U Lidder a Geschichte feelt et sécher net an der Suzanne Vega hirer mëttlerweil 40-järeger Karriär. 1985 koum hiren éischten, einfach Suzanne Vega iwwerschriwwenen, Album eraus, hir bis elo lescht Plack mat neie Kompositioune gouf et 2016 ze héieren. Dat war e Konzeptalbum mat Lidder, zu deenen si d'amerikanesch Schrëftstellerin Carson McCullers inspiréiert hat.
Munch Bands dréien hire gréissten Erfolleger am Laf vun de Joren de Réck, well se sech net méi kënnen domat identifizéieren; d'Suzanne Vega dogéint huet hir Succèsen ni aus hirem Repertoire gestrach: "Marlene on the Wall", "Solitude Standing", "Book of Dreams", "Left of Center", "No Cheap Thrill" - an natierlech "Luka". An de leschte Joren huet si e groussen Deel vun hirem Songbook nei interpretéiert, opgeholl, an op véier themateschen Albumen nach eemol erausbruecht.
"I really like what I do, I really enjoy playing the songs and I enjoy playing them over an over again. So I am lucky really, I have a perfect job for what I do", huet si eis am Interview gesot, dee mir mat hir iwwer Telefon zu New York konnte féieren.
Géint den Trend en Trend lancéieren
1980er, also déi Zäit an där d'Suzanne Vega ugefaangen huet, sech en Numm ze maachen, verbënnt een net direkt mat intimisteschem Songwriting an akustesche Sounds. Well Musekerinne wéi d'Suzanne Vega oder och nach d'Tracy Chapman an där Zäit eppes ganz aneschtes ugebueden hunn, konnten si eben och aussergewéinlech Opmierksamkeet op sech zéien.
Als Studentin léiert d'Suzanne Vega - déi iwweregens op engem 11. Juli 1959 zu Santa Monica a Kalifornie gebuer gouf - e Grupp vu Songschreiwerinnen a Songschreiwer kennen, déi am Greenwich Village zesumme Concerten organiséieren, neie Stëmmen e Forum bidden an sech dann och géigesäiteg iwwer hir Kompositiounen austauschen. Mat der Ënnerstëtzung vun deem Grupp kommen der Suzanne Vega hir éischt Opnamen eraus.
My name is Luka
"Luka", en Extrait aus der Suzanne Vega hirem zweeten Album "Solitude Standing" (1987) a gläichzäiteg hire gréisste Succès, ass e gutt Beispill dofir, wéi der Songschreiwerin hir Lidder entstinn. Hei geet et ëm haislech Gewalt, méi genee ëm e Kand, dat doheem mësshandelt gëtt - d'Noperen am Appartementshaus héieren et, mee kee mécht eppes.
An engem Interview mam Songwriting Magazine huet d'Suzanne Vega erzielt, wéi si zu New York an engem Appartement gewunnt huet, an ëmmer iertemlecherweis eng Zeitung fir Kanner an hirer Boîte gelant ass, adresséiert un e gewëssene Luka. Enges Daags ass si beim Lift engem Bouf begéint an huet hien no sengem Numm gefrot. Mat senger Äntwert "My name is Luka" war net nëmmen d'Rätsel vum Adressat vun der Zeitung geléist, mee d'Suzanne Vega hat och déi éischt Zeil vun hirem Lidd. De Problem vu Gewalt géint Kanner wollt si scho méi laang uschwätzen, just e konkreten Usaz hat hir nach gefeelt.
Lidder, déi ee mathuelen
Iwwerhaapt sinn et virun allem d'Geschichten, déi si mat hiren Texter erziele kann, déi d'Suzanne Vega interesséieren. Där aktueller Tendenz an der Musek déi a Richtung "confessional songwriting" geet, also d'Manéier an den Texter virun allem säin eegent Banneliewen ze thematiséieren, wëll si net nogoen:
"If you just wanted to talk about your feelings, you could just get up and talk about your feelings into the microphone. You don't need a song for that. A song to should take you somewhere imaginative. It should either decribe a world or tell you a narrative - it should take you somewhere. That's important to me. I think just confessional songs are not so interesting, because people basically have the same feelings. They are angry, or they are in love, but with a song you can do anything, you can go anywhere and be anyone or anything, so why not do it and take the audience to a different place?"
Aus dem Opnamen-Studio op d'Theaterbün
An de leschte Joren huet d'Suzanne Vega nieft hire Songs och un Theater- a Musicalproduktioune geschafft, notamment iwwer déi amerikanesch Schrëftstellerin Carson McCullers ("Lover, Beloved: Songs from an Evening with Carson McCullers"), fir déi si sech schonn als englesch Studentin begeeschtert huet.
Eng Zäit hat d'Suzanne Vega selwer Ambitioune fir Schauspillerin ze ginn. Si huet eng High School besicht, déi spezialiséiert war an de Performing Arts, an si huet do virun allem modernen Danz geléiert. An den 1980er war si iwweregens am Gespréich fir divers Schauspillrollen, zum Beispill huet si de Casting matgemaach fir "Desperately Seeking Susan", eng Roll déi jo dono un d'Madonna goung.
Am Fong deet een der Suzanne Vega Onrecht, wann een si just als Virreiderin vum Singer-Songwriter-Mouvement vun de 1980er gesäit. Si war 1989 déi éischt Fra, déi Headlinerin vum Glastonbury-Festival war - mat enger schosssécherer Vest huet si misste spillen, well de Bassist vun der Band Affer vu Morddreeunge war.
Ausserdeem gëllt d'Suzanne Vega als "Mamm vun der MP3", well unhand vum Remix vun hirem Lidd "Tom's Diner" d'Format MP3 entwéckelt gouf, vum däitschen Elektrotechniker Karlheinz Brandenburg. Déi Entwécklung gesäit si awer haut kritesch, well d'Méiglechkeet, Songs digital ze verbreeden de Musekerinnen a Museker hirersäits d'Méiglechkeet geholl huet, d'Vermaartung vun hirer Aarbecht ze steieren.
D'Begeeschterung fir Lidder ze schreiwen an opzehuelen, huet d'Suzanne Vega awer net verluer. Geschwënn plangt si, erëm an de Studio ze goen, fir en neien Album fäerdeg ze stellen.
A villäicht gëtt et den 3. August am Artikuss zu Zolwer schonn dat eent oder anert neit Lidd ze héieren. All Informatiounen zum Concert fënnt een op www.artikuss.lu