Geheimdéngschtreform Keen Neiufank

Mam neie Geheimdéngschtgesetz gëtt den Asaz vu Staatstrojaner legaliséiert, dat heescht vu Software fir Computeren an ähnlech Geräter z'iwwerwaachen. Mee d'Gesetz liwwert net deen néidege Kader fir Abusen ze verhënneren. D'Deputéiert huelen de Risiko vu massive Grondrechtsverletzungen a Kaf.

Pia Oppel

Kommentar Pia Oppel

D'Deputéiert wëssen, datt d'Dateschutzkommissioun (CNPD) prinzipiell Bedenken zur Online-Iwwerwaachung formuléiert huet. A si wëssen, datt dës Kritik op de Staatstrojaner vum Geheimdéngscht zoutrëfft. D'CNPD huet am Avis zu engem anere Gesetzprojet erkläert, wéi eng Risiken den Asaz vun esou Software fir d'Grondrechter mat sech bréngt, wann ee präzise legale Kader fehlt.

Éischtens misst bei der Autorisatioun vum Riichter definéiert ginn, no wat genau gesicht dierf ginn: Just no Dokumenter a Skype-Telefonater? Oder dierfen och d'Webcam an de Mikro op Distanz ugeschalt ginn? A wat ass, wann d'Privatsphär vun Drëtte verletzt gëtt, wéi kënnen déi sech dann dogéint wieren?

Technesch Méiglechkeeten

Zweetens muss der CNPD no och d'Software encadréiert ginn: En onofhängegen Auditeur misst virop hire Funktionnement kënne préiwen. Da misst retraçabel sinn, wéini a vu wiem d'Iwwerwaachungssoftware op engem frieme Gerät installéiert gouf, a wat dann mat der Software genau gemaach gouf. Eng Verschlësselung bei der Iwwerdroung vun den Donnéeën wier néideg. An et misst kloer sinn, wéi a wéini d'Software nees desaktivéiert an desinstalléiert gëtt.

All dës Critèren, déi Abuse solle verhënneren an d’Grondrechter solle schützen, sinn net aus der Loft gegraff. Si sinn och an der europäescher Jurisprudenz, notamment vum Mënscherechtsgeriichtshaff zu Stroossbuerg, erëm ze fannen.

Garantië gehéieren an d'Gesetz

Mee am neie Geheimdéngschtgesetz steet dozou näischt. Dräi Joer no der SREL-Affär, déi mat illegalen Ecouten an enger truquéierter Auer hire Laf geholl hat, vertraut d'Chamber drop, datt de Geheimdéngscht seng technesch Moyenen net mëssbraucht a sech u Reegelen hält, déi net am Gesetz stinn.

Am Rapport vun der Chamberkommissioun heescht et a Reaktioun op de kriteschen Avis vun der CNPD kuerz a knapp, d'Exekutiv misst assuréieren, datt déi technesch Iwwerwaachungsinstrumenter rigoréise Qualitéitsstandarden entspriechen. Ob domadder zum Beispill och gemengt ass, datt de Staat keen Trojaner bei enger Privatfirma dierf kafen, déi esou Software och fir Diktaturen entwéckelt, loossen d'Deputéiert oppen. De Gesetzgeber gëtt domadder seng Responsabilitéit of.

Rhetorik vs. Courage

Grad d'DP an déi Gréng profiléiere sech gären als Parteie mat enger zolitter Grondrechtstraditioun. Mee dovunner ass an den aktuellen Debatten näischt ze spieren: Weder beim Staatstrojaner fir Geheimdéngscht a Justiz, nach bei der Vorratsdatespäicherung oder dem Etat d'Urgence. A vun enger Grondsatzdebatt iwwer Sënn an Zweck vum Staatstrojaner, wéi d'CNPD se an hirem Avis virsiichteg ustéisst, ass ee wäit fort.

Déi blo-rout-gréng Koalitioun ass mam deklaréierten Usproch ugetrueden, d'Land aus enger déiwer rechtsstaatlecher Kris eraus ze féieren. Gëtt d'Geheimdéngschtreform wéi geplangt ugeholl, ass se ee Beispill dofir, datt d'Verspriechen vun engem Neiufank méi mat Rhetorik an Taktik ewéi mat Courage an Iwwerzeegungen ze dinn hat.

Méi zum Thema

Eugène Berger
Eugène Berger

Fir de Staatstrojaner wäert et keen zousätzlechen, gesetzleche Kader ginn, seet den DP-Fraktiounschef. Nieft der Reform vum Geheimdéngscht geet Rieds iwwer de Verfassungsreferendum an d'Staatsscholden.

staatstrojaner.jpg
Digital Iwwerwaachung

De Staatstrojaner kritt mat der SREL-Reform eng legal Basis. Wou d'Spionage-Software hier kënnt a wat genee domadder däerf gemaach ginn, ass net preziséiert. D'Gesetz soll trotzdem gestëmmt ginn.

Programm

  • The Benny Brown Show

  • On air

    Notturno

  • Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

Net verpassen

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen