Etat d'Urgence Neie Verfassungsartikel kann nach perfektionéiert ginn
Et gëtt keng wierklech Gefor, datt d'Regierung während engem Ausnahmezoustand hir Pouvoire kéint mëssbrauchen, sou d'Äntwert vum LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry op d'Kritik vun dräi Juristen. Mee den Text wier net perfekt, et sollt een also weider driwwer diskutéieren.
An enger oppener Tribün am Lëtzebuerger Wort haten d'Véronique Brück, de Michel Erpelding an d'Julie Wieclawski rezent déi geplangte Regelung vum Etat d'urgence als geféierlech an iwwerflësseg kritiséiert. Hei op der Antenn huet de Fuerscher am Droit International Michel Erpelding virun engem "Blankoscheck fir d’Regierung an de Grand-Duc” gewarnt.
Abuse während engem Ausnahmezoustand géingen duerch den nationalen an internationale legale Kader verhënnert ginn, seet dozou den Alex Bodry. De President vun der Institutiounskommissioun an der Chamber betount awer, datt d'Textpropose den Ament dem Staatsrot fir Avis virläit. Eventuell kéint den neie Paragraph 4 vum Artikel 32 nach perfektionnéiert ginn. Ënnert anerem kéint ee méi kloer betounen, datt Riichteren d'Entscheedungen vun der Regierung am Ausnahmezoustand a gewësse Fäll kënnen ausser Kraaft setzen.
Den Interview vum Yasha Wecker mam Alex Bodry: