Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Verpasste Chance"

Steierpolitik

"Verpasste Chance"

Mat den annoncéierten Ännerungen an der Steierlandschaft wëll d'Regierung d'Gonscht vun de Wieler nees zréck erueweren. Den Ausgank vum Referendum, déi schlecht Sondagen an ze kleng Schnëttmengen tëscht LSAP, DP an Déi Gréng si Schold drun, datt haaptsächlech Steierreduktiounen amplaz vu méi déifgräifenden Ëmschichtungen zréckbehal goufen.

E Kommentar vum Jean-Claude Franck

auto_stories

4 min

"Net genuch Preparatioun, net genuch Courage an ze vill Tabuen", esou d'Konklusioun vum 100,7-Chefredakter

"Um Enn soll jidderee méi an der Täsch hunn". Déi Wierder vum Vize-Premier hu viru fënnef Méint d'Stoussrichtung uginn. D'Koalitioun hat grad am Referendum eng laanscht d'Bake kritt an de Bierger hiert Mësstraue par rapport zur Dräier-Koalitioun hat sech an den Ëmfroen néiergeschloen.

D'Vollek war méiglecherweis och frustréiert iwwert d'Steierpolitik. Krisesteier reloaded, huet et ënner blo-rout-gréng geheescht an d'TVA-Hausse, déi d'CSV-LSAP-Koalitioun schonn envisagéiert hat, gouf vun der neier Regierungsequipe net a Fro gestallt. Dobäi hat grad d'DP versprach, se géif virun allem d'Ausgabe vum Staat kierzen ier se géif d'Steieren an d'Lut setzen...

Steiercadeaue fir d'Wieler ze berouegen

Nom Summer 2015 huet d'Koalitioun dofir op héchstem Niveau d'Decisioun geholl, de Leit nees déi Kafkraaft zeréckzeginn, déi se hinne mam Spuer- a Steierpak geholl hat. Diskutéiert gouf dofir iwwer Steierreduktiounen an Héicht vu 500 Milliounen Euro, sou wéi mer dat schonn Enn November gemellt hunn.

Glécklecherweis, muss ee soen, ass doropshin e bësse méi Schwong an d'Diskussioun komm. Deeler vun der DP hu sech net zefridde ginn, a Pisten nogeschoss, déi d'Kärmessagen aus dem liberale Wahlprogramm opgegraff hunn. Deeler vun der LSAP hu sech net zefridde ginn, an d'Hausse vum Steierkredit, vun der Soparfi-Steier a vun der Quellesteier nogeschoss, fir domat der eegener Linn e bësse méi no ze kommen.

Déi Gréng hirersäits hunn et verpasst, Afloss op d'Diskussiounen ze huelen. Si héieren dat zwar net gär, mä déi ekologesch Elementer bei dëse geplangte Steierreduktioune si virun allem symbolescher Natur. Hätt eng aner Regierung esou Alibi-Mesure festgehal, wieren Déi Gréng déi éischt gewiescht, déi op d'Barrikade geklomm wieren.

Net genuch Preparatioun a Courage an ze vill Tabuen

Generell sinn déi ugekënnegt Steierupassungen net iwwerzeegend. E méi grousse Steierkredit (wouvu virun allem déi Leit profitéieren, déi keng Steiere bezuelen) ass interessant, an et ass sech an de leschte Wochen och zesumme gerappt gi fir nach e Maximum aus deem Ganzen eraus ze huelen, mä domat geet et net duer. Fir eng wierklech strukturell Reform ze maachen, hätt d'Regierung sech missen anescht opstellen. De Countdown ass nämlech schonn am Dezember 2013 ugelaf an net réischt am Summer 2015. Insider wossten deen Ament schonn, datt et ze spéit wier, fir nach Fundamentales um System z'änneren. Grad well et wéineg Zuelematerial gëtt a wéineg Instrumenter fir kredibel Simulatiounen, hätt virun zwee Joer missen eng Equipe mam Ausschaffe vun enger Reform beoptragt ginn.

Woubäi dat alleng och net duergaang wier : fir eng déifgräifend Reform ëmzesetzen, hätt d'Regierung an de Koalitiounsverhandlunge scho misse méi serieux no de gréisstméigleche Schnëttmengen a Steierfroe sichen. An d'Koalitioun hätt hire Courage net dierfen ënnerwee verléieren. Well eng déifgräifend Reform hätt Ëmschichtunge mat sech bruecht, an da wier et net méi méiglech gewiescht, jidderee mam Slogan "Netto méi an der Täsch fir jiddereen" zefridden ze stellen. Da wieren et zwar manner Cadeaue fir d'Wieler ginn, mä fir d'Zukunft vum Land wier et wéinst der sozialer Cohesioun a wéinst de méi gesonde Staatsfinanze besser gewiescht. Manner staatlech Recette féieren an enger zweeter Etapp nämlech nees zu méi Drock op d'staatlech Ausgaben an déi "gerecht" Mesurë ginn net duer, fir déi méi grouss Ongerechtegkeeten am Steiersystem ze behiewen. Dat nennt een da wuel eng verpasste Chance!