Et gouf e Leak vun den Examensfroen um Internetservice Instagram, esou Eldoradio. Et geet ëm d’Fach Soziologie am 13èmes-Exame vun de Sciences-Sociales-Klassen: een Examen, deen haut normal konnt geschriwwe ginn.
Den Educatiounsministère huet op eis Nofro hi präziséiert, datt e Schüler - deem seng Identitéit bekannt ass - illegal Zougank zur Mailbox vun engem Enseignant hat. Doduerch wier hien un eng Preparatiouns-Versioun vu Februar-Mäerz vun den Examensfroe komm.
Dem Ministère seng Prozedur fir d’Verdeele vun de Froe wier net gehackt ginn.
Plainte
Den Enseignant, de Lycée an de Ministère wëllen eng Plainte deposéieren. Et kéinten och disziplinaresch Mesurë géint de Schüler ginn. De Schüler huet eisen Informatiounen no technesch Mëttel agesat, fir un d'Passwuert ze kommen.
Den Educatiounsministère war e Méindeg vum Fall gewuer ginn.