D’Beruffsausbildung ass viru kuerzem an d’Schlagzeile geroden, well den Direkter vum deementspriechenden Departement am Bildungsministère wéinst "incapacité durable d’exercer" ersat ginn ass. Hie kritt Feeler an Zesummenhang mat enger Etude iwwert d’Formation professionnelle virgeworf. Doriwwer eraus gëtt sech grondsätzlech wéinst der leschter grousser Reform vun der Beruffsausbildung vun Dezember 2008 gestridden.
D’Uni Lëtzebuerg hat an engem Rapport eng ganz Rei Inkohärenzen an Defizitter festgestallt. Gewerkschafte wéi den SEW-OGBL wollten d’Gesetz frësch op de Leescht huelen. D’Chambre des métiers ass sech dogéint mam Ministère eens ginn, fir op Basis vum Gesetz weiderzeschaffen.
Makro- a Mikro-Reformen
An zwou Etappen: eng sougenannte "Makro-Reform", mat där een déi strukturell Problemer géif ugoen. Virdrun awer eng "Mikro-Reform", fir als dréngend ageschate Problemer ze léisen, sou de DP-Deputéierten a Rapporter Claude Lamberty.
Mam aktuelle Gesetz hunn d’Schüler eng "Regelstudiendauer" plus ee Joer. Wa se deen een oder anere Module nach net haten, "dann haten se Pech". Mat der Mikro-Reform géingen d’Schüler onbegrenzt Zäit kréien, fir dat fäerdeg ze maachen.
D’CSV-Deputéiert a fréier Héichschoulministesch Martine Hansen ass mat där Léisung net averstanen: "elo kann de Schüler am Prinzip (...) liewenslänglech do schaffen, fir säin Diplom ze kréien." Hirer Meenung no misst d’Zäit begrenzt ginn. De Claude Lamberty verweist op déi grondleeënd Reform, déi méi spéit soll kommen a mat där en Delai kéint agefouert ginn.
Wat soen d’Sozialpartner?
D’Chambre des métiers wëll déi aktuell Reegelzäit fir déi verschidden Ausbildungen – DT, DAP oder CCP – bäibehalen, well déi Jonk domat sollen incitéiert ginn, hir Formatioun sou séier wéi méiglech ofzeschléissen. Net zulescht well d’Betriber fir d’Indemnitéite mussen opkommen. Als Alternativ schléit d’Beruffskammer fir, d’Formatioun baussent der Léier weiderzeféieren, beispillsweis am Kader vun der Formation continue.
D’Chambre des Salariés begréisst dogéint an hirem Avis d’Ofschafe vun der maximaler Dauer vun der Basisausbildung. Domat wieren déi Schüler net méi géigeniwwer deenen am Secondaire a Secondaire technique benodeelegt.
Den Duerchbléck verléieren
An awer huet d’Salariatskammer de Gesetzprojet iwwert déi sougenannte Mikro-Reform vun der Formation professionnelle net guttgeheescht. De Projet géif nämlech keng Verbesserung mat sech bréngen. An déi grouss Reform, déi d’Regierung plangt, géif riskéieren déi heite Mesurë réckgängeg ze maachen.
Och d’CSV-Deputéiert Martine Hansen mengt, datt d’Schüler an d’Eltere riskéieren den Duerchbléck ze verléieren.
D’Martine Hansen geet opgrond vun den aktuelle Resultater vun de Schüler dovunner aus, datt mat de kuerzfristege Mesuren nach manner Schüler et géinge packen.
Moduläre Modell
Allgemeng wier dës kleng Reform Zitat: "e bësse schoullasteg", sou d’Martine Hansen. Ënnert anerem kéimen d’Betriber schlecht ewech bei Decisiounen, déi de Conseil de classe, an deem se net vertruede sinn, hëlt.
Och de President vun der Handwierks-Federatioun mengt, datt d’Ufanks-Ausbildung vill ze vill um Schoulsystem opgebaut ass. Dobäi wier de moduläre System prinzipiell eng gutt Saach, sou de Michel Reckinger virun engem Mount hei op der Antenn: "Do geet een dee Module maachen, wou ee grad drun ass. An déi eng brauche méi laang, déi aner manner." Dofir misst ee kennen tëscht de Klasse sprangen.
Ënnert anerem deen Aspekt dierft dann am Kader vun der sougenannter Makro-Reform vun der Beruffsausbildung fir Gespréichsstoff suergen.