Radioen

On air

Grousse Kino  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Konferenz mam Antoine Deltour

LuxLeaks

Konferenz mam Antoine Deltour

Nodeems eng Konferenz an der Stater Cinemathéik ouni den Antoine Deltour organiséiert gouf, huet d'Asbl Etika de fréiere Mataarbechter vu PricewaterhouseCoopers (PwC) an de CarréRotondes invitéiert. Den Antoine Deltour huet bei PwC honnerten Dokumenter iwwer Steierrulinge fir multinational Konzerner kopéiert, op deenen d'LuxLeaks-Revelatiounen zu engem groussen Deel baséieren.

auto_stories

2 min

De LuxLeaks-Whistleblower Antoine Deltour

Den Atoine Deltour ass mëttlerweil vum Lëtzebuerger Parquet inculpéiert ginn a riskéiert bis zu fënnef Joer Prisong. Op der Konferenz huet hien seng Motiver erkläert a betount, datt hien d'Dokumenter ugangs dem franséische Journalisten Edouard Perrin vertraulech weiderginn hätt. Dass an engem Reportage am Mee 2012 op France 2 an spéider an de Berichter vum Internationale Journalistekonsortium ICIJ de Numm vu sengem Patron an d'Nimm vun de Clientë public goufen, wier net seng Intentioun gewiecht. Hien hätt wëllen op déi systemesch Problematik vun der aggressiver Steieroptiméierung hiweisen, déi a sengen Aen zu ongerechte Steiervirdeeler fir multinational Konzerner géigeniwwer klengen Entreprisë féiert. Den Antoine Deltour huet bedauert, dass an de Medie gréisstendeels just iwwer Lëtzebuerg an net iwwer den internationale Kontext vun der Steieroptiméierung geschwat gouf.

D'Konferenz mam Antoine Deltour kënnt Dir hei lauschteren:

 

D'Journalistin vum Lëtzebuerger Land Michèle Sinner huet eng ausféierlech Aféierung an d'Thema gemaach an d'Beispill vun Amazon erausgepickt. Den US-amerikanesche Konzern huet säin europäesche Siège zu Lëtzebuerg, bezillt hei awer am Verglach zu sengem Ëmsaz wéineg Steieren. D'EU-Kommissioun ënnersicht den Ament, ob an dësem Fall de Ruling vun der Lëtzebuerger Steieradministratioun effektiv no de Reegele vun der Konscht gemaach gouf.

D'Aféierung vum Michèle Sinner an d'Thematik LuxLeaks a Steieroptiméierung: