D'Familljeministerin ënnersträicht, datt d'Reform vum Kannergeld en Element vun engem Gesamtpak wier. Kanner, Elteren an Elengerzéiender géifen doduerch zousätzlech ënnerstëtzt ginn. Als aner Mesuren nennt d'Corinne Cahen: d'Reform vum Congé parental, de Congés extraordinaires wa Kanner krank sinn, déi gratis Kannerbetreiung, déi multilingual Fréihfërderung, d'Steierreform, d'Finanzhëllefe beim Logement an en Adaptatiounsmechanismus, duerch deen all zwee Joer d'Familljenzoulage finanziell un d'Präisentwécklung ugepasst ginn.
Dernieft soll am Hierscht de Projet de loi iwwert d'Reform vum RMG prett sinn, mat deem elengerzéiend Elteren zousätzlech gehollef solle kréien.
Keng automatesch Upassung un d'Präisdeirecht
Den LCGB huet an engem oppene Bréif un d'Deputéiert kritiséiert, datt vill vun deene Mesuren nach net a Kraaft sinn. Dem chrëchtlesche Gewerkschaftsbond no wär d'Reform vum Kannergeld eng reng Spuermesure iwwert déi ëm 25 Milliounen d'Joer agespuert géinge ginn.
Nodeems d'Familljenzoulagen zanter zéng Joer net méi un den Index ugepasst gi sinn, sollen se vun 2018 all zwee Joer adaptéiert ginn. Déi Hausse muss mat de Sozialpartner diskutéiert ginn, an d'Regierung decidéiert dann a wat fir engem Beräich déi Suen agesat ginn.
Firwat gouf keen Automatismus aus der Upassung vun de Familljenzoulagen un d'Präisdeirecht gemaach? "Dat nennt ee Politik maachen", seet d'Corinne Cahen. Sozial Selektivitéit géing net heeschen, datt jiddereen ëmmer méi kritt, mee datt d'Sue cibléiert do agesat géife ginn wou se gebrauch ginn. Der Familljeministerin no misst d'Regierung déi Fräiheet behalen.