Radioen

On air

Tockcity  |  Moto Bandit - This Is The Day

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hannert de Kulisse vun de Verhandlungen

Weltklimasommet

Hannert de Kulisse vun de Verhandlungen

Op der Weltklimakonferenz um Bourget zu Paräis, leeft déi Lëtzebuerger Ëmweltministesch, begleet vun enger Delegatioun vun 30 Leit, vu Reunioun zu Reunioun. Bei deene Meetingen ass oft vill Taktgefill gefuerdert.

Pia Oppel / ckl

auto_stories

5 min

D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg mécht e Verhandlungsmarathon

Méindeg, 7. Dezember 2015, hallwer 8 owes. D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an den EU-Klimakommissär Arias Cañete sinn a Verspéidung fir hir nächst Reunioun. Si hate sech ganz spontan mat der chinesescher Delegatioun getraff, an déi Entrevue hat sech an d'Längt gezunn. Et ass haut schonn déi siwent Reunioun fir d'Carole Dieschbourg, mee si war awer néideg. "Wann ee Partner huet, déi net sou flexibel sinn, da muss een sech och mol méi spontan a méi laang gesinn, fir ze kucke wou d'Méiglechkeete leien", sou d'Ëmweltministesch.

Um Programm vun der Ministesch stounge fir den Optakt vun der zweeter a leschter Verhandlungswoch um Bourget zu Paräis ënnert anerem Entrevuë mam UNO-Generalsekretär Ban Ki Moon, mat der Generaldirektesch vum UN-Klimafong Hela Cheikhrouhou, ee Mëttegiesse mam éisterräicheschen Ëmweltminister Andrä Rupprechter, grad wéi en Treffe mat der tierkescher Ëmweltministesch Fatma Güldemet Sari.

 Eco-Systemer an Ego-Systemer

 "Klimawandel huet eppes mat Eco-Systemer ze dinn, d'Klimaverhandlunge mat Ego-Systemer", dat sot déi franséisch Klimadiplomatin Laurence Tubiana d'lescht Woch géigeniwwer der New York Times. Datt dat eigentlecht Zil an der internationaler Klimadiplomatie heinsdo aus dem Fokus geréit, dat stellt och den André Weidenhaupt, héije Beamten am Ëmweltministère, fest: "Et gi Lännervertrieder, déi extrem zynesch sinn an net dozou bäidroen, datt et weider geet". Verschidden Negociateure wiere guer net drun interesséiert, datt d'Verhandlunge weiderkommen, well dann hir eigentlech Roll als Negociateur a Fro gestallt wier.

Treffe mam UNO-Generalsekretär Ban Ki Moon

D'Fransousen, déi dëse Klimasommet als Gastgeber presidéieren, hunn dee Problem fréi erkannt, a mat engem enormen diplomatesche Geschéck dorobber reagéiert, soen déi Lëtzebuerger Vertrieder mat grousser Unerkennung. Wéinst der EU-Semesterpresidence muss awer och Lëtzebuerg selwer um diplomatesche Parquet eng Roll iwwerhuelen.

Zesumme mat der EU-Kommissioun ass ee fir d'Coordinatioun vun der europäescher Positioun an de Klimaverhandlunge responsabel. Am Zentrum vun där Missioun steet d'Sarah Blau. Hir Aarbecht huet scho laang virum Sommet ugefaang. Dobäi ass et drëm gaang, déi europäesch Positioun op engem techneschen Niveau ëmmer méi auszebauen an déi gemeinsam Linn ze preziséieren. "Do wou Problemer waren hu mir misste Léisunge fannen", erkläert d'Sarah Blau.

 30 Leit fir Lëtzebuerg, 40 fir Vanuatu

Déi Lëtzebuerger Delegatioun besteet aus ronn 30 Leit. Dat ass wéinst der EU-Presidence eng vill méi grouss Equipe, wéi soss fir d'Klimasommeten – mee nach ëmmer manner, wéi zum Beispill de klengen Inselstaat Vanuatu am Pazifik (ronn 250.000 Awunner), dee 40 Vertrieder op Paräis geschéckt huet. Lëtzebuerg kann awer zum Beispill duerch seng gutt Kontakter mat Entwécklungslänner an de Verhandlunge Brécke bauen.

D'Geneviève Hengen, Beamtin am Ausseministère erkläert: "De Mëtteg hu mir eng Reunioun mat Nicaragua, e Land dat Member ass vun engem Grupp dee Positioune vertrëtt, déi wäit vun der EU-Positioun ewech sinn. Mee Nicaragua ass och e Partnerland vun der Lëtzebuerger Entwécklungshëllef, dat gëtt eis en Accès zu de Vetrieder vun Nicaragua a eng Chance fir en Dialog".

De Staatssekretär Camille Gira, den EU-Klimakomissär Miguel Arias Cañete an d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg

D'Entrevue mat de Vertrieder aus Nicaragua iwwerhëlt de Staatssekretär am Ëmweltministère Camille Gira, dee mëttlerweil och zu Paräis ukomm ass, als Verstäerkung fir d'Ministesch. Hien weist drop hin, datt dat südamerikanescht Land zwar manner Ambitiounen a Saache Klima huet wéi d'EU, mee datt et awer bei den alternativen Energië wesentlech méi wäit ass wéi Lëtzebuerg. "A Gespréicher mat de Vetrieder vum Land, probéiert ee fir d'éischt mol nozelauschteren, wéi hir Positioune sinn. An da probéiert een natierlech, déi europäesch Positioun duerzeleeën an der Hoffnung si dozou ze bewege fir um Enn vun der Woch hannert engem globalen Ofkommes ze stoen", erkläert de Camille Gira.

"Da stellen déi sech heiansdo domm"

Datt eppes net richteg leeft mierkt een dacks dorunner, datt de Prozess vun eenzelnen Acteuren a Fro gestallt gëtt – oder datt Gespréichspartner sech daf stellen, wann een hinnen erkläert, wéi d'EU sech ee verbindlecht an ambitiéist Klima-Ofkommes virstellt. Den André Weidenhaupt erënnert sech un eng bilateral Reunioun mat Indien, ee Land dat a Saache Klima net mat der EU op enger Linn läit. "Da stellen déi sech heiansdo domm. Also net domm andeems si onhéiflech wieren, mee domm andeems si sou maache wéi wann se eis Positioun net géife verstoen, obwuel si se schonn 20 Mol erkläert kritt hunn. An da muss ee kucke fir op eng klug Manéier weider ze kommen".

Leschte Punkt um Dagesprogramm vun der Ëmweltministesch op dësem 7. Dezember ass een Owesiesse mat hiren Homologen aus der ganzer Welt. Den Dag drop schellt de Wecker rëm um hallwer 6 geet et da weider mam Verhandlungsmarathon.