Radioen

On air

De Weekend  |  Sorry Girls - Prettier Things

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Staatsrot muss endlech méi transparent ginn

Interessekonflikt vum Alain Kinsch

Staatsrot muss endlech méi transparent ginn

De Staatsrot huet net missen op den Alain Kinsch waarden, fir sech dem Reproche auszesetzen, datt de Fonctionnement vun der iwwer 150 Joer aler Institutioun net méi zäitgeméiss ass. Dofir ass ze hoffen, datt elo endlech eppes ënnerholl gëtt, fir de Staatsrot méi transparent ze maachen, mengt de Jean-Claude Franck.

auto_stories

3 min

Obwuel d'Diskussioun schonn al ass, ass net vill geschitt. Et goufen zwar Aarbechtsgruppen, mä ouni grouss Resultater an déi blo-rout-gréng Regierung huet et 2013 och just fäerdeg bruecht, sech d'Zil vun enger méi gerechter politescher Representatioun ze setzen. Ëmmerhin. Iwwer d'Transparenz steet am Regierungsprogramm just, datt ee wéilt iwwert déi Fro nodenken. Mam Resultat, datt sech bis haut näischt geännert huet. Et ass zwar e Gesetzesprojet ënnerwee, mä och wann deen a senger aktueller Form duerchgeet, bleift et geheim, wie Rapporter iwwert déi eenzel Gesetzesprojeten ass, an et bleift geheim, wie wéi ofstëmmt. Domat muss elo Schluss sinn.

Wie mécht wat am Conseil d'Etat?

D'Membere vum Staatsrot soen zwar, fir hir Onofhängegkeet wier et besser, wann net gewosst wier, wien d'Avise schreift. Da géifen d'Parteien nämlech keen Drock op si maachen. Allerdéngs ass et an de Chamberfraktiounen en oppent Geheimnis, wien am Staatsrot d'Rapportere sinn. Et gi souguer informell Kontakter tëscht Regierungsmemberen a Staatsréit. Deemno wier et just konsequent, den Numm vun de Rapporteren och dem breede Public zougänglech ze maachen.

Et ass dovun ausgoen, datt den Alain Kinsch d'Fangere vum Avis iwwer d'Steierreform gelooss hätt, wa säin Numm drënner gesat gi wier. Hie war un de Koalitiounsverhandlungen an un de Preparatioune fir d'Steierreform bedeelegt, an hien ass Lëtzebuerger Chef vun enger vun de grousse Consultingfirmen, déi vill Suen domat verdéngen, Betriber op Lëtzebuerg ze lackelen an hinnen hei de "Best of" vun de Steiernischen erklären. Mä souguer wann den Alain Kinsch den Avis trotz dem Interessekonflikt geschriwwen hätt, ass dovun auszegoen, datt säin Avis méi equilibréiert ausgefall wier, wann e gewosst hätt, datt en um Enn doru géif gemooss ginn.

Zweetens muss public ginn, wie wéi ofstëmmt. Et gëtt argumentéiert, de Staatsrot wier kee politescht Organ an en ëffentleche Vote géif grad déi Politiséierung matsechbréngen. Mä mol éierlech: et gleeft dach kee méi, datt de Staatsrot onpolitesch wier. D'Membere rapportéieren un d'Parteien, deene se hire Sëtz verdanken, an d'Avise sinn net just technesch Avisen iwwer méiglech Verfassungsverstéiss oder iwwer Kommaen, déi a Gesetzestexter vergiess goufen. An dat ass och gutt esou: de Staatsrot soll d'Méiglechkeet hunn e Gesetzprojet an de "Considérations générales" déifgräifend ënner d'Lupp ze huelen an en op seng politesch Zilsetzung z'iwwerpréiwen. Eng konstruktiv ëffentlech Debatt, déi mer méi wéi jee hei am Land brauchen, ka just dovunner profitéieren. Also solle mer och gewuer ginn, wien déi "Considérations générales" matdréit.

Ierfgroussherzog mam Alain Kinsch averstanen?

Grad am Fall Steierreform wier dat jo interessant. Do vertrëtt de Staatsrot d'Positioun, d'Betriber sollten an Zukunft nach manner Steiere bezuelen. Ass dat wierklech d'Meenung vum ganze Conseil d'Etat, y inclus dem Ierfgroussherzog? Hätten d'Conseillere gewosst, datt hiert Stëmmverhale géif public gemaach ginn, dann hätte se sech bestëmmt besser iwwerluecht, ob se deen Text, deen iwwregens eesäiteg, onkomplett a schlecht argumentéiert ass, mat ofgestëmmt hätten oder net.

Dobäi ass den Avis Kinsch net dat schlëmmste Beispill vu Lobbyismus an Interessekonflikt am Staatsrot. Et gi méi sensibel a méi verstoppte Beispiller, mat deene bestëmmte Couranten am Staatsrot probéiert hunn Afloss op de legislative Prozess ze huelen. Dofir ass et héich Zäit, fir endlech Transparenz un den Dag ze leeën. Alles anescht ass schlecht fir d'Demokratie.