun hätt sech elo nach emol verschlëmmert, betount de Jean Feyder. Dëst, duerch d'Wirtschaftsaccorden tëscht der EU an de verschiddenen afrikanesche Länner, erkläert de fréiere Lëtzebuerger Ambassadeur. Déi Accorde géingen elo vun der Europäescher Unioun ratifizéiert ginn. Si wiere just op Drock vun der EU zustane komm, esou de Jean Feyder. "Si gesinn d'Liberaliséierung vu 82 Prozent vum ganze Commerce fir." Domat géingen d'Wirtschaftsaccorden d'Situatioun vun den afrikanesche Staate verschlëmmeren, well den Handel nach méi liberaliséiert géif gi wéi bis ewell. "An dat trotz dem groussen Ënnerscheet an der Kompetitivitéit vun der Wirtschaft vun deenen zwou Partien."

Dem Jean Feyder no wäerten d'Wirtschaftsaccorden déi regional Integratioun nach méi schwéier maachen an d'Zolltariffer weider erofschrauwen. Produiten, déi aus der EU importéiert ginn, wieren elo scho méi bëlleg, wéi déi, déi an Afrika selwer higestallt ginn. A fir Mëllechpudder oder Kären zum Beispill géif d'Douanestaux vu fënnef op null Prozent reduzéiert ginn.

D'Grenzen opmaachen

Duerch déi wirtschaftlech Problemer géife vill jonk Afrikaner sech entweder radikaliséieren oder emigréieren, esou d'Aminata Traoré. An den aarme Famille géifen d'Kanner soen, si géinge léiwe fort goen, wéi nozekucken wéi hir Mamm un Honger stierft. "Si sinn iwwerzeegt datt si, wa si an d'Booter klammen, en Auswee aus der Situatioun fannen."

Fir de François Gemenne ass de Flux vu Migranten an d'EU net méi ze stoppen. Hie fuerdert, datt d'Grenzen opgemaach ginn. Dat wier déi pragmateschst an effektiivste Léisung. "Et géif et erlaben déi prioritär Ziler vun der Europäescher Unioun z'erreechen. An et géif et erlaben, dem humanitären Drama am Mëttelmier en Enn ze setzen." Et misst sécher Weeër an d'Europäesch Unioun ginn, fuerdert den Unisprofesser. "D'Leit klammen an déi onsécher Booter, well si keen Avion kënnen huelen."

Mam Opmaache vun de Grenze kéint een och géint déi kriminiell Passeursreseaue virgoen, esou de François Gemenne. Wann een d'Grenze géif opmaachen, kéint ee besser kontrolléieren, wien an d'EU erakënnt a wien erausgeet. Wann d'Grenzen awer zou wieren, géif et keng esou eng Kontroll ginn. "Wien era kënnt a wien erausgeet entscheeden den Ament déi illegal Passeursreseauen", esou de François Gemenne.